Wousst Dir!? Nationalfeierdag

Firwat mir den 23. Juni féieren

An e puer Deeg ass et nees esouwäit. Eisen Nationalfeierdag steet virun der Dier, den 23. Juni ass et nees esouwäit. Duerch d'ganz Land gëtt geféiert an a der Staat geet dat grousst Freedefeieren an't Luucht. Mee firwat féiere mir da grad den 23. Juni?

 

Bei eisen Nopeschlänner ass déi Fro ganz einfach ze beäntweren. Do dréint den Nationalfeierdag ëmmer ronderëm en grouss Ereegnes an der Geschicht.

  • D'Belge féiere mam den 21. Juli; si goufen den 17. Juli 1890 onofhängeg a 4 Deeg (21. Juli) méi spéit huet de Kinnek de Schwuer ob d'Verfassung of geluecht.
  • Bei de Fransousen erënnert de “14 Juillet” un d'Stierme vun der Bastille 1789.
  • Eis däitsch Nopere féiere “Wiedervereinigung” den 3. Oktober an dat eréischt zanter 1990 wou déi deemoleg 2 Länner DDR a BRD sech vereent hunn.

 

Awer wéi ass dat dann elo bei eis?

Mir feieren um Nationalfeierdag dem Groussherzog säi Gebuertsdag. Esou war dat dann och ganz laang Zäit um reelle Gebuertsdag, ugefaange beim Groussherzog Adolph. Deemools gouf de 24. Juli gefeiert. Méi spéit ënnert dem Wilhelm IV war et den 22. Abrëll. Du koum 1913 Groussherzogin Marie-Adélaïde, do gouf de 14. Juni gefeiert. Groussherzogin Charlotte koum 1919 ob den Troun, hire Gebuertsdag war den 23 Januar. Wou en dann och gefeiert gouf bis 1961 entscheet gouf de Gebuertsdag awer e puer Méint méi spéit am Summer ze féieren. E gouf dunn ob den 23. Juni geréckelt.

 

Hire Bouf, de Groussherzog Jean, huet deen Dag bäibehalen. Ëmmerhi war et een Dag viru Jangendag, sengem Namensdag. Mat de Joere hu mir eis dru gewinnt a elo fänke mir de Virowend u mam grousse Fest.

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.