Wat ass Bretzelsonndeg?

Eng Bretzel als Zeeche vun der Léift

Mat eisen Traditioune gëtt et net méi einfach. Elo an der Halschent vun der Faaschtenzäit ass de Bretzelsonndeg drun. Wou kennt en hier? Kee weess et an et loossen sech keng Quellen opdreiwen déi de Brauch erklären. Awer wichteg ass en! Et gëtt ëmmerhin eppes ze jicken.

 

Awer et mengt een ob mannst ze wësse wou den Numm hier kennt. Den Numm besteet jo aus zwee Deeler: Bretzel a Sonndeg. Den Numm Bretzel kennt vum laténgesche Wuert brachium an dat heescht Aarm. A wann e sech d'Form vun der Bretzel ukuckt erënnert et u virum Kierper gekräizten Äerm. De Sonndeg ass jo dann och schnell erkläert. Et handelt sech ëm en Sonndeg an zwar den drëtte Sonndeg an der Faaschtenzäit.

 

Wat ass elo Extraes ze maachen um Bretzelsonndeg?

Bal ëmmer verschenkt de Bouf senger Flam um Bretzelsonndeg eng grouss séiss Bretzel fir seng Léift ze weisen. Dobäi ass et ëmmer gutt wann Bretzel méi séiss a méi grouss ass. D'Meedche schenkt him da fir Ouschteren e grousst schockelas Ee oder... Fréier gouf et de Brauch datt d'Meedchen sech entscheede konnt ob et dem Bouf en Ee oder en Kuerf schenkt. Mam Ee huet hat him dann och seng Léift gewisen. Mam Kuerf; do krut de Bouf dann de Kuerf. Dat hat dann och déi selwecht Bedeitung wéi mir Haut et nach soen: de Kuerf kréien, also de Lafpass kréien.

 

Just an engem  Schaltjoer ass dat Ganzt dann ëmgedréint. Da verschenken d’Meedercher um Bretzelsonndeg d'Bretzel a kréie fir Ouschteren dann hiert Ee oder eben och de Kuerf.

 

Bretzelsonndeg ass also einfach e grousst Zeeche vu Léift!

 

D'Rezept fir d'Bretzel fir ärt Léifsten selwer ze baacke fannt dir hei.

 

Méi zu anere Lëtzebuerger Traditiounen:

  • Buergbrennen: Firwat verbrennt all Duerf seng Buerg? Ass et just fir de Wanter hannert sech ze loossen an d'Fréijoer wëllkomm ze heeschen, oder stécht do méi dohannert?
  • Fuesent: Fuesent gëtt jo net nëmmen zu Lëtzebuerg geféiert ma och z.B. an Däitschland oder souguer um Cap Vert. Firwat dat!? Hei fannt dir méi dozou

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.