Wanderen zu Cinque Terre

Ech gleewen et kaum. Virun 3 Stonne ware mir nach an dem hekteschen, total iwwerfëlltem Milano an elo geet d’ Dier vum Zuch op an direkt schalt de Kierper mat allen Sënnen op Vakanz. D’Sonn schéint agreabel op eis Haut, et héiert een dat typescht Zirpen an de Geroch deen der an d’ Nues kennt, seet der: du bass am Süden. Fir méi genau ze sinn, mir sinn zu Levanto an Italien.

Virun eis leie 45 km an 2.500 Heischtemeter vu Levanto op Porto Venere queesch duerch den Nationalpark vu Cinque Terre an dat ganzt mat eise Gepäck um Réck.  Fir dat der iech virstelle kennt wou mer genau sinn: den Nationalpark Cinque Terre leit a Ligurien, tëschent Genua a Florenz an de Wanderwee gehéiert zu de 25 schéinsten op der Welt. De Park sëlwer ëmfaasst 5 Dierfer an zwar Monterosso al Mare, Vernazza, Corniglia, Manarolo a Riomaggiore, dohier och den Numm 5 Terre. Ech invitéieren Iech mat eis op des Rees ze kommen a mat eis de Wee ze erliewen.

No engem relaxem Owend, mat enger éischter obligatorescher original  italienescher Pizza, ginn mer den Dag drop,  frei moies den éischten Deel un: 15 km an en bësse méi wei 800 Héischtenmeter vu Levanto op Vernazza stinn um Programm.

No 300m dann déi éischt Erkenntnis déi eis déi nächst 3 Deeg begleede wäert: hei geet et oft biergop, oft biergof mee seele riicht aus. No der éischter Montée iwwer stenge Weeër hunn mer eng fantastesch Vuë. No hanne gesi mer erof op Levanto a no vir gesi mer lenks Bëscher aus Olivebeem an dichte gréngen Hecken a riets dat azurbloot Mier. En Gefill déifster Zefriddenheet stëllt sech direkt bei mir an.

Mir trëppele weider iwwer kleng stenge Weeër bis op Riomaggiore.  Ënnerwee wonnere mer eis wei roueg et ass. Mir begéinen nach zwou kleng Gruppe vu Wanderer, fir dee Rescht si mir eleng mat eis, eise Gedanken an där Vue op d’ Mier déi dech no all Kéier déi de Wee mécht op neits an de Bann zitt an der den Otem hellt. 

Zu Monterosso ukomm maache mer eis Paus direkt op de Fielse beim Mier. Frësch waarm Foccacia, en Stéck italienesche Kéis an eng kal Viva déi ech nach am Rucksak hat, maachen des Moolzecht zu engem Festiessen.

Am Zentrum vu Monterosso ännert sech d Bild komplett. Hei si Masse vun Dagestouristen am Zentrum. Munche vun hinnen traut sech och op d’ Streck Monterosso – Vernazza. Mir kennen et kaum gleewen: Leit mat Flipflops un de Féiss, Leit mat liichte Summer Kleeder a Leit déi sech komplett iwwerschätze maachen sech hei op de Wee. Dësen Deel vum Wee op Vernazza war richteg ustrengend. Deels ass de Wee en besseren Trampelpfad anmir musse permanent Leit ausweechen déi kaum nach weider komme well hier Schong net fir dësen Terrain gëeegent sinn. Och begéine mir vill Leit déi um Enn vun hire Kraaft si mee leider bleiwen och verletze Leit net aus. Vun liichte Verstauchunge bis engem Kreeslaafschock gesi mir alles. Verstitt mech net falsch, ech wëll iech keng Angscht maachen, mee eng gutt Preparatioun an adequat Material si fir mech selbstverständlech bevir ech op esou en Tripp ginn.

Ukomm zu Vernazza gi mir entschiedegt fir déi Strapazen um Wee. No enger Kéier hunn mer eng fantastesch Vue erof op Vernazza. Mir trëppele staunend bis an den Zentrum vu Vernazza vu mir de Schlëssel fir eist Appartement fir des Nuecht kréien. No enger Dusch an en bësse rou huele mir den Apero um Hafe vu Vernazza. Mir sëtzen um Quai a genéissen eisen Apéro wärend d’Welle géint d’Fielse schloen an d’ Sonn lues am Mier ënnergeet. En perfekten Ofschloss vum éischten Dag. 

Moies frei, no engem perfekten italienesche Cappucino an enger leckerer brioche maache mir eis op de Wee a Richtung Riomaggioreden Ziel vun Haut. Meter fir Meter schrauft sech de Wee an d Hiwwelen erop. De Wee feiert laang duerch Bëscher an den Doft vu Pinien- an Zypresse Beem ass eise Begleeder. Och den Undrang um Wee léist erëm no. De Bësch loosse mer kuerz hannert Corniglia  hannert eis a wanderen duerch Wéngerte weider bis op Volastra.

Am Schied vun der Duerfkierch maache mer mat anere Wanderer Mëttespaus. Um Wee hunn mer déi meescht vun hinne kenne geléiert, en puer Wuert matenee geschwat a sinn och en puer km zesumme getrëppelt.  Mir hunn Éisträicher, Amerikaner, Däitscher, Fransousen..... an nach vill Leit méi aus allen ecken vun der Welt kenne geleiert. Eis all verbënnt dëse Wee an d ‘Léift zur Natur. No enger klenger Rascht, enger Stäerkung an äiskalem  frësche Waasser aus dem ëffentleche Krunn geet et weider duerch Wäibierger bis op Riomaggiore.

Riomaggioreass eng léif kleng Hafestad mat ville gudde Restauranten. Gutt gestäerkt fale mer an d’ Bett an huelen den Dag drop déi lescht Etapp an Ugrëff. Vun Riomaggioreop Porto Venere. Wéi ëmmer geet et awer als éischt emol biergop. Mir trëppelen op engem ale Pilgerwee bis mer bei enger Abtei ukommen déi  op engem Plateau iwwert dem Mier trount. D‘Vuë ass ëmwerfend a mir huelen eis genuch Zäit se ze genéissen.

Duerch Bëscher geet et bis op Campiglia engem klengen Duerf, wou mir eis Mëttespaus ageplangt hunn. Wéi mir duerch d’ Duerf trëppelen komme mer laanscht en Café deen, zu eisem Erstaunen,  8 Hängematten am Gaart hänken huet. Mir loossen eis net laang fléiwen an  des Mëttespaus gëtt de Kaffi an d’ Iessen a leie konsuméiert.

Frësch gestäerkt huele mer de leschten Deel vum Wee an Ugrëff. Obwuel Wee ass hei net méi dat richtegt Wuert, well deelweis musse mer iwwer Fielse klotere wat mat 12kg Gepäck um Réck net sou einfach ass. Ëmmer erëm hunn mer grandios Vuen déi eis fir all Schweessdrëps an  all Péng entschiedegen.

No enger laanger Kéier gesi mer se dann. Dat klengt Duerf Porto Venere mat  senger mëttelalterlecher Festung an dem klengen Hafen. Am Hannergrond  gesäit een d'Stad La Spezia. Mir kraxelen erof a Richtung Duerfkär an ëmmer méi kennt en Héischgefill op. Et ass gepackt. No 3 wonnerschéinen an ustrengenden Deeg si mer um Ziel.  

Mir loossen den Owend am engem fantastesche Restaurant auskléngen a sinn iwwerwältegt vun den Andréck vun deene leschten Deeg.

Den Dag drop genéisse mer e klenge Spadséiergang iwwer d’ Insel “Parco Naturaledi Porto Venere” ier mer eis, voller néier Impressiounen, op den Heemwee maachen.

PS: Fir Detailer vun dëser Rees ze kréien, zeckt net mech iwwer Facebook ze kontaktéieren.