Walfer Bicherdeeg 2017

Leschten Weekend war zu Walfer ganz an Zeechen vum Buch gestallt mat der 23. Editioun vun den Walfer Bicherdeeg.
 

An dat huet en Donneschdeg mat dem Buchpräis 2017 ugefaange. Eng Jury vun 6 Leit hat déi schwéier Aufgab aus enger Réi usprochsvollen, villfältegen Publikatiounen den jeeweilegen Gewënner erauszesichen.

Dëst waren an den Kategorien :

Kannerbuch den Roland Meyer mat TelMo
Literatur den Charel Meder mat Aname
Themenbicher d´Frédérique Buck mat I am not a refugee wéi och den Philippe Stachowski mat Le pays des trois frontières.

Vir d'éischt dëst Joer huet Jury och en Buchdesign Preis verginn an dat goung un D´Linn Lynn vum Luc Marteling vir eng flott Optik an Haptik. 

An en Sonderpreis goung un Nora Wagner vir Larven an den Publikumspräis gung un I am not a refugee vum Frédérique Buck

De Programm vum Samschdeg an Sonndeg huet kee Wonsch oppen gelooss. Mat  Liesungen vir déi Grouss an vir déi Kleng woussten d Auteuren hiren Publikum ze begeeschteren.Workshopen an Ateliere hunn den Visiteuren eng méi praktesch Approche mat op de Wee ginn. An den Serge Tonar et Legotrip, Spack-O-Mat wéi och Dreamcatchers hunn dat ganzt musikalesch encadréiert.

E puer photograpesch Andréck konnt ech Iech dann heimat och matbréngen.

Dësen Weekend huet op alle Fall nees emol gewisen dat Buch nach laang nit dout ass, wei et esou oft heescht. Begeeschterung ass nach ëmmer do, bei grouss wei och bei kleng. Et gëllt ëmmer nees dëst ze fërderen an och ze fërderen. Initiativen ze huelen vir Buch ze erhalen an och all deenen déi dru schaffen, de Respekt entgéintzebrengen deen si verdéngt hunn. Well eng Welt ouni Bicher ass eng traureg Welt !


Abee ech freeën mech op déi nächst Editioun an wënschen Iech all eng gutt Woch.
 

 

Dir fannt weider Andréck an Buch Tipps vum Martine op senger Facebook Page. 

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende