Waassermeloun Limonade & Cocktail

Erfrëschung puer

Obschonn d’Wieder de Moment zu Lëtzebuerg e bëssche verréckt spillt an et vu waarm op dompeg op plätschnaass wiesselt, steet de Summer dach virun der Dier.

Déi lescht Woch hat ech Frëndinnen op e gemittlechen Owend invitéiert awer ech wollt net einfach eng Coupe oder e Glas Rosé ubidden. Well ech awer net erëm extra wollt akafe fueren hunn ech mech doheem ëmgekuckt an iwwerluecht mat wat ech dann elo eppes erfrëschendes fir ze drénke kéint zauberen.

Gutt dass ech nach eng grouss Waassermeloun do leien hat ! No enger kuerzer Inspiratiounsronn op Pinterest hunn ech meng Waassermeloun geholl, d’Fleesch erausgeschnidden an a mäin Blender (Standmixer) gehäit. 2 Minutte gemixed an d’Resultat kuerz bis an de Frigo gestalt.

Iwwerdeems hunn ech de Jus vun zwou Zitroune mat 50 Gramm brongem Zocker opgekacht an och op d’Säit gestallt fir ofzekillen.

Wat feelt elo nach ? Eng kill Fläsch Rosport Blue, e bëssen Eis a fir déi déi wëllen och Wodka.

Elo hutt der 2 Méiglechkeeten :

  1. Dir huelt e Waasserkrou anschëtt är Zocker-Zitroun Mëschung a ¾ vun der Rosport Blue (jee nodeem wéi séiss dir et wëllt a wéi grouss äre Krou ass) mam Püree vun der Waassermeloun zesummen a maacht äert Eis an de Vodka (och hei ginn ech elo keng genau Ugabe – well mam Wodka ass et eng Affär de Goût wéi vill ee well dra maachen… mäin Tipp : fänkt lues un a schmaacht well weider dobäi maache geet bekanntlech ëmmer ;) ). Dono kënnt dir et dann um Dësch a Glieser zerwéieren. 
     
  2. Déi Optioun déi ech gewielt hunn : Huelt är Glieser, maacht 2 Zoppeläffelen Zocker-Zitroun Mëschung dran an duerno loost der är Gäscht de Recht maachen. Jidderee kann sech dann esouvill Waassermeloun, Waasser an och Wodka dra maache wéi en well ! Vergiest och d’Eis net fir déi extra Erfrëschung um waarme Summerdag.

Dir gesitt, d'Rezept ass kannerliicht a fäert wierklech net bëssen auszeteste wann dir et zum Beispill méi oder manner séiss gären hutt (einfach méi oder manner Zocker Zitroun Mëschung dra maachen). Wann dir d'Limonade oder de Cocktail léiwer net spruddeleg hätt kennt dir natierlech de Rosport Blue duerch Viva ersetzen :)

About the author

Claude Marx

Former blogger at Imaginetheswallows.com and Masters graduate in Multilingual Communication, Claude turned her passion for Social Media into her full time job and is now working as freelance Social Media Manager and Content Creator, helping companies build their online presence. In her free time she loves to cook, discover new recipes and create her own. Also she loves to read, travel and watch series.