Vältesdag

Den Dag vun der Léift

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

De 14. Februar feiere mir traditionell Vältesdag, och Valentinsdag genannt. Vältesdag ass den Dag vun der Léift.

Et gëtt gesot, dësen Dag wier pure Marketing vun de Blummebutteker an de Knipperchershiersteller.

Vältesdag: D’Geschicht

De Vältesdag kënnt vum Bëschof Valentin vun Terni an Umbrien. De Bëschof Valentin huet am drëtte Joerhonnert no Christus gelieft . Hie war e begeeschterte Gäertner an huet de verléifte Koppelen, déi laanscht de Klouschtergaart goungen, eng Blumm geschenkt. Hie soll och Verléifter chrëschtlech bestuet hunn. Dat huet dem deemolege Keeser Claudius net gefall. Hien huet dichteg Zaldote gebraucht, a keng trei bestuete Männer.  Dofir huet de Bëschof misse stierwen, anscheinend de 14. Februar 269.

Vältesdag: Kitsch ass erlaabt

D’Häre solle sech dësen Dag déck am Kalenner usträichen. Si sollen en net vergiessen. Hir Damme freeë sech iwwer Blummen a Knippercher, awer och Parfum a kitscheg Plüschdéiere si ganz beléift. Eng gutt Iddi ass och zesummen an de Restaurant iesse goen. Beim Aperitif kann een da ganz romantesch mat enger Kippche Schampes op d’Léift prosten.

D‘Fraen dierfen de Männer fir Vältesdag och e Kaddo maachen. Och hei ass et dacks eppes Séisses, oder e gudde Parfum.  

Op Vältesdag engem seng Léift gestoen?

De 14. Februar weist op alle Fall, ob een engem eppes bedeit. Méi nach, duerch e klenge Geste kann aus enger heemlecher Schwäermerei méi ginn – well wat ass méi eendeiteg wéi e Bouquet rout Rousen?

Hei gëtt den Dag eréischt zënter dem Enn vum zweete Weltkrich gefeiert. Blumme sinn de beléifste Kaddo.

Vältesdag ronderëm d‘Welt

Net nëmmen hei gëtt de Vältesdag gefeiert.

Japan: A Japan beschenken de 14. Februar d‘Fraen hir Männer, männlech Kolleegen a Cheffe mat Schockela. Dofir kréie si de 14. Mäerz, um White Day, wäisse Schockela geschenkt.

Saudi-Arabien: A streng muslimesche Länner wéi Saudi-Arabien ass de Vältesdag verbueden.

Finnland: Och an Europa hu sech eegen Traditiounen entwéckelt. A Finnland ass de Vältesdag e Frëndschaftsdag.

China: Mëttlerweil feieren och d‘Chinesen de Vältesdag. Besonnesch déi Jonk beschenke sech a feieren.

England: Koppele beschenke sech no aler Traditioun an England géigesäiteg mat Gedichter a Blummen.

Amerika: Englesch Auswanderer hunn d‘Traditioun vum Vältesdag mat an Amerika geholl. Am léifste ginn an Amerika Kaarten oder Séissegkeete verschéckt.


 

Vocabulary:

Léift (f) = love 

Blummebutteker (pl) = flower shops

Knipperchershiersteller (m)= chocolate makers             

Bëschof (m) = bishop

begeeschtert (adj) = avid                                              

Gäertner (m) = gardener

verléift  (adj.) = in love                                                  

Koppelen (pl) = couples

Klouschtergaart (m) = garden of the monastery             

bestuet (adj) = married

Keeser  (m) = emperor                                                   

gefall (p.p. – verb: gefalen) = to please

dichteg (adj) = brave                                                       

Zaldoten (pl) = soldiers

trei (adj) = faithful                                                           

Kitsch (m) = kitsch

usträichen (verb) = mark                                               

Plüschdéieren (pl) = plush toy

Iddi (f) = idea                                                                   

Kippche Schampes (f) = a glass of bubbles

prosten (verb) = to toast                                                 

gestoen (verb) = confess

weist (verb: weisen) = show                                          

bedeit (verb: bedeiten) = mean

heemlech (adj)= secret                                                 

Schwäermerei (f) = enthusiasm, puppy love

eendeiteg (adj) = clearly                                                 

Bouquet (m) = bunch

rout Rousen (pl) = red roses                                          

zweete Weltkrich (m) = second world war

beléifst = the most popular                                           

ronderëm d’Welt = around the world

verbueden = forbidden                                                 

eegen (adj) = own

Frëndschaftsdag (m) = day of friendship                      

géigesäiteg (adj) = mutual

About the author

Tania Hoffmann
Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.