Urban Sketchers Lëtzebuerg

Mir weisen d’Welt, Zeechnung fir Zeechnung

Urban Sketcher fënnt e net ob all Eck, awer se liewen ob der ganzer Welt. An och bei eis am Land sinn der e puer. Ech hu mech mat der Lëtzebuerger Grupp um Lampertsbierg getraff. All éischte Sonndeg vum Mount treffen si sech fir zesummen dobaussen ze zeechnen, ze molen an ze diskutéieren.

 

Des Kéier war den Treffpunkt um Lampertsbierg. No enger kuerzer häerzlecher Begréissung goung et dunn och direkt ob den Niklos-Kierfecht den am November kuerz no Allerhellege ganz besonnesch ass. Jidderee huet sech en Motiv gesicht a huet ugefaangen eng Kopie ob säi Block oder Skizzebuch ze bréngen. Trotz der batterer Keelt huet jidderee eng gutt Stonn u senge Wierker geschafft.

 

D’Resultat waren eng flott Panoplie vu Skizzen déi mat ganz ënnerschiddlechen Technike realiséiert goufen.

 

Uschléissend gouf nach fläisseg, an engem Bistro, bei enger waarmer Taass Téi weidergezeechent an Erfahrungen, Tricken an Tipps ausgetosch.

 

En Urban Sketcher fënnt ëmmer an iwwerall en interessante Sujet fir a säi Skizzebuch. Déi éischt Urban Sketcher Initiativ koum vu Seattle, wou dem Gabriel Campanario d’Iddie koum Skizzen aus senge Skizzebicher duerch déi néi Medien an d’Welt ze droen. Schnell koum et zu méi Gruppen a méi Länner. Esou ass eng weltwäit Gemeinschaft gewuess, déi all nom selwechte Motto schaffen, dem Urban Sketcher séi Manifest. Iergendwann gouf et och den éischte Grupp zu Lëtzebuerg.

 

Haut gëtt de Grupp zum Groussdeel vum Béliza animéiert. Fir all éischte Sonndeg vum Mount luet hatt d’Léit fir 2 Auer ob eng Plaz an. Um Blog vun de Lëtzebuerger Urban Sketchers ginn ëmmer déi lëschten Detailer.

 

Extra Missioun

Béliza engagéiert sech net nëmmen hei zu Lëtzebuerg. Hat ass e vu weltwäit ganz wéinege “Correspondants”, déi den internationale Blog vun den Urban Sketcher um Liewen halen.

 

Matmaachen

Matmaachen dierf jidderee an et kascht guer näischt ausser e bësschen Zäit.

 

Méi Informatiounen

Méi Informatiounen a Biller ginn et um Blog vun den Urban Sketchers Luxembourg an um Site vun den Urban Sketchers Worldwide

 

Manifest vun den Urban Sketchers

D’Bewegung vun den Urban Sketchers erkläert hier Iddien an Zieler an engem kuerze Manifest:

  1. Wir zeichnen vor Ort, drinnen oder draußen, nach direkter Beobachtung.
  2. Unsere Zeichnungen erzählen die Geschichte unserer Umgebung, der Orte, an denen wir leben oder zu denen wir reisen.
  3. Unsere Zeichnungen sind eine Aufzeichnung der Zeit und des Ortes.
  4. Wir bezeugen unsere Umwelt wahrhaftig.
  5. Wir benutzen alle Arten von Medien.
  6. Wir unterstützen einander und zeichnen zusammen.
  7. Wir veröffentlichen unsere Zeichnungen online.
  8. Wir zeigen die Welt, Zeichnung für Zeichnung.

 

 

Hei sinn nach e puer méi Iddie wéi dir iech d'Wanterzäit verséisse kënnt:

 

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.