Familljefrëndlechen Trëppelwee ronderëm Kielen

-

Den Indian Summer geet dem Enn zou, d'Blieder fale vun de Beem a lues awer sécher gëtt et méi kill. Wat gëtt et do méi schéings wéi en schéine Spadséiergang mat der ganzer Famill an der Natur fir duerno doheem ee gudde waarme Schocki virum Kamäi genéissen ze kënnen.

Haut huelen ech Iech  op ee klengen, 9km laangen, Trëppelwee ronderëm Kielen mat. 

Kielen ass eng léif kleng Uertschaft tëscht Miersch a Capellen an duerch seng zentral Lag gutt ze erreechen. Direkt op der Haaptstrooss vis-à-vis vun der Gemeng kenne mer eisen Auto um Parking stoe loossen. Ab hei gi mir de bloe Feiler vum offiziellen, excellent ausgeschëlderten, Trëppelwee no.

Mir ginn en kuerzt Stéck duerch d'Duerf an déi éischt kleng Montée këddelt en bëssen an de Wueden. Ukomm op de Koppen trëppele mir op engem Feldwee a Richtung Bësch. Eng kleng Kapell aus alen Zäite mat engem risegen ale Bam virdru leit hei wonnerschéin op der Kopp. Mir ginn dësemm Feldwee weider no an no kuerzer Streck erreeche mer de Bësch.

Kuerz virum Bësch steet eng gutt gemaachten Infotafel déi eis iwwert historesch Fakten aus der Géigend informéiert. Et wäert net déi lescht Infotafel gewiescht sinn. Op dësem Tour gi mir méi gewuer iwwert Steenzäitmënschen a wéi d'Leit fréier gepilgert sinn. D'Tafele si mat flotte Fotoen illustréiert an de Kanner hirer Fantasie si keng Grenze gesat...

Ab elo wiesselt sech Bëschwee mat Feldwee of. Et ass en schéinen, oppenen an helle Bësch duerch dee mer hei ginn a wien weess, vläicht hutt der jo sou vill Chance wéi ech, an dir gesitt en puer Réi iwwert de Wee sprangen. Heiansdo gi mer och duerch en klengen Deel däischteren Dännebësch. Wann d'Sonn den Ausgang hell beliicht da kennt eng Stëmmung op déi net ze beschreiwen ass.

Et geet elo am liichte biergof a Richtung Briddel. Ennen am Dall drécke Quellen aus dem Bueden an op verschidde Platze kann een dem glaskloren Waasser nokucke wéi et mat engem melodiéisem Plättchere kuerz Dagesliicht gesäit ier et erëm am Buedem versickert. Duerno  dréint de Wee an en entscheet sech eis an an enger Schlauf erëm biergop a Richtung Kielen ze schécken.

D'Blieder déi vun de Beem gefall si bedecken de Buedem a loossen en an de schéinsten Hierschtfaarwe liichten. Duerch dës Blieder déi bei all Schratt raschele, gi mer weider iwwert de kaum befuerene Feldwee an erreeche erëm déi éischt Haiser vu Kielen. Ab elo geet et steteg erof a Richtung Parkplaz.

Den Auto am Bléck geet et elo séier well  doheem do waart jo schliisslech ee Kaméinfeier an ee waarme Schocki. :)