Gedicht: Tëschent den Zeilen

 

Tëschent den Zeile steet däi Numm

Et bedeit dass ech dech gären hunn

All Wuert wat ech dir net schreiwen

Wëll just a mengem Häerze bleiwen

 

Dertëschent steet alles geschriwwen

Et ass mir näischt anescht iwwreg bliwwen

Well s du mech ouni Wierder verstees

An tëschent den Zeile mat mir gees

 

Wei All déi nach net erliefte Stonnen

Déi drop waarde bei eis ze kommen

Fir all Loscht mateneen ze deelen

Wéi vill Kusse kënne Wonnen heelen

 

An alles wat zwëschen den Zeile steet

Ass d’Wourecht déi mäin Häerz mir seet

Ech kann et guer net iwwerdreiwen

Wann ech dir tëschent den Zeile schreiwen

 

© De Poet

Weider Gedichter vum Roger: 

Das Kissen 

An meinem Ort

D’Käerzen si kaaft

About the author

Roger Peiffer
Roger Peiffer

Geschriwwen hunn ech eigentlech nach ëmmer. Säit 2012 allerdéngs vill méi intensiv. 2014 sinn ech op de Wee gaangen e puer vu menge Wierker op menger Facebook-Säit „De Poet“ ze verëffentlechen. No dem groussen Zousproch vun der Säit hunn ech 2015 mäin éischt Buch “Das Unikat und 100 gefühlte Gedichte” an Eegeninitiativ beim BoD Verlag an enger Oplag vu 500 Bicher drécke gelooss. Schonns no kuerzem war d’Buch ausverkaaft, ass awer nach online, notamment als E-Book ze kréien. 3 nei Bicher si schonns fäerdeg a wäerten deemnächst verëffentlecht ginn.