Temoignage vun engem Bluttspender

D’Elixir vum Liewen - Bluttspenden

E Bréif vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ass nees a meng Bréifboîte geflattert. Et ass nees esouwäit: Ech dierf Blutt spende goen. Als Bluttspender gëtt een e puer Mol am Joer vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ugeschriwwen. An da dierf een nees goen. Ma wat geschitt genau bei der Bluttspend?

 

Als Bluttspender fëllen ech all Kéiers en klenge Questionnaire aus. Dat kann een ob der Plaz selwer maachen oder sech awer schonn doheem de Questionnaire eroflueden an dann ausfëllen. Dat fannen ech méi einfach. A schonns geet et an de Bluttspendezenter, de “Centre de Transfusion Sanguine”. Uerschter d’Land ginn et eng Rëtsch vu Bluttspendezentren. Deen gréissten ass an der Stad an huet all Dag op. D’Zentre soss am Land si verschidden Deeg ob, hei leeft et awer praktesch genee selwecht of, just am méi Klengen.

 

Am Bluttspendezenter ukommen, mëllen ech mech als éischt am Accueil a ginn dann nach kuerz an d’Salle d’Attente. No kuerzem kennt eng Infirmiere mech sichen a mir ginn zesummen de Questionnaire duerch deen ech schonn am Virfeld ausgefëllt hunn. Da kontrolléiert si nach emol de Bluttdrock. Deen ass och an der Réi. An da geet et och scho weider.

 

Ech leeë mech ob eng bequem Brëtsch. Nach emol ginn ech gefrot wien ech sinn a da geet et och scho lass: desinfizéieren, Oder sichen an da gëtt gedickst. Awer ech sinn all Kéiers iwwerrascht; et deet ni wéi! Hei kann ee soen: “Übung macht den Meister...”. An elo heescht et just nach e puer Minutte waarden. Mäi Blutt leeft an en Baxter a gëtt gerëselt. Mee firwat? Firwat gëtt mäi Blutt gerëselt? Wou ech esou do léien an doriwwer nodenken, fale mir lauter weider Froen an. Wéi zum Beispill: Wat geschitt mam Blutt? Wéi vill gëtt gebraucht? A Villes méi geet mir duerch de Kapp.

 

D’Lëtzebuerger Rout Kräiz sinn déi eenzeg déi eis Blutt-Réservë fir ganz Lëtzebuerg geréieren. An et ginn 100 bis 110 Spender den Dag gebraucht. Dat ass eng ganz Hickecht. Blutt ass nämlech immens komplex a kann net einfach an engem Labo gemixt ginn. All Spent gëtt och kontrolléiert a da ginn déi 3 grouss Bestanddeeler, déi rout Blutt-Kierpercher, de Plasma an d’Plaquetten, getrennt. Esou kann ee mat enger Spent dräi verschiddene Persounen hëllefen. Jidderee kritt just dat wat e braucht. A wann een alles brauch, da kritt een haalt alles.

 

Déi ganz Kontrollen sinn do fir de Spender an de Empfänger esou gutt wéi méiglech ze protegéieren. Et soll kengem e Leed geschéien. An och eréischt nodeems alles kontrolléiert gouf ginn d’Bluttkonserve bei de Patient bruecht.

 

Nodeems ech mat menger klenger Spent fäerdeg sinn – et gëtt manner wéi en hallwe Liter ofgeholl – geet et nach an ‘t Cafeteria vum Centre de Transfusion Sanguine. Eppes drénken, eppes Klenges iessen a da kann ech mech erëm op de Wee maachen. Just an den nächste Stonnen an Deeg loossen ech iwwerméisseg Ustrengungen aus. De Kierper muss den hallwe Liter jo nees opschaffen.

 

Wien awer braucht dat ganzt Blutt? De gudden Deel gëtt an der Therapie vu Kriibskranke gebraucht. An och ganz vill aner krank Leit iwwerliewe just duerch dësen Elixir vum Liewen.

 

Mat deem gudde Gefill, eppes Guddes gemaach ze hunn, ginn ech dann Heem.

 

A jo, do war jo nach déi alleréischt Fro: Firwat gëtt Blutt beim Ofhuele gerëselt. Am Baxter, an deen d'Blutt leeft, ass e Mëttel géint Gerënnen dran.

 

Photos:  © Claude Welter / Croix-Rouge luxembourgeoise

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.