GARDEN ROUTE A SÜDAFRIKA

Vu Kapstadt op Plettenberg

Et geet weider op eiser Rees duer Südafrika, sidd Dir prett? :) Haut verloosse mir Kapstadt fir eis nächst 2 Nuechten zu Franschhoek ze verbréngen.

Mir starten am fréie Mueren zu Kapstadt fir, um Wee op Franschhoek, nach een Tëschestopp um Bloubergstrand ze maachen, an do matten op der Plage fir Mëtteg ze iessen. D’Vue op den Tafelbierg ass dramhaft. Dëse Strand ass net just extrem beléift fir de Sonnenënnergang Owes ze genéissen (et ass bei Sonnenënnergang eng vun deene schéinste Plazen déi ech bis elo erlieft hunn) ma en ass et och bei Adrenalin Junkies well et ee vun deenen 3 beschte Kitesurf Spots um Globus ass. Gigantesch Welle katapultéiere Surfer an de déifbloen Himmel.

Nomëttes geet et dann effektiv weider, an no annerhallwer Stonn komme mir an de Wäibierger zu Franschhoek un. Wann Dir eng Südafrika Rees mat der Gardenroute plangt, ass et extrem wichteg fir Franschhoek Äre Logement ewéi och Ären Dësch an de Restaurante oder de Wine Tasting laang am Viraus ze buchen…et ass eng ganz beléiften Destinatioun.

Mäin Hoteltipp zu Franschhoek ass den Le Franschhoek deen immense léif kleng Chaumièrë mat wonnerschéiner Vue op d’Wäibierger ubitt.

Meng Tipps fir Restauranten :

  • Haute Cabrière Cellar restaurant,
  • Reuben’s Restaurant and Bar.
  • Foliage Nummer (restaurant ad foliage.co.za) 
  • Breat & Wine Vineyard (klengen Extra-Tipp: dem Neil seng Fra gett Bread-making courses mat Wain a vill Lachen) (breadandwinead moreson.co.za 

Hei kënnt Dir och de klenge bekannte Wäinzichelchen huelen, deen een Tour vun engem Wäinhaff zum nächste mëscht. Et ass eng wonnerbar Experienz!

No 2 Deeg, 2 Nuechten zu Franschhoek geet et, mat engem Stopp zu Stellenbosch an eventuell zu Hermanus, weider op der Gardenroute bis op Wilderness.

Stellenbosch, déi renomméiert Universitéitsstad läit, ewéi Franschhoek och, an engem herrleche Wäibaugebitt. Mat sengen immens flotte kaphollännesche Gebaier am Duerfkär em d’Braak a lanscht Dorp Street, gehéiert dës faarweg kleng Stad zu deene schéinsten a beschterhalene Stied a Südafrika.D‘Stellenbosch Wainroute, déi eelste Wainroute vu Südafrika existéiert zanter de 70er Joren a féiert bis an 148 Waingidder!

En klengen Ofstiecher erof op Hermanus ass och der Wäert. Tëscht Juni an November gesäit een hei eng grouss Unzuel un Waler, dofir gëtt d‘Stad och oft als Walhaaptstad vun der Welt bezeechent.

Dann hutt dir de Choix: entweder dir fuert +- 300km wieder op Mosselbaai, oder dir hänkt nach eemol 60 km drun a sidd zu Wilderness. Ech verspriechen Iech, hei wéilt Dir am Léifste guer net méi fort.

Zu Wildernesss selwer kann ech Iech Dune Lodge Guest House beim Wilma urode fir 2 Nuechten ze verbréngen. Meng léifsten Zëmmere sinn The White Room oder The Africa Room! Dat ganzt Haus as en Dram, een Hafe vu Rou! Et läit direkt um Strand wou Dir kilometerlaang kennt spadséiere goen. Mee och hei, bucht onbedéngt laang am Virraus, soss kritt dir keng Plaz.

Hei hunn ech och 2 Restaurante ze recommandéieren:

De Salinas an de Serendipity. De Salinas läit op d’Mier hin an huet eng variéiert Menüskaart. De Serendipity as e Gourmet vum Feinsten. Den Apero drénkt dir op der Terrass a bewonnert de Sonnenënnergang wärend Dir de Waasservillercher nolauschtere kënnt.

Schwéieren Häerzens verloose mir no 2 Deeg Wilderness a fueren 70 km weider op der Gardenroute Richtung Plettenberg Bay.  

De Wee féiert onweigerlech iwwert Knysna, wou mer eng kleng Paus anleen. D'Stad ass ëmgi vun der Lagun (wou Salz- a Séisswaasser anenee verschmëlzen) a vun deem gréisste verbleiwenden Urwaldgebitt a Südafrika. Knysna ass awer och duerch seng Hafenafart vun bekannt, déi geféierlechst op der Welt.  

Zu Knysna, roden ech Iech als éischt op Thesen Island  ze fueren an do eng Paus am Turbine Boutique Hotel op der Terrass ze maache vu wou aus Dir eng schéi Vue op d’Marina hutt. Duerno weider d‘Heads erop an zum Ofschloss ee klengen Tour an der Marina dréinen. :) 

D’Rees geet duerno weider op Plettenberg, wou och d’Golfer ënner eis op hier Käschte kommen. Meng Liiblingsplaz fir ze wunne war ëmmer ee klenge Beach Cottage ma deen ass leider 2017 bei engem grousse Feier de Flamen zum Affer gefall. Ech hunn awer Kollegen, d‘Saartjie an den Albert déi een eenzegaartegt Appartement, mat Dram Vue a privaten Accès op de 5km laange Strand, verlounen. Ech géing 4 Nuechten hei verbrénge well et ass wierklech der Wäert!!

Des Adressen hunn ech zu Plettenberg all scho getest a kann Iech se nëmme recommandéieren. Wéi ëmmer gëllt och hei een Dësch am Viraus reservéieren:  

  • The Fat Fish thefatfish.co.za
  • The Lookout Deck www.lookout.co.za(First come, first serve basis)
  • Um Keurboomstrand : enricorestaurant.co.zavu wou ee géint 17h op der Terrass de Sonnenënnergang wonnerbar kanngenéissen.
  • Beim Emily Moon kann een net just d‘Legend vum Emily kenne léiere ma och d’Iessen ass een Erliefnis. emilymoon.co.za
  • Ouland Royale: (5km bierop vun der Robbergbay Reserve) Et ass eng magesch, barock Scheier, aus där Dreem gemaach sinn. Nee, fir eng Kéier verroden ech net ze vill, awer wann Dir eppes vu menge Geschichte wäert gären hunn, dann dës Plaz, do sinn ech mer sécher. Si zerwéiere Kaffi,  Mëttegiessen, Nomëttes Kuch an Dinner.

Vum Albert a Saartjie hirem Appartement kann een och ze Fouss an d‘Robbergbay Reserve goen an ee vun de beandrockenden Trailen hiken.

Hei nach e puer weider wonnerschéin Fotoe vun Plettenberg Bay an der Robbergbay Reserve. :) 

Plettenberg Bay ass en Uert, fir sech ze erhuelen, ze erliewen an ze genéissen. Ech freeë mech schonn Är Erfaarunge vu Wilderness an Plettenberg Bay ze liesen. Deelt och gären Är Fotoe mat eis op der Rosport Life Facebook Säit.

About the author

Viviane Sloniewicz
Viviane Sloniewicz

Schonn als jonkt Meedche sinn ech gäre gereest, konnt mir dee Kandheetsdram awer eréischt spéider verwierklechen. Ech hat an hunn op menge Reese vill schéi Momenter a weisen déi zënter 3 Joer op mengem Facebook “Viviane’s Logbooklet”. 2007 sinn ech an d'Triathlonszeen komm a sinn zanter 3 Joer weltwäit bei de grousse Coursen dobäi.

Aus engem Jux eraus fotograféieren ech zanter 2 Joer Triathleten, Fotoen déi ech och op mäin Blog setzen. Meng Iddi war fir de Leit ze weise wéi et an der Welt ass a wat alles duerch d'Reesen entstoe kann. Ech hat eng grouss a sympathesch Resonanz, déi mir vill Freed gemaach huet, sou dass ech héchstwahrscheinlech domat nach eng Zäit weiderfueren. Ech sinn heimat dann och ëmmer mat jonke Läit vun allen Natiounen zesummen a léiere vill bei. An menger Pensioun ass dat absolut richteg an och eng Erausfuerderung, déi ech genéissen. Et hält mech jonk ëmmer a Beweegung ze sinn an Neies kennen ze léieren.

Mäin Dram ass et, 2020 zu Tokyo op der Olympiad dierfe Fotoen ze maachen.