Iechternacher Sprangpressessioun

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

EMOXI via emoxies.lu 

 

D'Iechternacher Sprangpressessioun ass e reliéise Cortège an ass all Joer op Päischtdënschdeg zu Iechternach.

D’Musek ass eng Zort Polkamelodie. D’Leit sprangen a Reien, duerch d'Stroosse vun der Stad an dann an d'Basilika, bei d'Graf vum Hellege Willibrord.

D'Iechternacher Sprangpressessioun steet op der Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder vun der UNESCO.

Déi haiteg Form vun der Sprangpressessioun këntn aus dem 19. Joerhonnert. Mä hir Geschicht geet bis an d'Spéitmëttelalter zréck.

Déi eelst Quell ass vum Abbé Thiofrid († 1110). Do schwätzt hien awer net vun engem Danz.

1497 ginn an engem Text "Helleger, déi danzen" ernimmt. Dat éischt Bild vun der Sprangpressessioun ass vum Joer 1604.

Wéi et zum Danzen oder Sprange koum, ass net ganz kloer. De Willibrord, wéi och de Jang den Deefer an de Väit (Vitus), waren Helleger, zu deenen ee gebiet huet, wann een eng Nervekrankheet, Krämp oder Epilepsie hat.

Am 18. Joerhonnert, dem Joerhonnert vun der Opklärung, gouf dat Gesprangs vu weltlecher a vu kierchlecher Säit ëmmer méi kritiséiert. Esou huet den Tréierer Bëschof 1777 d'Sprangpressessioun verbueden.

Dotëscht ass se e puer Mol verbueden an erëm erlaabt ginn.

D'Franséisch Revolutioun huet se verbueden, den Napoléon huet se 1801 erëm erlaabt. D'Fraen hunn d'Recht kritt matzemaachen.

An der Nazi-Okkupatiounszäit vun 1940-1944 gouf et och keng Sprangpressessioun.

Foto via visitluxembourg

D'Sprangpressessioun haut:

Den Danzschrëtt ass néierens virgeschriwwen. Am Ufank vum 20. Joerhonnert sinn d‘Leit dräi Schrëtt no vir an zwee no hanne gesprongen. Dëst huet ëmmer erëm fir Chaos gesuergt a gouf 1947 definitiv ofgeschaaft. Zanterhir spréngt ee vum rietsen op dee lénkse Fouss.

D’Leit maache Reien zu 5 a jiddereen hält sech u sengem Noper mat engem wäissen Nuesschnappech un. Et ass keng Tenue virgeschriwwen, vill Sprénger passe sech awer der traditioneller Tenue vun den Iechternacher Sprénger un: Schwaarz Box/Jupe a wäisst Hiem oder Blus. Gespronge gëtt am Rhythmus vun enger traditioneller Polka.

D'Motivatioun, bei der Sprangpressessioun matzemaachen, ass haut souwuel reliéis, wéi och traditionell.

De 16. November 2010 huet d'UNESCO d'Iechternacher Sprangpressessioun op hir Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder gesat.

Vocabulary

Sprangpressessioun (f) = dancing procession                   

reliéis (adj) = religious

Cortège (m) = procession                                               

Päischtdënschdeg (m) = Whit Tuesday

Zort (f) = kind, sort                                                        

Reien (pl) = rows, lines

Graf (n) = grave                                                            

Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder vun der UNESCO = UNESCO Representative List of the Intangible Cultural Heritage of Humanity

haiteg (adj) = today’s, contempary                                 

Spéitmëttelalter (n) = Late Middle Ages

Quell (f) = source                                                           

Helleger (pl) = saints

ernimmt (Verb: ernimmen)= to mention                         

Jang den Deefer = John the Baptist

gebiet (Verb: bieden) = to pray                                       

Nervekrankheet (f) = nervous diseases

Krämp (pl) = seizures                                                     

Opklärung (f) = Enlightenment

Gesprangs (n)= hoppings                                               

weltlech (adj) = secular

kierchlech (adj)= ecclesiastical                                       

Bëschof (m) = bishop

virgeschriwwen (Verb: virschreiwen) = specified, regulated         

ofgeschaaft (Verb: ofschafen = to suppress, to abolish   

zanterhir (adv) = since then                                            

Nuesschnappech (n) = tissue

Tenue (f) = clothing                                                       

About the author

Tania Hoffmann
Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.