Buch & Interview: Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg

vum Romain Jeblick

"Op der Héicht vun Äischen gëtt et eng wäit Streck, plakeg Lee genannt. Ee gewaltegen ale Bam steet op där Plaz. Bei dësem soll et net geheier sinn. Viru laanger Zäit huet sech hei eng Band vu Raiber opgehalen déi déi ganz Géigend onsécher gemaach huet."

An, wëllt och Dir onbedéngt wësse wat et mat der So em Äischen op sech huet? Mir ass et d’selwecht gaangen, ech si virwëtzeg gewiescht a konnt dem Roman Jeblick säi Buch Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg Band 2, eemol an der Hand, net méi nidderleeën. Ech hunn dunn an engem Zoch och déi Soe em Aansebuerg, Bartreng, Bitscht, Conter an an an... misste liesen.

Eng So ass engem Mäerchen ähnlech. Si erzielt vun dem grousse Geheimnisvollen, Mytheschen an iwwerdréit deels Geschichten déi sech fréier erzielt goufen an déi de Numm vun engem Eck, enger Plaz, enger Géigend prägen.

No dem éischte Band deen 2017 erauskoum, faszinéiert dem Romain Jeblick säin zweete Band elo nees d´Lieser. Menger Meenung no ass et esou spannend well et em eist Land geet. Bekannten Ecke gi genannt an ech perséinlech hunn mech zum Beispill misse bremse vir mech net direkt op de Wee op Äischen ze maachen, vir no der plakeger Lee ze sichen.

Wéi ëmmer hunn ech och fir dësen Artikel dem Auteur e puer Froe gestallt: 

Wei ass d‘Iddie zustane komm vir e Buch iwwert Lëtzebuerger Soe zesummenzestellen? 
Et goung mir virun allem em d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an Identitéit. Natierlech och vir de volleksliteraresche Patrimoine ze erhalen. Dozou koumen einfach déi flott Inhalter vun den iwwerdroene Soe.

Wouhier kënnt är Léift vir des Geschichten?
Mir mech ass et d'Freed un der Geschicht an der Literatur, an natierlech awer och de Lien zu der Heemecht.

Wou geet een déi Soen eigentlech sichen? An ale Geschichtsbicher?
Jo, zum Beispill, vum Chevalier vun der Basse-Moutûrie, dem Nikolaus Gredt...

Weess ee wéi déi Soe zustane komm sinn ?
Soe goufen iwwert Joerhonnerten am Vollek erzielt a weidererzielt a schliisslech haaptsächlech vu Schoulmeeschteren a Paschtéier gesammelt a schrëftlech festgehalen.


Wat ass Är léifste So?
Ech hunn se eigentlech all gären, wann ech awer eng misst nennen, dann déi vum Siggy an dem Melusina.

Sinn Är Bicher ee Familienprojet? Wie schafft een do zesummen?
Nee, all Band gëtt vun engem aneren Zeechner illustréiert. Beim Band 2 war et ebe meng Duechter Julia dat Architektin ass an och gären zeechent.

Weider Publikatioune vum Romain Jeblick sinn: Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch Band 1, Déi schéinste Soe vu Lëtzebuerg Band 1.


Wann Iech d'Soe vu Lëtzebuerg interesséieren dann hunn ech ee Gewënnspill fir Iech! :) Fir d'Buch vum Romain Jeblick ze gewannen, luusst emol op menger Facebook Säit eran a kommentéiert meng lescht Publikatioun mat 'SOE'. 

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende