So mol, Lobo!

E Buch vum Christiane Kremer & Vincent Biwer

De Lobo ass e ganz wëssenshongrege Jong an him schwieren Dausend Froen am Kapp ronderëm. Wéi vill Stécker Schockela am Schockelasbotter sinn. Wéi Zännseef an Tüb kéint. Firwat de Schaum an der Bidde wäiss ass. Firwat Kaffismaschinn esou vill Kaméidi mécht.

Mee seng Famill an och soss d'Leit ronderëm sinn net ëmmer begeeschtert, vir dem Lobo op all seng Froen eng Äntwert ze ginn. Seng Schwëster ass genervt, seng Eltere sinn oft ze midd. Just d'Boma ënnerstëtzt de Lobo.

"Wa kee mir nolauschtert da muss ech och net méi schwätzen", seet de Lobo sech. Bis zu deem Dag wou hien engem Meedchen a sengem Mupp ... Wat hie mécht, dat verroden ech elo net.

D'Geschicht gefält mir perséinlech ganz gutt. Eben och well ech genau esou e Jong wei de Lobo kennen. Och dëse Jong lächert säin Ëmfeld mat Froen a bréngt deen een oder anere munchmol zum Verzweiwelen. Mee seng Liewegkeet ass och eng grouss Freed an säi Wëssenshonger éischter bewonnerenswäert well hien sech traut Froen ze stellen an domadder immens vill leiert. Hien sech awer och esou seng Platz an enger Gesellschaft schaaft, an der een sech ëmmer manner mateneen austauscht.



Wéi, wann net duerch Froe sollen d'Kanner hiert Ëmfeld verstoen. An hiert Wëssen esou opbauen. Wann déi Erwuessen net ëmmer Zäit hunn vir ze äntweren, sollten sisech déi onbedéngt huelen. Well et ass wichteg de Kanner net verstoen ze ginn dat si stéiere wann si schwätzen.

Dem Christiane Kremer e grousst Luef vir dëst wonnerbart a wäertvoll Buch. D'Geschicht ëm de Lobo illustréiert ganz gutt wéi d'Kanner Welt vun den Erwuessenen empfannen. Wat an hirem Kapp virgeet, wou sisech Froe stellen. De Lobo entwéckelt sech vun engem ganz normale Jong zu engem stelle Beobachter. An mierkt selwer dat säi Liewen un Freed a Spontaneitéit verléiert wann hien sech an seng stell Welt zréckzitt. 

D'Illustratioune vum Vincent Biwer passe wonnerbar faarflech wéi och vum Style hir. Et harmonéiert mam Text, mat der Geschicht, an ënnersträicht domadder d'Wichtegkeet vum dem Haaptmessage, nämlech mateneen ze schwätzen a virun allem mat onse Kanner.

Wann dem Lobo seng Geschicht iech uschwätzt, da mellt iech bei mir op menger Facebooksäit, dëst bis de 23.11.2018 ënnert dem Post LOBO. Esou gewannt dir eventuell een Exemplaire vun dësem léiwe Buch. 


Edition Kremart
ISBN 9789995939922

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende