Preview: Skateevents 2019

Deel I

Een neit Joer ass ugaangen, an d’Zäit ass komm, fir sech nei Virsätz ze huelen a säi Joer ze plangen: wou well een dëst Joer hin, wat well ee gesinn hunn, areechen an erliewen? Och an der Skatezeen ass 2019 vill lass, an ech hu mir e puer vun den Eventer erausgepickt, bei deenen ech dëst Joer well matmaachen, fir se mat Iech ze deelen.

Mainzer Roller Disco

D’Joer fänkt an der Skatezeen scho frei mat der Mainzer Roller Disco un. Well déi schonn de 5. Januar war, ass dëst Event leider schonn eriwwer, mee ech well Iech trotzdeem kuerz erklären em wat et geet... vläicht hutt der da jo schonn eng Iddi fir an d’nächst Joer ze starten. Et ass op alle Fall ëmmer ee super flott Event wat vun 14h Mëttes bis 3h an der Nuecht an enger Hal zu Mainz ofleeft. An der Hal selwer fënnt een, ewéi op sou ville Plazen, d’Caro mat sengem Stand fir Inliner, Protektoren an Helmer auszeléinen - fir Material ass also gesuergt (fir Iessen a Gedrénks btw och). An der Mëtt vun der Hal ass dann eng kleng Rollstreck mat enger Fläch an der Mëtt opgeriicht wourop et Mëttes nach méi roueg ass well em des Zäit vill Eltere mat hire Kanner do sinn. Op der klenger Fläch an der Mëtt vun der Stréck kann ee Slalom ronderëm Däppercher fueren, ënnert Staangen erduerch an iwwert kleng Rampe sprangen. Et sinn ëmmer Leit vum Caro senger Inline-Academy do fir de Kanner ze hëllefen an op ze passen, dass näischt geschitt. Wat et méi spéit gëtt wat manner Kanner a méi Jugendlecher an Erwuessener ënnerwee sinn an et gesäit een och vill Leit mat Rullschong. D’Musek gëtt méi päppech, méi haart, déi grouss Beliichtung gëtt ausgemaach an et fillt een sech bëssi an d’80er Joren op eng Rollschungparty zréck versat. Déi kleng Fläch an der Mëtt gëtt géint der Owend och geraumt, an elo kann een hei op de Rullschong danzen. Jo dir hutt richteg héieren. Et gesäit u sech bëssi aus ewéi Äiskonschtlaf an ass immens impressionnant. Ween emol eng kleng Iddi well kréien, wat do alles Méiglech ass, kann sech gäre puer Videoe vum ‘Desire Vero’ ukucken.

Skatecamp mat Experts in Speed

Enn Februar geet et dann op Zypern an zwar mat Experts in Speed. Ween also mol eng Kéier anescht Vakanz well maachen, a gären inlineskate, deen ass hei genee richteg. Natierlech muss een eng gewësse Motivatioun matbréngen an och scho fuere kënnen, wann een heivu wierklech well profitéieren, mee et muss een nach laang kee Profi sinn.

Wat erwaart Iech?

Eng Woch laang Ausfaarten iwwert déi nei an onbenotzt Stroossen vun der Insel, Moies Techniktraining, mat Videoanalys a mat renomméierten Trainer a professionelle Speedskater, ewéi zum Beispill dem Felix Rijhnen. All dat am Kader vum Hotel Aldiana, den em des Zäit alles anescht ewéi iwwerfëllt ass, all-inklusive, mat Fitnessraum, Wellnessberäich an direkt um Strand! De Fliger muss een zwar selwer dobäi buchen, mee de Shuttle vum Fluchhafe bis an den Hotel ass organiséiert, ewéi och d’Ausfaarten, déi een e bëssen uechtert d’Insel féieren.

Weider Andréck vun dësem flotte Camp, dat zwee bis dräi Mol am Joer statt fënnt, fannt Dir op der Facebooksäit Experts in Speed - Cyprus. 

Skatenights Saarbrécken

Ab Abrëll kënnt Dir dann erem regelméisseg op d’Skatnights zu Saarbrécken kommen. Fir déi wou awer nach net grad wësse wat et ass, hei eng Kuerz Erklärung:

A ville grousse Stied - Paräis, Saarbrécken, München, Nanzeg, Stroossbuerg, Berlin, fir da mol e puer ze nennen - gi wärend de Summerméint (ab Abrëll) reegelméisseg Skatenights vu lokale Veräiner organiséiert. Zu Saarbrécken ass den Treffpunkt virun der Europagallerie, ab 19h, mee spéitstens um 19:30 Auer. Hei steet dann d'Caro mam CIA, wou eesech Inliner, Protectiounen an e Schako ka léinen. Wann een also keng eege Schong huet, ass een am beschten e bëssen éischter do, fir der auszeléinen. Um 20 Auer geet et da lass: D'Leit vum Veräin zesumme mat der Police fuere virun an hannert dem Skategrupp a spären d'Stroossen. Et muss en also keng Angscht hunn, dass op emol en Auto engem de Wee ofschneit. Wann een onsécher ass, z.B. am Bremsen, kann een sech ëmmer u Leit wenden déi scho méi Erfarung hunn, an em Hëllef oder Tipps froen. Fir eng gewësse Sécherheet ze garantéiere ginn et dann och nach Handzeechen, z.B. fir d'Kéieren, no lénks oder riets, wann ee soll stoe bleiwen oder fir ze signaliséieren, datt e schwéiere Passage kennt. Sou kann ee fréi genuch reagéieren an et kënnt net zu engem Accident. Ënnerwee, ongeféier an der Halschent, gëtt eng kleng Drénkpaus gemaach, wou ee beim Roude Kräiz kann eppes ze drénke kafen, an da geet et weider. Dat ganzt dauert ëmmer bis ca. 22:30h an d'Strécke sinn tëscht 20 km a 25 km laang.

Hallefmarathon Berlin 

De 7.4. gëtt dann mam Hallefmarathon zu Berlin d’Marathonsaison agelaut. De Berlin Hallefmarathon 2018 war meng éischt Competitioun op den Inlineskates iwwerhaapt. Ewéi beim Lafen, huet och beim Skaten den Hallef-Marathon 21 km. De ganze Weekend ass eng Vitalmess um Berliner Tempelhof, wou een och Freides oder Samschdes seng Startnummer ka siche goen. Op der Mess selwer si vill verschidde Stänn, souwuel vu bekannte Sportsmarken, ewéi och vu Start-Ups um Gesondheets- oder Sportsmaart. Et entdeckt een also ëmmer néi Saachen an et begéint een, ewéi quasi iwwerall an der Inlinezeen, bestëmmt Leit erëm, déi ee scho kennt. Start fir den Inlinermarathon ass Sonndes moies um 9:30h an der Géigend vun der Shopping Mall Alexandra, also och net weit vum Alexanderplatz ewech. D’Streck vum Hallefmarathon ass u sech ganz agreabel. Just op enger Plaz war relativ decke Pawee, an et huet ee missen oppassen.

Fir mech war de Berlin Hallefmarathon eng super Erfarung! Éierlech gesot, hat ech vrum Marathon relativ vill Respekt, an doduerch war ech frou, mech als éischt mol an dësem méi klenge Kader ze probéieren, iert ech mech elo nächst Joer un de Marathon eruntrauen - a ganz éierlech, 21 km ass op Inlineskates net d’Welt! Et ass wierklech eng Streck, déi een sech, och als Amateursportler zoutraue kann. Wann Dir Iech elo wëllt umellen, da klickt eemol hei

Marathon Des Grand Crues zu Dijon 

Am Mee geet et fir de Joël déi éischte Kéier op Dijon op de Marathon Des Grand Crues Iwwert dëse Marathonkenne mir nach net vill soen. De Joël huet sech dëst Joer op d'Rot vun engem Lëtzebuerger Speedskater hin ugemellt. De Belag op der gesamter Streck soll relativ gutt sinn. Dëse Marathonfënnt den 12. Mee statt a mir hoffen do schonn op gutt Wieder. 


Sou de Programm vum Recht vum Inlineskate Joer 2019 presentéieren ech Iech Enn Abrëll, ech mengen dëst ware fir haut genuch Informatiounen :) 

Wann dir Froen hutt dann zéckt net Iech per Facebook bei eis ze mellen. 

About the author

Joy Mertz
Joy Mertz

Ech sinn d’Joy, hunn 21 Joer a studéieren zu Tréier op der Uni Germanistik an Anglistik. Nieft Bicher liesen a schreiwen, spillen ech Saxophon zu Bouneweg an der Fanfare, si Monitrice bei der Croix-Rouge a maache gäre Sport: haaptsächlech Muskulatioun an Inline-/Speedskaten.