Rosport MAT

Zitroun - Limett - Menthe

D’Zäiten änneren sech genau sou wéi d’Gewunnechte vun de Leit. Ween well net eng Kéier eppes Neies probéieren? Wann dat dann och nach aus enger lokaler Produktioun kënnt déi d’Ëmwelt mat hiren ëmweltfrëndleche Verpackunge respektéiert an dobäi nach gutt fir d’Gesondheet ass, wien gëtt dann do net schwaach?

Sources Rosport erweidert säi Sortiment. Mat senger ganz neier Innovatioun Rosport Mat vereent sech dat natierlecht, licht spruddelegt Waasser op eng harmonesch Aart mat natierleche Fruchtaromen. 

Houfreg presentéiere mir séit Abrëll eist neit Mineralwaasser mat ville wichtege Mineralien, en spruddelegt Erliefnis an de perfekten Duuschtläscher fir de Summer! Eist Gedrénks verbënnt Geschmaach an Erfrëschung mat enger subtiller Nout vun 3 verschidde Friichten: op elo mat Zitroun, Limett oder Menthe, fir jiddereen ass eppes dobäi. Eise Rosport Mat profitéiert vun dem beschte wat eis Natur ze bidden huet, no dem Prinzip goufen och eis Friichten ausgewielt.

Bei dësem ideale Summergedrénks, deen sech am beschte ganz kal genéisse léist, hu mir ganz bewosst op Zocker a Faarfstoffer verzicht. Jo, eist Gedrénks ass frei vun Zocker a Séissstoffer! Dobäi ass eist neit Mineralwaasser räich un Kalzium a Magnesium a frei vu Konservéierungsstoffer, an dobäi nach ganz ouni Kalorien! Sou kann eist néit Waasser ganz ouni Bedenken zu all Moment gedronk ginn. 

Disponibel ass eise Rosport Mat am 6er Pack oder eenzel an der praktescher 0,5L PET Fläsch déi eis et erméiglecht d’Fläschen, wei och eis aner Plastiks Fläschen aus eisem Sortiment, zu 100% ze recycléieren. Eis Rosport Mat Fläsche bestinn zoudem schonn aus 50% recycléiertem Plastik. Sources Rosport huet sech genausou dofir decidéiert de Plastik vum 6er Pack a form vun enger Schrumpffolie mam Qualitéitslabel “I’m Green” unzebidden. Dëse Label garantéiert dat d’Verpackungsmaterial zu engem groussen Deel aus Plastik besteet deen aus erneierbare Ressourcë gewonne gëtt.

De Rosport Mat kennt domat mat allem wat sech Lëtzebuerg gewënscht huet: eng kleng Auswahl un Goût’er aus natierlechen Aromen ouni Zousazstoffer, Zocker a Kalorien, kombinéiert mat enger ëmweltfrëndlecher Verpackung an dobäi dem Kierper gutt-doend.

Dësen neie Summerhit ass an allen grousse Butteker ze fannen. Probéiert och Dir den neie Rosport Mat a loosst Iech bei de waarmen Temperaturen erfrëschen!

 

Als klenge Geheimtipp: 

Hei um Rosportlife fannt Dir a reegelméissegen Ofstänn ëmmer mol erëm Rezepter mat eisem Rosport Mat, sou zum Beispill de Rosport Mat Hugo (klickt fir bei d'Rezept) oder de Waassermeloun Limonade & Cocktail. Klickt och Dir Iech eran a probéiert eis Rezepter aus!

Weider Informatioune iwer de Rosport Mat an eis aner Produiten fannt Dir hei.