Rezepter mat Käschten

Hierscht op der Zong

Lo ass den Hierscht do, a jidderee probéiert sech lues a lues vum Summer ze trennen. Lo gëtt sech gären de Faarwe vum Hierscht ugepasst, a besonnesch flott, gëtt et dann och um Iessdësch.

Hei sinn 2 vu menge Liiblings-Rezepter mat Käschten.

 

  1. Käschten am Schäffchen

Dofir muss ee just d'Iesskäschten iwwer Kräiz aschneiden, op de Blech leeën, a bei 200 Grad +/- 15 Minutten am Schäffche goe loossen. Idealerweis, stellt een am Beschten eng feierfest Schossel mat Waasser mat op de Blech. Dëst verhënnert, dass d'Iesskäschte verdréchnen.

 

  1. Käschte Kuch

Mir brauchen:

500 gr Iesskäschten

250 gr Zocker

100 gr Botter

5 Eeër

2 Kaffisläffele Bakpolver

 

  • D'Iesskäschten aschneiden, a fir +/- 15 Minutten am Waasser kachen.
  • D'Iesskäschte gutt schielen a püréieren.
  • Den Zocker mam Botter a mam Eegiel verréieren.
  • D'Käschten, de Bakpolver a geschloen Eewäiss drënnermëschen.
  • An eng gebottert a gemielte Form schëdden.
  • Bei 180 Grad +/- 40 Minutten am Schäffche goe loossen.

(Hei soll den Deeg gutt fiicht bleiwe fir e gudde säftege Kuch)

 

Gudden Appetit!

About the author

Nadine Oliboni-Frisch
Nadine Oliboni-Frisch

Née en 1980 au Grand-Duché du Luxembourg, d'origine luxembourgeoise, je me suis établie au Sud du Pays. À côté de ma vie professionnelle, j'adore passer beaucoup de temps avec ma famille et mes animaux domestiques. J'adore inventer et écrire des histoires courtes en tout genre (enfants, chick lit, horreur, fantasy) en luxembourgeois et en anglais.