Rezept: Fikabröd

Häerzlech Wëllkomm zeréck a menger klenger Kach- a munchmol och Bakwelt. Wéi ech scho mol verzielt hunn, huet bei eis doheem d’Iessen och eng wichteg sozial Roll well mer eis beim Iesse versammelen, iwwer eisen Dag, eis Gedanken oder Suerge schwätzen a wou mer eis et och richteg gemittlech maachen. Sonndes ass do ëmmer e perfekten Dag dofir. Den Ausgläich zur stresseger Woch, d’Aueren ticke sonndes an engem ganz eegene Rhythmus. Mir huelen eis Zäit fir eppes Besonnesches ze kachen oder ze baken a genéissen et dann zesummen. Haut verzielen ech der wéi meng Duechter an ech eis de Sonnde verséisst hunn wärend eis Hären am Haus zesumme gespillt hunn. 

Fir d’éischt huelen ech awer gär bësschen aus a verzielen der vum schwedesche Fikabröd. Fika...wat? Fikabröd. Et handelt sech heibäi em e Gebäck dat d’Schweden, an iwwregens och d’Finne wärend der Fika gemeinsam genéissen. D’Fika ass eng Kaffispaus déi ee mat Frënn, Famill oder Aarbechtskollege verbréngt. Déi Tätegkeet déi een am Gaang ass auszeféiere gëtt ënnerbrach an et setzt een sech fir Kaffi an e Gebäck zesummen. Et gëtt keng fest Dauer dofir.

Sonnden hunn d’Lynn an ech eis dunn e klengt Mutter-Tochter-Bakenmat uschléissendem Kaffeeklatsch gegënnt.

Mir hunn eis also un d’Wierk gemaach fir e wanterlecht Gebäck auszetüftelen. Well mir doheem och bësschen drop oppassen net ze vill mat Fett an Zocker z’iwwerdreiwen hu mer däers e wéineg agespuert mee dem Goût vun eise Kichelcher huet dat absolut net geschuet. Wann ech doheem no Rezept kachen a bake versichen ech ëmmer eng mi gesond Alternativ draus ze maachen. Beim Botter gëtt et es mëttlerweil mat nëmmen 39% Fett, d’Ram notzen ech och mat 7% Fett a beim Zocker loossen ech heiansdo bis zur Halschent ewech vun dem wat am Rezept steet. Allerdéngs klappt dat nëmmen sou laang ee keng Schlagsahn mat der Ram maache wëll. Do brauch een d’Fett vun der Ram oder et muss een op Sahnesteif zeréckgräifen. Et sollt een och wëssen dat Zocker ëmmer nach méi Zocker freet an dat Auswierkungen op eise Bluttzockerspigel huet, mee dat loosse mer fir haut mol op engem anere Blat stoen a widmen eis eisem Fikabröd. Mir wëllen eisee gemittleche Moment zauberen an elo net iwwer Regime debattéieren.

Du brauchs fir 18-20 Stéck:

  • 100 g Botter
  • 400 ml Mëllech
  • 1 Tl Kardamom
  • 1 Tl Kanéil
  • 50 g Vollrohrzocker
  • 1 Prise Salz
  • D’Muerg vun enger Vanilleschote
  • 25 g Hief
  • 650 g grot Dinkelmiel
  • 200 g Marzipanrohmasse
  • 250 g Molbier
  • Zocker a Kanéil fir zum Schluss iwwer d’Gebäck ze streeën
  • 1 Ee fir ze bepinselen

De Botter bei niddreger Hëtzt schmëlzen. Mëllech, Zocker, Kardamom a Kanéil aréiheren an ofkille loosse bis d’Gemësch wootlech ass. D’Hief an enger Bakschossel zerbréckelen, di wootlech Flëssegkeet dobäi ginn a mixe bis d’Hief sech komplett opgeléist huet. Dann  150 g vum Miel dra mixen an 10 Minutte laang ofgedeckt op enger waarmer Platz roue loossen.

No den 10 Minutten, de Rescht Miel mam Salz vermëschen an den Deeg sou laang domat mixe bis et e schéinen, elasteschen Deeg ass. Nach emol 45 Minutten zougedeckt roue loossen.

An Tëschenzäit kanns du de Marzipan an 18-20 Daleren (ca 5 cm Duerchméisser) formen. Dofir kleng Boule formen, mat der Hand flaach drécken an op engem Stéck Bakpabeier versuergen.

Lee der 2 Bakblecher mat Bakpabeier aus oder huel, wéi mir, 2 Silikonmatte fir op d’Blecher.

Stree e wéineg Miel iwwer den Dësch fir dat den Deeg net festpëscht. Et ass normal dat en elastesch ass. Ech bemielen den Deeg och nach emol fir dat en sech besser verschaffe léist. Deel en an 18-20 gläichméisseg Portiounen, form all Kéier en Deegball doraus, lee en op deng Matteen dréck eng kleng Vertiefung dran. Duerno lees de e Marzipandaler an di Kaul an drécks deen am Deeg fest. Verdeel lo nach puer Molbier driwwer a fir ofzeschléissen nach eng kleng Prise Vollrohrzocker an eng kleng Prise Kanéil driwwer streeën.

D’Ee verquirlen an d’Kichelcher domat bepinselen. Eis Kichelcher mussen sech elo eng leschte Kéier op enger waarmer Platz 25 Minutte vun de Strapazen erhuele fir dat se kënne schéi grouss a lëfteg opgoen. An där Zäit de Schäffchen op 200°C Umluft virhëtzen an nom leschten Opgoen, d’Kichelcher 12-15 Minutte bake bis se schéi goldbrong sinn.

D’Lynn an ech hunn eis et mat enger Taass Kaffi an eisem Fikabröd gemittlech gemaach an dat wootlecht Gebäck op der Zong zergoe gelooss. Di waarm Molbier, Kanéil an de Marzipan, dat ass pure Genoss wann et dobausse kal, gro a fiicht ass. An et huet och net laang gedauert bis d’Kaatze bei de Féiss lungen, sech ze strecken an ze maache wéi wann sieist Meederchersgespréich och interesséiere géif, an der Hoffnung dat eng Grimmel roffällt. 

About the author

Marie-Jo Duhr
Marie-Jo Duhr

Ech sinn d’Marie-Jo, bestuet, Mamm vun 2 Kanner an interesséiere mech fir alles ronderëm d’Gesondheet an d’Wuelbefannen am Alldag. De meeschte Spaass hunn ech u gesonder Kichen. Ech verbréngen immens vill Zäit domat mer nei Rezepter auszedenke fir meng Famill a meng Frënn mat gesonden an trotzdeem interessanten an ausgeglachene Moolzechten z‘iwwerraschen. Meng strengste Kritiker sinn eis zwee Teenies doheem. Wann ech si bis iwwerzeegt hunn, sinn ech op der gewonnener Säit.

Haaptberufflech sinn ech zoustänneg fir Aarbechtssécherheet a Gesondheet. An deem Sënn koum mer am Fréijoer d’Iddi op Facebook eng, zimlech einfach gestalte Säit anzeriichten, wou meng Aarbechtskollegen, awer och soss jiddereen dee Loscht huet, sech inspiréiere ka fir sech eng gesond Lunchbox virzebereeden. Et goung mer do drëm Rezepter virzestellen déi am Prinzip schnell an einfach preparéiert sinn. Keng Zäit ass deemno keng Entschëllegung méi fir sech mat Fastfood voll ze stoppen.

Ze fannen ass di Säit ënner dem Numm “Pimp däi Kuuschtesak – Relook ton casse-croûte”