Revue ProArchery 2018

Präisgeld Turnéier zu Esch

Eng kleng Élite vu Bouschéisser hunn sech den 2. Weekend vum Juli zu Esch/Uelzecht getraff a bei der Pro Archery, engem Präisgeld-Turnéier, wärend 2 Deeg gemooss.

Bei dem beschte Wieder goung et fir déi insgesamt 14 Gruppe à 4 Tirreuren de Samsdeg Mueres an déi éischt Ronn. Et stounge 24 Scheiwen am Bësch vum Buergronn. Aus den onméiglechste Positiounen hu misste Punkte gemaach ginn. Do gëllt et biergop oder biergof, heiansdo och riichtaus ob Scheiwen an onbekannten Distanzen ze schéissen. Et ass eng Erausfuerderung un déi aller Bescht. Den zweeten Dag Sonndes stoungen nach emol 20 Scheiwen um Programm.

Jidderee huet sech gefrot ob de Stephan Hansen ongeschloen um Parcours bleiwe géif. Ma nee! De Mr Perfect, Mike Schloesser aus Holland huet dem Stephan Hansen e Stréch duerch d ‘Rechnung gemaach. DenWeltrang 3. huet Turnéier dominéiert. De Mike ass e Compound-Bouschéisser deen een dacks hei am Grand-Duché op Turnéiere begéint.

Awer och e Lëtzebuerger, de Gilles Seywert, huet e formidabelt Resultat geschoss. Hien war um Enn an den Top 10. Bei där ganz staarker Konkurrenz; e super Resultat dem sympathesche Gilles seng 9. Plaz.

Insgesamt goufen iwwert 13.000€, no engem Punktesystem, un déi beschte Bouschéissera Bouschéisserinne verdeelt. Jo och déi bescht Fraen hunn sech zu Esch gemooss. Hei huet d ‘Englännerin Hope Greenwood de Match gemaach.

Am nächste Joer wäert dëst prestigiéist Turnéier bestëmmt nees eng Ronn zu Esch ausdroen.

Awer et ass nach net fäerdeg mat dem Bouschéissen zu Esch. Et stinn nach 2 grouss Rendezvouse virun der Dier:

De Weekend vum 25 a 26 August ass e Field Tournéier. Hei ass et dann eng Ronn aus der 5Nations Field Series, wou sech vill europäesch Bouschéissen treffen.

An direkt de Weekend drop den 1, 2 September ass dann et Escher Juegd Open. Keng Angscht et ass keng “richteg” Juegd et gëtt ob geschoss a Punkte gezielt.

D'Fotoe si vum Dubravko Buden / Pro Archery Series! Klickt hei fir weider Fotoen.

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.