D’Schoul geet erëm un

Back to school

Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erkläeren ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.

No zwee Méint Vakanz fänkt e Méindeg, de 17. September d’Schoul erëm un. Zu Lëtzebuerg dauert d’Vakanz ëmmer e bësse méi laang wéi bei eisen Noperen.

An Däitschland, am Saarland an a Rheinland-Pfalz, ass d’Schoul schonn de 6. August ugaang. A Frankräich an an der Belsch war et den 3. September.

D’Kanner freeë sech endlech hir Frënn an der Schoul erëmzegesinn a si gespaant op hiren neie Schoulmeeschter oder op hir nei Léierin, am Lycée froen déi méi grouss Kanner sech wie si dëst Joer als Proff kréien.

Zu Lëtzebuerg kënnen d’Kanner vun 3 Joer un an de Précoce goen. Dës gouf agefouert fir datt all Kand sech gutt integréiert a Lëtzebuergesch léiert éier et an d’Spillschoul kënnt.

Vu 4 Joer un ass all Kand a Lëtzebuerg schoulflichteg an dat fir 12 Joer. Nom Précoce kënnt dann d’Spillschoul, déi haut Zyklus 1 heescht an zwee Joer dauert. Duerno geet et dann an d’Grondschoul, fréier och Primärschoul genannt, vum Zyklus 2 bis Zyklus 4. All Zyklus huet zwee Schouljoren.

Mat ongeféier 12 Joer kënnt een dann an de Lycée. Wann een net sëtze bleift, dann ass een no 6 bis 7 Joer am Lycée fäerdeg an et kann een entweder op d’Uni oder schaffe goen.

Am Précoce an an der Spillschoul (Zyklus 1) gëtt sou vill wéi méiglech Lëtzebuergesch mat de Kanner geschwat. Am Zyklus 2.1 gëtt Däitsch geléiert an d’Kanner ginn och op Däitsch alphabetiséiert.

Vum Zyklus 2.2. u kënnt da Franséisch dobäi. D’Haaptsprooch an der Grondschoul ass Däitsch.

Am Lycée kënnt dann Englesch dobäi an d’Schüler kënnen nach eng weider Sprooch léieren, wéi zum Beispill Latäin, Spuenesch, Italienesch oder Chinesesch.

Wat ass dëst Joer nei? Net nëmmen d’Kanner aus der Grondschoul, mee och d’Schüler am Lycée kréie vun elo un hir obligatoresch Léierbicher vum Staat zur Verfügung gestallt an d’Eltere spueren esou ëm 450€ Käschten.

Mir wënschen alle Schüler a Schülerinne fir dëst neit Schouljoer vill Erfolleg a Spaass beim Léieren.

Vocabulary:

geet un             = Verb: ugoen = to start                       

fänkt un           = Verb: ufänken = to start

méi … wéi         = more … than                                     

Noperen           = neighbours

ugaang            = Verb: ugoen = started                        

si gespaant op  = gespaant sinn op ...    = eager to know

agefouert         = Verb: aféieren = introduced               

éier                  = before

schoulflichteg  = compulsory schooling                       

fréier                = in the past, formerly                          

ongeféier          = approximately                      

sëtze bleiwen    = (lit. remain seated) = repeat the school year

sou vill wéi méiglech     = as much as possible               

Léierbicher       = (sing. Léierbuch) textbooks

spueren = save                                                  

ëm = around

Käschten          = costs, expenses                      

About the author

Tania Hoffmann
Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.