Rentrée am Lieseck

Smart Kremart – Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?

Déi lescht Méint konnt ech iech op dëser Platz vill flott Bicher virstellen, a munch eent huet mech nohalteg déif beréiert. “Lizardqueen” vum Tullio Forgiarini oder och “Prinzessin Charlotte” vum Joseph Kayser si Geschichten, déi un d’Häerz ginn. An och d’Buch vum Léon Schadeck “Wien dru gleewe muss”, eng Nokrichsgeschicht iwwer zwee Bouwen, déi vu Frënn zu Feinde ginn, zielt zu menge Favoritten.


Fir iech d'Rentrée, ob fir d'Schoul oder d'Schaff, méi liicht ze maachen, gëtt et hei elo d’Buch aus enger Serie, déi ech och schonns op dëser Plaz virgestallt hunn – d’Smart Kremart Serie - Kremart.lu. Dat 20. Buch “Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?” vum Jean-Paul Maes ass e würdegen Ofschloss fir d’Serie.



“Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?”



Mam Jean-Paul Maes sengem Buch “Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?” schléisst sech wéi gesot de Krees. D’Geschicht ronderëm de Bertemes a säi souzesoe Kolleg, dee d'Geschicht eigentlech erzielt, ënnerhält ee gutt. Et kënnt een sech vir, wéi wann een an dem Café séiz an heemlech en Niewendëschgespréich tëscht Männer géif nolauschteren. D'Vermuddung läit no, datt et bal keng fiktiv Geschicht ka sinn. 


Et geet ëm deen aarme Bertemes, dee no senger Scheedung nees bei senger Mamm wunne muss an eigentlech just nach op der Verléierersäit vum Liewen ze fannen ass. Den zweete Protagonist ass den Erzieler vun der Geschicht, deen sech no senger Scheedung eigentlech als Gewënner gesäit a bei der Dammewelt mat Villem punkte kann. Bis op deen Dag, wou hien de Bertemes an engem anere Rôle nees am Liewe begéint. Eng witzeg Geschicht direkt aus dem Liewen, oder och net.. Wee weess.


Abee, fir all déi, déi sech dëst flott Buch net wëllen entgoe loossen, kuckt eran op d’Facebook Säit vum Martine – Vläicht waart d’Buch “Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?” jo scho geschwënn op iech.


Iech all eng gutt a roueg Rentrée.


Martine

 

Wéider interessant Artikelen fir d'Liesratten ënnert iech:

  • On the Edge - dat éischt Buch vum Anne-Marie Reuter op Englesch. By Martine (Op Englesch)
  • Das Kissen - E Gedicht ronderëm d'Léift. By Roger Peiffer aka De Poet (Op Däitsch)

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende