ProArchery 2018

Esch-sur-Alzette

Eng Sportaart déi net vill Leit kennen ass d'Bouschéissen. An trotzdeem glänzen hei ëmmer erëm e puer Lëtzebuerger um International Parquet.

Wat awer nach manner gewosst ass, ass dat ee Profi-Turnéier och zu Lëtzebuerg Halt mëscht. Eng Manche vun der ProArchery gëtt de Weekend vum 14te & 15te Juli zu Esch/Uelzecht ausgedroen.

ProArchery? Wat ass dat? Zënter 2007 gëtt dëst Turnéier an Europa op méi Plazen ausgedroen. Hei klappen sech déi weltbeschte “Compound-Tirreurëëm d’ Präisgelder an enger Héicht vu méi wéi 13.000 Euro.

An elo e puer Erklärungen zum Bouschéissen an der ProArchery: 

All Sportler déi bei der ProArchery mat maachen, hunn am Virfeld mat Top-Resultater ob sech opmierksam gemaach a goufen esou fir dëst speziellt Turnéier vun der Spëtzeklass invitéiert.

Beim Turnéier handelt et sech ëm eng sougenannte Field. Dat heescht et gëtt ob Scheiwe geschoss déi ob engem Parcours dee queesch duerch de Bësch geet stinn. De Sportler kennt déi genau Distanz zur Scheif net a muss déi aschätze kennen. A speziell bei der ProArchery sinn de Scheiwen hier Duerchmiesser méi kleng an d‘Distanze méi grouss.

De Bou dee bei dësem Tournéier benotzt geet ass de Compound-Bou. Hei handelt et sech em en Bou wou eng enorm Kraaft dohannert stécht. An un den Äerm, sou ginn d ‘Enner uewen an ënnen um Bou genannt, si Poulië.

Dëst Joer trefft sech da scho fir déi 3. Kéier d‘Weltelite zu Esch/Uelzecht um Bierg. Duerch e ganz elitäert Auswiel-Verfahren ass garantéiert datt nëmmen Top-Schütze beim der ProArchery un de Start ginn. Dëst Joer  kommen sisech zu 56 ob Esch moossen.

Hei e puer Nimm erausgepickt, déi de Wee dëst Joer an Minettsmetropole woen:

  • Stephan Hansenaus Dänemark an aktuellen Europameeschter.
  • Déi grouss Bouschéiss-Legend Dave Cousinsaus den USA, 9 mol konnt hien an der ProArchery gewannen. Hie war Weltmeeschter an huet eng Jet Weltrekorder opgestallt.
  • De Brady Elison, och aus den USA, huet zu Rio op der Olympiad d‘Bronzemedail gewonnen. Hien ass amtéierende Weltmeeschter am Recurve-Bou. Zu Esch gëtt hien säin Debut am Compound. Mir si gespaant.

Awer och bei den Dame kommen déi Bescht wéi zum Beispill:

  • D‘Ivana Buden aus Kroatien, si war Europa- a Weltmeeschterin
  • D‘Inge Enthoven aus den Niederlanden, si war schonns e puermol Europameeschterin.

Awer zënter Jore sinn an dësem ganz elitäre Kader och 2 Lëtzebuerger ze fannen. De Gilles an de Marc Seywert. De Gilles, dem Marc säi Bouf, kann ëmmer nees mat Top-Plaze bei dësem Turnéier glänzen.

Wann dir emol esou en Turnéier hautno erliewe wëllt kommt ob Esch ob de Bouschéiss-Terrain am Bourgronn. Et ass ob eenzele Scheiwe méiglech ganz no beim Spektakel ze sinn. Lass geet et de 14te a 15 Juli Mueres um 9 Auer.  

Fotoen: Tun Schlechter 

Des Fotoe si vum Dubravko Buden / Pro Archery Series, weiderer kënnen ënnert dësem Link fonnt ginn.

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.