PANESCHER MAT ÄPPELKOMPOTT

Äppel-Hierscht-Genoss

Dëst ass een Revival vum Nadine sengem Artikel vun virun engem Joer 

Hierschtzäit ass Äppelzäit an wat gëtt et do besseres wéi selwergemaachtent Äppelkompott mat Panescher. Heidrënner fannt dir déi ganz einfach Rezepter fir dësen leckeren Hierscht Genoss.

 

Äppelkompott

Mir brauchen (fir 4 Persounen):

  • 1 kg Äppel
  • 100 ml Waasser
  • Jus vun 1/2 Zitroun
  • Zocker
  • Vanill-Staang
  • Kanéil

 

D'Äppel schielen, d'Kären eraushuelen an a graff Stécker schneiden. Dobäi hëllefen bestëmmt och d'Kanner gären. Déi geschnidde Stécker an en Dëppe ginn, a mat Zitrounejus vermëschen.

Dat Ganzt mam Waasser, an e bëssi Fëllung aus der Vanill-Staang an 2 Iessläffelen Zocker opkachen. 20 Minutte kache loossen, an no Bedarf Waasser dobäi ginn. Soubal d'Äppel mëll sinn, gëtt alles püréiert. Mat Zocker an Kanéil je no Goût ofschmaachen.

 

 

Äppel-Panescher

Mir brauchen pro Persoun:

  • 1 Ee
  • Mëllech (oder Waasser)
  • 2 Iessläffele Miel
  • eng Prise Salz
  • 1 Kaffisläffel Zocker
  • 1 Apel
  • e bëssi Botter oder Margarine

 

D'Ee an eng Schossel ginn, eng Prise Salz an den Zocker dobäi ginn. D'Miel dobäi ginn a mam Schnéibiesem duerchernee réieren. D'Mëllech (oder d'Waasser) dobäi ginn, an zwar just esou vill, dass d'Konsistenz zéiflësseg gëtt. Den Deeg 30 Minutte roue loossen.

Währenddeems den Apel schielen, entkären an an dënn Scheiwe schneiden.

De Botter (oder d'Margarine) an enger Pan erhëtzen. Den Deeg mat enger Lusch dra schëdden, a glat sträichen. D'Äppelscheiwen dra leeën a bake loossen. Mat Zäiten de Panesch dréinen. Kuerz zéie loossen. Jee no Goût um Teller mat Zocker séissen.

 

Vill Spaass a gudden Appetit!

About the author

Nadine Oliboni-Frisch
Nadine Oliboni-Frisch

Née en 1980 au Grand-Duché du Luxembourg, d'origine luxembourgeoise, je me suis établie au Sud du Pays. À côté de ma vie professionnelle, j'adore passer beaucoup de temps avec ma famille et mes animaux domestiques. J'adore inventer et écrire des histoires courtes en tout genre (enfants, chick lit, horreur, fantasy) en luxembourgeois et en anglais.