Orangëcrème op Zimtstären

Desserts Inspiratioun

Häerzlech Wëllkomm zréck a menger klenger Kachwelt, haut mat engem Dessert fir d’Feierdeeg. A mengem leschte Blog hat ech dir verzielt dat dëst Joer meng Teenierestaurantkritiker gestëmmt hunn wat Hellegowend bei eis op den Dësch kënnt.

Zréckbehale gouf dobäi och eng Orangencrème op zerbréckelten Zimtstären. Dëst Rezept ass ganz einfach, ruckzuck nogemaach a mindestens genau sou séier genaschelt. :)

Op menge Fotoen hunn ech den Dessert a grousse Glieser zerwéiert. Wann s du wëlls, kanns du en awer och a Verrinen zerwéieren. Looss denger Fantasie do fräie Laf.

Fir 6 Glieser brauchs de:

  • 300 g Naturjoghurt
  • 300 g more Stoffi (Magerquark)
  • 300 g Mascarpone
  • 5 cl Orangëjus
  • 1 El Orangëlikör
  • 75 g Vollrohrzocker
  • 1 g Liewkuchgewierz
  • 1g Kardamom
  • 1 Päckelchen Vanillszocker
  • 24 Zimtstären
  • 1 Orange

Alles, bis op d’Zimtstären an d’Orange, matenee verréieren, sou dat eng geschmeideg Crème entsteet.

6 Zimtstären op d’Säit leeën. Des brauchs du fir zum Schluss d’Glieser ze dekoréieren.

An all Glas ee vun de reschtlechen Zimtstären zerbréckelen, dann en Iessläffel Crème drop verdeelen. Duerno erëm en zerbréckelte Stär an nees Crème drop schichten, bis näischt méi iwwreg ass.

D’Orange gutt wäschen an d’Schuel dovun a ganz reng Sträife schneiden.

Zum Schluss ee Stär an d’Crème stellen an e puer Orangësträifen iwwer d’Crème leeën.

Mir bléift elo nach just Dir, denger Famill an denge Frënn schéin a besënnlech Feierdeeg ze wënschen. Loosst iech et gutt schmaachen a genéisst di Zäit.

Bis am neie Joer.

About the author

Marie-Jo Duhr
Marie-Jo Duhr

Ech sinn d’Marie-Jo, bestuet, Mamm vun 2 Kanner an interesséiere mech fir alles ronderëm d’Gesondheet an d’Wuelbefannen am Alldag. De meeschte Spaass hunn ech u gesonder Kichen. Ech verbréngen immens vill Zäit domat mer nei Rezepter auszedenke fir meng Famill a meng Frënn mat gesonden an trotzdeem interessanten an ausgeglachene Moolzechten z‘iwwerraschen. Meng strengste Kritiker sinn eis zwee Teenies doheem. Wann ech si bis iwwerzeegt hunn, sinn ech op der gewonnener Säit.

Haaptberufflech sinn ech zoustänneg fir Aarbechtssécherheet a Gesondheet. An deem Sënn koum mer am Fréijoer d’Iddi op Facebook eng, zimlech einfach gestalte Säit anzeriichten, wou meng Aarbechtskollegen, awer och soss jiddereen dee Loscht huet, sech inspiréiere ka fir sech eng gesond Lunchbox virzebereeden. Et goung mer do drëm Rezepter virzestellen déi am Prinzip schnell an einfach preparéiert sinn. Keng Zäit ass deemno keng Entschëllegung méi fir sech mat Fastfood voll ze stoppen.

Ze fannen ass di Säit ënner dem Numm “Pimp däi Kuuschtesak – Relook ton casse-croûte”