Op de Spure vum Schetzel

am Gréngewald

Haut wollt ech Iech mat op ee klenge 4,5km laangen Trëppelwee huelen, bei deem mir op de Spure vum Schetzel wanderen. De Schetzel war en Einsiedlermënch aus der Orvaler Abtei, deen am 12. Joerhonnert an enger Hiel am Gréngewald gewunnt huet. Schonn deemools si vill Leit bei hie gepilgert fir hien em Rot ze froen. Kommt, mir starten op eng kleng Zäitrees an de Gréngewald.

Op engem klengen, liicht verstoppten, Parking am Waiwee am Gréngewald geet et lass. Dir fannt de Parking an der Parallelstrooss vum Waldhaff. Vun hei aus  gi mir duerch en schéinen oppene Bësch, deen eis vergiesse léist wéi no mir un der Staat sinn. Ënnerwee begéine mir ëmmer erëm Informatiounstafelen déi iwwert d’Notzung vum Bësch am Mëttelalter informéieren. Dës Tafelen si flott gemaach a mat en bësse Fantasie kann een sech gutt virstelle wéi d’Baueren am Mëttelalter hei d’Holz geraf, no Hunneg gesicht oder d’Holz fir de Festungsbau vun der Staat Lëtzebuerg geschloen hunn.

No engem kuerze biergof sti mir an engem wonnerschéinen Dënnenbesch, an den haarzegen Doft vun den Nolenbeem klemmt engem an d’Nues. Déi héich Dënnen am Zesummespill mat engem déifgrénge Moosbuedem ginn en wonnerschéint Fotomotiv of.

Kuerz duerno gesi mir riets vum Wee eng Lichtung. En uraalt Weekräiz weist eis, dat hei eng speziell Plaz ass. Nach en puer Schratt a mir sti virun der Hiel an där de Schetzel gelieft huet. Mir gesinn déi Plaz wou hie geschlof huet a Panneauen erklären eis, wéi des Plaz zu dem Schetzel senger Zäit ausgesinn huet. Käerzen a Blumme weisen drop hin, dat de Schetzel haut nach net vergiess ass. Et ass impressionnant wann een sech virstellt wéi dee Mënch fréier hei am strenge Wanter an där klenger Hiel gelieft huet. Et gëtt sech erzielt dat d’Baueren aus der Géigend am Wanter en Stéck Brout eraus geluecht hunn, an de Schetzel des nuets siche komm ass fir net ze erhéngeren. Och soll hie mol, wann et ze kal war, am Stall vum Bauer geschlof hunn.

Op alle Fall ass et eng vun deene Plaze wou ee spiert dat se speziell ass. Et ass en deel vun der Gesicht vun eisem Land déi gräifbar gëtt.

Mir ginn dem Wee weider no an treffen op de Schetzelbuer. Hei entspréngt d’Quell vun der Schetzelbaach a fléisst da gemächlech duerch de Bësch ier se een Deel vun der wäisser Iernz gëtt. Der Legend no huet de Schetzel vun dëser Quell säin Drénkwaasser krit.

No kuerzem béie mir mam Wee no e puer honnert Meter lenks an de Bësch of. Waren eis Been bis elo ausgerout da kennt en klengen Hiwwel deen eis Wueden erëm wakereg këddelt. Mee keng Suerg, d’Ustrengung ass nëmme vu kuerzer Dauer. Duerch eenschéinen oppene Bësch, gi mir zeréck a Richtung Parking.

Mäin Tipp: Wann d’Sonn sou lues ënnergeet dann ass de Wee nach en bësse méi schéin an duerch déi oppe Bëscher garantéieren ech Iech wonnerschéi Fotoen. Och bei liichten Niwwel huet d’Schetzel Hiel nach méi en geheimnisvolle Flair.

Praktesch Informatiounen:

  • De Wee ass super fir mat Kanner well en net ze technesch oder laang ass
  • De Wee ass net gëeegent fir Poussettë well et deelweis iwwert Beschwëeer geet
  • Et ass keng speziell Konditioun oder Kleedung néideg fir de Wee ze maachen
  • Dir fannt de Wee als GPSIES op menger Facebook Säit