Nuddelszalot am Glas

Knackeg Nuddelszalot fir matzehuelen

Lo ass de Summer do, an heiansdo ass et sou richteg waarm. Den Appetit verschwënnt an d’Loscht op eppes Waarmes ass engem och séier vergaangen. Ech perséinlech sinn an deene waarmen Zäiten e Fan vun Nuddelszaloten. Ob fir op d’Aarbecht, fir op de Picknick oder einfach fir ënnerwee matzehuelen, gëtt ët vun Nuddelszaloten eng Hellewull Varianten, déi erfrëschend an immens gutt schmaachen.

 

Mee all Mënsch weess, dass eng Nuddelszalot gäre séier matscheg gëtt, an dann och keng Freed méi mécht, zemools wann een se gären den Dag virdru preparéiert. Mee och dat ass guer keen Thema, wann een eng gewësse Stapel-Technik respektéiert.

 

Mir brauchen:

  • 1 grousst Amaachglas, am Beschte mat engem Deckel fir zouzedréinen (Opgepasst: am Glas muss mat der Zalot dran, uewen 1/3 Fräiraum bleiwen, fir herno Zalot mat der Vinaigrette duercherneen ze rëselen).
  • Alles fir d’Vinaigrette an d’Zalot op déi ee Loscht huet.

 

D’Stapel-Technik fir am Glas, déi ët erméiglecht, dass alles knackeg a frësch bleift:

  1. Déi fäerdeg Vinaigrette kënnt ëmmer ganz ënnen an d’Glas.
  2. Dann kommen déi gekachten an ofgekillten Nuddelen drop.
  3. An dann de ganze Rescht, mee vun de méi schwéiere Wueren ugefaangen, bis zu deene méi liichte Wueren erop.

 

 

Fir Iech e Beispill ze ginn, verroden ech Iech meng Liiblings-Variant.

Vinaigrette:

  • Schallotten a Knuewelek ganz kleng hacken.
  • E bëssi Moschter a Peffer a Salz dobäi ginn.
  • En Fläppche Moschter, 4 Iessläffelen Olivenueleg an 3 Iessläffelen Esseg vermëschen an dobäi ginn.
  • (fir verschidde Varianten a je no Loscht kann een nach zousätzlech Jughurt oder Mayonnaise dobäi ginn).

 

Meng Liiblings-Variant:

(dat Bescht ass, dass ee vun all Wuer esou vill ka benotzen, wéi ee Grad Loscht drop huet)

  • 150 gr gekachten an ofgekillten Nuddelen.
  • Thon ( +/- eng hallef Dous).
  • Gréng Ietsen sou vill een der an der Zalot wëll.
  • Piniekären, déi ee kuerz an der Pan reechert.
  • Frësche Rucola.
  • Zum Schluss no der Stapel-Technik alles an d’Glas fëllen, a schonns ass ee fäerdeg. Den Dag selwer oder den Dag drop mathuelen an eréischt kuerz virum Iessen duerchernee rëselen.

 

Fir Iech awer elo sou richteg Loscht op Méi ze maan, verroden ech Iech nach e puer ganz flott Varianten.

  • Penne-Nuddelen, Stécker Waassermeloun ouni Schuel, Cocktail-Tomaten, rout Zwibbel, Feta, e puer Menthe-Blieder.
  • Lasagne-Blieder (gesäit super aus), Mango, Avocado, Rucola.
  • Orechiette, Peka-Nëss, Orangen, Radicchio.
  • Fusilli, Cocktail-Tomaten, Mozzarella, Basilikum-Blieder.
  • Coquillen, 2 gekachten Eeër, gekachten Ham, gréng Ietsen, Mais.
  • Maccharoni, gréng Bounen, Cocktail-Tomaten, gebrodene Speck.
  • Fusilli, gréng Spargelen, Poulet-Broscht, Rucola, Parmesan.

 

Wéi ëmmer, ass och hei der Fantasie keng Grenz gesat. Ech wënschen Iech vill Spaass beim Probéieren a wënschen Iech en gudden Appetit!

 

Entdeckt nach méi Inspiratioun fir Iessen ënnerwee:

  • Summerzäit ass och Picknick-Zäit! Mir hunn Tipps an Tricks fir iech. By Sven Muhlen. (Op Lëtzebuergesch)
  • Kachen ënnerwee ass komplizéiert!? Eben net - Entdeckt wéi een einfach eppes Guddes aus enger eenzeger Pann zaubert. By Patascha (Op Däitsch)

About the author

Nadine Oliboni-Frisch
Nadine Oliboni-Frisch

Née en 1980 au Grand-Duché du Luxembourg, d'origine luxembourgeoise, je me suis établie au Sud du Pays. À côté de ma vie professionnelle, j'adore passer beaucoup de temps avec ma famille et mes animaux domestiques. J'adore inventer et écrire des histoires courtes en tout genre (enfants, chick lit, horreur, fantasy) en luxembourgeois et en anglais.