Neit Buch: "Wien dru gleewe muss"

E Buch vum Léon Schadeck iwwer 2 Bouwen an der Nokrichszäit

De Nico an de Michel sinn zwee Bouwen déi an der Nokrichszäit zesummen opwuessen. Den Nico, oppen a mat engem gudde Charakter, wann och bëssi naiv a guttgleeweg ass dee méi sympathesche vun hinnen zwee. De Michel, mat sengem manner attraktiven Äusseren a voller Frust an Onzefriddenheet, mëscht dëst mat enger extremer Raffinesse nees wett.



De Nico soll dëst dann och méi wéi eemol an sengem Liewen ze spiere kréin, mee leider net op déi gutt Aart a Weis. Eng gemeinsam Dood zerstéiert vir ëmmer de Band vun der Onbefaangenheet an der Bouwefrëndschaft, a leet d'Basis vir weider schlëmm Momenter an hirem Liewen.



Den Auteur Léon Schadeck erzielt op eng beandrockend Aart a Weis, d'Liewensgeschicht vun zwee Bouwen déi nom zweete Weltkrich opwuessen. Hiert Ëmfeld ass geprägt duerch déi schlëmm Erliefnisser am Kriich, déi bei de Leit déif Wonnen hannerlooss hunn. Och an hirer klenger Muselstiedche weisen sech op all Eck Zeeche vun de Bombardementer an der Zerstéierung.



Dee liewege Schreifstil vum Léon Schadeck erlaabt et dem Lieser direkt an d'Geschicht eranzekommen, der hire Schluss een net errode kann. Sou vill sief gesoot: Et kënnt net esou wéi et sollt kommen.

 

Déi zwee Haaptpersonnagë si weder iwwerzunn nach verherrlecht duergestallt, wierken authentesch an et fillt een sech wei wann ee mat hinnen zesummen an der Geschicht dra wier.



Zum Auteur

De Léon Schadeck gouf 1935 zu Esch/Uelzecht an huet de gréissten Deel vu sengem Beruffsliewen als Elektriker bei der Post geschafft. "Ween dru gleewe muss" ass säin éischt Buch a Lëtzebuerger Sprooch. Dréi weider Romaner huet hien op Franséisch geschriwwen.

  • "La Vallée Jaune": eng literaresch Biographie, deels mat Elementer vun engem Krimi am Filmmilieu iwwert de James Dean; um Cover eng Skulptur vum James Dean vum Léon Schadeck selwer realiséiert.
  • Jérôme”: e Bezéihungsroman deen am Dräilännereck Schengen, Sierck und Apach spillt. D’Geschicht handelt vun engem wéineg attraktive Mann an enger kierperlech behënnert Fra, déi Schlassherrin vu Sierck-les-Bains ass.
  • L’Américan”: e Kriminalroman deen an der Lëtzebuerger Groussregioun spillt a vun enger Vergeltungsdood a Relatioun mat der Mafia erzielt.



Zum Buch “Ween dru gleewe muss”


“Ween dru gleewe muss” – Léon Schadeck - Editions Saint-Paul – ISBN 978-99959-2-010-4 – 16€

 

Entdeckt nach méi Bicher aus dem Martine sengem Lieseck:

  • "Prinzessin Charlotte" - E Buch vum Joseph Kayser, deen an dësem Buch mat engem gesellschaftlechen Tabu brécht (Op Lëtzebuergesch)
  • "De Wierdermoler" - Eng Kuerzgeschicht vum Christiane Kremer eng léif kleng Geschicht déi ee mat op d'Rees hëlt. (Op Lëtzebeurgesch)
  • "Fuchs im Aufzug" - 16 Erzielunge vum Georges Hausemer déi kuerz Sequenzen aus dem Liewen erzielen. (Op Däitsch)

 

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende