Natierlech gefierften Ouschtereeër

Mat Naturproduiten farweg Eeër zauberen

Lo hunn mer gläich Ouschteren, an alles dréint sech ëm déi wonnerschéi faarweg Eeër, déi den Ouschterhues bréngt. Mäin Bouf Nicolas an ech sinn ëm dës Zäit ëmmer ganz äerdeg a kreativ.

 

Wéi wier et dann emol mat natierlech gefierften Ouschtereeër? Ech hunn do eppes ausprobéiert, a war iwwerrascht wat d'Resultat betrëfft. Et brauch ee virun allem Gedold, well déi natierlech Faarf extrem laang brauch fir anzezéien. Mee schlussendlech huet een Eeër, wou d'Eewäiss net mat gefierft ass, a fir Allergiker (wat d'Faarf betrëfft) komplett ouni Niewewierkungen.

 

Faarftabell (op 2 Liter Waasser):

  • Mof: roude Kabes +/- 500 gr (am Waasser gekacht, duerch en Sift an ofkille loossen)
  • Blo: Molbier +/- 500 gr (Friichte gutt zerquëtschen)
  • Gréng: Spinat +/- 500 gr (am Waasser gekacht, duerch de Sift an ofkille loossen)
  • Brong: Kaffi +/- 50 gr (opkachen, duerch de Sift an ofkille loossen)

 

Wann d'Eeër gekacht an ofgeschreckt sinn, an de gewënschte Faarwensud leeën, an dann heescht et Gedold hunn! Et ka bis zu e puer Stonnen dauere bis d'Faarwen agezu sinn.

 

Wann de Faarftoun esou ass ewéi gewënscht, huele mer d'Eeër eraus fir ze dréchenen. Zum Schluss déi kal Eeër mat e bëssi Ueleg oder enger Schwaart Speck areiwen, bis se blénken.

 

 

Foto als Beispill: mof Ouschtereeër mat roudem Kabes gefierft.

 

 

Vill Spaass beim Experimentéieren!

About the author

Nadine Oliboni-Frisch
Nadine Oliboni-Frisch

Née en 1980 au Grand-Duché du Luxembourg, d'origine luxembourgeoise, je me suis établie au Sud du Pays. À côté de ma vie professionnelle, j'adore passer beaucoup de temps avec ma famille et mes animaux domestiques. J'adore inventer et écrire des histoires courtes en tout genre (enfants, chick lit, horreur, fantasy) en luxembourgeois et en anglais.