Mat Salzdeeg bastelen

Kreativ Baken

Mäi Bouf an ech waren dës lescht nees kreativ an hunn eis och nach gutt ameséiert. Eppes bastele wou mer nach laang eppes dovun hunn, war mengem Bouf seng Konditioun. Mat flotten Erënnerungen u Fréier, koum Ech op d'Iddi mat Salzdeeg ze schaffen.

 

Dofir brauchen mir:

  • 2 Tase wäisst Miel
  • 2 Tase Salz
  • 1/2 Taass Waasser

 

Dat Ganzt gëtt gutt gemëscht, bis e knietfesten Deeg entsteet. Dann kann et och schonns lass goen an der Fantasie si keng Grenze gesat. Lo kann een alles bastelen op wat ee Loscht huet. Mir hunn Deko-Päiperleken, en Teelicht-Halter, eng Schossel an e Lutschen-Halter gebastelt.

 

Lo geet et un d'Baken. An dat gëtt an 2 Stufen gemaach. 1 Stonn bei 60-80 Grad, an dono 2 Stonne bei 100-120 Grad. Eng aner Method wier de Salzdeeg an der Loft ze dréchenen. Do brauch een awer Gedold, well pro 1/2 Zentimeter kann ee mat engem 1/2 Dag dréchene rechnen.

 

Wann de Salzdeeg dréchen ass kann een alles schéi faarweg molen. Wéinst dem Bouf hu mir mat Waasserfaarwe geschafft. Et geet awer och mat Acrylfaarf oder Lackfaarf. Fir d'Konschtwierker schéi blénken ze loosse kann een d'Wierk mat Lack asprayen.

 

Ech wënschen iech vill Spaass beim Bastelen! 

About the author

Nadine Oliboni-Frisch
Nadine Oliboni-Frisch

Née en 1980 au Grand-Duché du Luxembourg, d'origine luxembourgeoise, je me suis établie au Sud du Pays. À côté de ma vie professionnelle, j'adore passer beaucoup de temps avec ma famille et mes animaux domestiques. J'adore inventer et écrire des histoires courtes en tout genre (enfants, chick lit, horreur, fantasy) en luxembourgeois et en anglais.