Liichtmëssdag

En Dag mat enger laanger Traditioun

Den 2 Februar ass et nees esouwäit...Liichtmëssdag.

 

Wou kennt Liichtmëssdag hier? Et ass en immens alt Fest. Wéi esou vill lëtzebuerger Traditiounen huet och Liichtmëssdag e reliéisen Ursprong. Am 6. Joerhonnert hunn se den 2. Februar ugefaangen den Dag ze féieren als Erënnerung datt d’Maria, dem Jesus seng Mamm, säi Bouf Gott geopfert huet. U sech hält elo eréischt Chrëschtdag ob an d’Fester ronderëm Ouschtere gi lass. Jo, jo, et ass schonn eng bosseg Saach mat eise Fester.

 

Wou kennt da lo dat komescht Wuert Liichtmëssdag hier? Ma am Wuert ass emol “mëss” dann. Dat erënnert fuerchtbar un de “mes” a Kiermes. Ma et ass ganz einfach all déi “mes’ë” oder “mëss” sti fir Fest. An Liicht, t’ja dat ass ganz einfach dat steet fir Liicht, Luucht a sou weider. Liicht oder Käerz, déi ginn deen Dag geseent. Mat der Luucht soll dat Béist verdriwwe ginn. Et soll souzesoe gebotzt gi vum Béisen. Do si mir dann och schonns beim Februar; Februar oder Februare kennt aus dem Latäin a bedeit ob däitsch “reinigen”. Bei den ale Réimer war et de “Sühn- und Reinigungs-“ Mount.

 

Also wéi sou dacks huet net nëmme d'Kierch mee och d‘Reimer an d‘Kelten hei e Wuert mat ze schwätzen. D’Kelte si schonns am Cortègë mat Fakelen iwwert d‘Felder gezu fir dat hir Götter fei sinn. D’Reimer awer och d’Griichen hunn och Fakelzich organiséiert, fir un de Pluto ze erënneren deen d’Persephone, dem Ceres säi Meedche gekidnappt hat.

 

 

Du koum am 6. Joerhonnert e Poopst ob d'Iddi fir dat Luchtefest ze iwwerhuelen. Do hat wuel och jidderee bei jidderengem geknäipt.

 

Dann nach eppes extrem Wichteges! Wa fir Liichtmëss de Bier säi Schied gesäit (also d‘Sonn ze gesinn ass) da geet e sech nach emol fir 6 Wochen ob d’Ouer leeën. (Yuppii, dann dauert de Wanter nach méi laang).

 

Der Traditioun no ginn d’Kanner fir Liichtmëssdag vun Dir zu Dir schellen a sangen e Lidd a kréien da mëschtens e Grapp voll Séissegkeeten. Uechtert d’Land gi verschidde Lidder gesonge wéi zum Beispill d‘Lidd “De klenge Kinnek” oder “Mir Kanner komme liichten”. Awer dat bekanntste Lidd ass de “Léiwer Herrgottsblieschen” vum Nik Welter.

 

Passt also gutt ob den Owend vum 2. Februar, wann d‘Kanner duerch d’Stroossen zéien. A vergiesst net e bëssche Geschnécks am Haus ze hunn. A maacht eng Luucht am Gank un... besonnesch do schellen déi kleng Liichtebengele gären.

 

 

P.S. (Den Dag drop gëtt un den Hellege Blasius geduecht. Dee passt ob de Leiden hiren Hals ob. An der Kierch gëtt engem säin Hals mat 2 Käerze geseent.)

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.