Kannerbuch: Sang mat Eis Zwee

Aus dem Martine sengem Lieseck

Fir iech e klengen Iwwerbléck iwwer "Lëtzebuerg an seng Bicher" ze ginn, proposéieren ech iech hei op dëser Platz Bicher déi an der lescht erausbruecht goufen, an och déi, fir nees an de Grapp ze huelen. 

Deemno hei mäi perséinlechen Tipp aus dem Lieseck mat e puer Hannergrondinformatiounen zum kreativen Team:

"Sang mat eis zwee!", e flott Buch & CD mat Lidder vir d'Kanner aus dem Precoce an aus der Spillschoul.

 

Wéi ass et zu dësem Buch komm? Meng Fro un d'Laurence Hilger-Weber: 

"D'Iddi hate mäi Mann Charel Hilger an ech op Chrëschtdag viru bal 2 Joer, wou mir mat der ganzer Famill zesumme souzen a Riets haten iwwert déi vill flott Lidder déi meng Schwéiermamm, d'Jeanny Hilger an d'Lily Moro fréier als Spillschoulsjoffer geschriwwen hunn. Mir hunn et schued fonnt dass déi Lidder ëmmer méi a Vergiessenheet géife kommen a mir hunn decidéiert dass mir e neit Buch géife maache mat deene schéinste Lidder vu fréier an e puer neien. An mir wollten och eng CD dobäi ophuelen. An dat Ganzt am Kader vum 10. Gebuertsdag vum Bicherhaischen.

 

Beim Chouer hunn mer direkt un d'Himmelsdéiercher geduecht well d'Lily do Éierepresidentin ass. Mir ware frou wou si mat de Bouneweger Nuechtigailercher direkt zougesot hunn."

 

Mat flotten Illustratiounen an 20 Kannerlidder am Buch erkläert an op CD gesongen, si grouss a kleng ze begeeschteren! 

 

Mir perséinlech huet virun allem gutt gefall, dat mat dësem Buch och Lidder aus menger Kandheet nees opliewen a fir ons Kanner nei ze entdecke sinn. 

 

Léif Gréiss! 

 

Martine

 

Informatiounen zum Buch

Sang mat eis zwee! -- Editioun Bicherhaischen -- ISBN : 978-99959-999-2-6 -- 29 €

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende