Hierscht um Dësch

Hierscht-Zerwéiten

Ech perséinlech fannen et sou schéi wann d ‘Sonn duerch déi sëllech faarweg Blieder vun de Beem schéint. Vun gréng bis brong, a vu giel bis rout ass all Faarf dobäi.

Lo kënnt den Hierscht a gëtt eis d'Geleeënheet duerch seng Faarwen a Formen kreativ ze ginn. Firwat sech beim Zerwéiten faalen net vun den schéinen Hierschtblieder inspiréieren loossen!

 

D‘Zerwéiten Deko "Blat":

1. Mir falen eis Zerwéit zu engem Dräieck.

2. Lo diebele mer en Boer erop.

3. Mir man dat lo vun all Säit, wéi een e Fächer géif falen, bis mer ganz bäi sinn.

4. Lo gëtt eis Zerwéit an der Mëtt gediebelt, an uewen d ‘Spëtzt ganz neelech zesumme gerullt, dass mer eis "Blat" Form halen.

5. Nach e flott Blat, eng Käscht, eng Blimmchen, en Kraut, en Gewierz....asw... drun befestegen, a schonn hunn mir eng flott Hierscht Deko fir op den Teller.

 

Natierlech kann ee senger Fantasie fräie Laf loosse wat d ‘Faarf vun der Zerwéit betrëfft. An de Kanner mécht et Spaass mat ze bastelen.

About the author

Nadine Oliboni-Frisch
Nadine Oliboni-Frisch

Née en 1980 au Grand-Duché du Luxembourg, d'origine luxembourgeoise, je me suis établie au Sud du Pays. À côté de ma vie professionnelle, j'adore passer beaucoup de temps avec ma famille et mes animaux domestiques. J'adore inventer et écrire des histoires courtes en tout genre (enfants, chick lit, horreur, fantasy) en luxembourgeois et en anglais.