Gedicht: D’Käerzen si kaaft

By de Poet

D’Käerzen si kaaft

Se wëllen ugefaange ginn

Eng Fee huet se erschaaft

Et zitt mech zu hinnen hin

An dem Käerzeliicht

Matt dir un engem Dësch

Mat engem Laachen am Gesiicht

Hunn ech dech erwëscht

Well ech deng Hand kann halen

A well deng Ae Liichten

Ech loosse mech einfach falen

An hu Loscht eng mat dir ze stiichten

Du dees mech d’Liewe spieren

Sees mir ouni Wieder wat wichteg ass

Ech ka mech dogéint net wieren

Well’s du meng Erfëllung bass

Mäi Buedem ënnert menge Féiss

Wa mäin Häerz sech iwwerschléit

Keen Mutt dee mech verléisst

Well sech d’Welt just em eis dréint

Just deng Hand déi mech beréiert

Gett mir Energie an Kraaft

Ee klenge Kuss dee mech verféiert

Gott säi Dank hu mir Käerze kaaft...

About the author

Roger Peiffer
Roger Peiffer

Geschriwwen hunn ech eigentlech nach ëmmer. Säit 2012 allerdéngs vill méi intensiv. 2014 sinn ech op de Wee gaangen e puer vu menge Wierker op menger Facebook-Säit „De Poet“ ze verëffentlechen. No dem groussen Zousproch vun der Säit hunn ech 2015 mäin éischt Buch “Das Unikat und 100 gefühlte Gedichte” an Eegeninitiativ beim BoD Verlag an enger Oplag vu 500 Bicher drécke gelooss. Schonns no kuerzem war d’Buch ausverkaaft, ass awer nach online, notamment als E-Book ze kréien. 3 nei Bicher si schonns fäerdeg a wäerten deemnächst verëffentlecht ginn.