Garden Route a Südafrika

vu Kapstadt bis Port Elisabeth DEEL I

Südafrika gehéiert zu deenen opreegendsten, schéinsten an ofwiesslungsräichste Reesziler vun der Welt. Trotzdeem scheien sech vill Vakanzler dëse Kontinent ze bereesen. An dëser Artikel Serie vun am ganzen dräi Artikelen huelen ech Iech mat op eng Rondrees (ech géing minimum 14 Deeg fir dës Rees aplangen) an ech raume Viruerteeler an Ängschten op.

Elo gläich ass Wanter a Südafrika, also net déi ideal Zäit dohinner ze reesen ma et ass awer déi ideal Zäit eng Rees dohinner ze buchen, an dem kalen a groe Wanter 2019/2020 zu Lëtzebuerg fir eng kuerz Zäit ze entfléien. 

Südafrika ass eng Rees wou engem dauernd den Otem stoe bleift, mat engem wonnerbare Klima an d‘Sonn ass ëmmer um Rendez-vous. Ech fléien all Joer’s am Februar, iwwer Amsterdam op Kapstadt. Start vun der Rees sinn 4 Deeg Kapstadt, wou ech mir een Auto an ee vun deene fantastesch schéinen Appartementer (iwwer AIRBNB), no beim Hotel Southern Sun, lounen. Mat e bësse Chance huet d‘Appartement och eng wahnsinneg Vue op den Tafelbierg. Vun hei aus kann een ouni Problem souwuel an de Supermarché, wéi bis bei Victoria & Alfred Waterfront laascht den Hafen goen. Déi mëscht vun dësen Appartementshaiser hunn een eegene Sécherheetsmann oder souguer eng kleng Receptioun. Am Allgemeng brauch een zwar net ze fäerten, awer ech rooden Iech awer un Iech net mat Ärem ganze Gold ze behänken wann dier d’Stad entdecke gitt.   

Emol am Appartement ukomm geet et och scho lass Richtung Victoria & Alfred Waterfront. (Vergiesst Äre Fotoapparat net, et gëtt esou vill festzehalen!) Dëst Hafegebitt lackelt mat maritime Flair, gudder Gastronomie an engem grousse Shoppingzenter, deen direkt op t’Mier gëtt. Um Wee dohin, freeën ech mech all Kéiers op d’Musiker, déi d‘Passante mat hire Rhythme matrappen a gutt Laun verbreeden. Just virun der V & A Waterfront ass deen neien Zeitz Musée opgaangen, loosst Iech dësen op kee Fall entgoe wann Dir un zäitgenëssescher afrikanescher Konscht interesséiert sidd. 

Et gëtt esou vill un der Waterfront ze kucken:

  • De Food Market on the Wharf (bannen dem ale Musica Gebai):  Hei ginn et allerhand Spezialitéite fir ze iessen, et sinn ëmmer vill Leit do an d'Atmosphär ass ganz extra 
  • Den Nobel Square (direkt beim Food Market):  eng Plaz déi an eire vun de 4 Nobelpräisdréier, Desmond Tutu, Nelson Mandela, Alber John Luthuli a Frederik Willem de Klerk, 2005 ageweit ginn ass.
  • D’Riserad: een Tour lount sech op alle Fall, net just wéinst der Vue op den Tafelbierg an de Lion’s Head.  
  • Fir eng Kaffi- oder Dessertspaus: de Luxushotel The Table Bay
  • Mäin Liiblingsrestaurant ass d’Harbour House an deem ech ëmmer de Fësch vum Dag bestellen
  • Beim Clock Tower Square kennt dir dann um Terminal d‘Scheff huele fir op d‘Robben Island. Dës Insel ass engersäits duerch hir politesch Geschicht bekannt (den Nelson Mandela war hei politesche Prisonéier), ma si gehéiert duerch hire villfältegen Eko-System och zum Unesco Weltkulturierwen. (Bucht Ären Tour am Viraus)

Et gëtt nach sou munches zu Kapstadt ze entdecken, dës Stad um Fouss vum Tafelbierg ass voller Liewen, Faarwen a Liicht:

  • Long Street ass den Zeenen Treff fir e hip Cocktails a Kudu, Krokodil- oder Straussesteak ze probéieren.
  • Den Tafelbierg kann ee mat enger Gondel erfuerschen (den Ticket online bestellen, dat verhënnert an der Schlaang stoen). Passt awer  op d'Wiederkonditiounen op, well ass et schlecht, fiert Gondel net erop! D’Aussicht ass spektakulär. Och ginn et vill Leit, déi moies fréi op de „Lions Head“ eropkloteren, dat hunn ech allerdéngs nach op der To Do Lëscht stoen.
  • Um Wee op den Tafelbierg de Bo-Kaap Véierel mat de farwechen Haiser op kee Fall verpassen.

Wann dir Kapstadt bis entdeckt hutt, bitt et sech un d’Ëmgéigend e bësse besser kennenzeléieren. Heifir kann ee ganz einfach zu Kapstadt wunne bleiwen a mam Auto op den Tour goen. 

D’Kap der guten Hoffnung, oder wéi de Sir Francis Drake et 1577 beschriwwen huet: dat schéinste „Enn vun der Welt“, leit knapp annerhallef Stonn mam Auto südlech vu Kapstadt. (et gëtt och ee Sightseeing Bus dee vu Kapstadt dohinner fiert) an ass elo eist Ziel.


Einfach riicht mam Auto erof fuere wär awer langweileg dofir proposéieren ech Iech eng Réi Stopps um Wee dohinner an zréck:

  • Hout Bay: verpasst net déi dramhaft Aussiicht
  • Camps Bay: ee Selfie um Troun um Strand ass ee Muss
  • Simon’s Town: mat sengem laang gezunnene wäisse Strand mam Numm Long Beach an och den Boulders Strand, deen säin Numm den Granitbrocke verdankt, ass ee Stopp wäert.  Déi grouss Attraktioun ass hei eng Kolonie vun Brellepinguinen. Hire Geroch verhënnert, dass een ze no erun geet. :-)

Küstestrooss féiert ëmmer wieder Richtung Süde bis dir op der Kap Hallefinsel, déi ënner Naturschutz steet, an zu engem Nationalpark ernannt gouf, sidd. Op dem ronn 8000ha grousse Stéck mat 40km Küst liewen Antilopen, Straussen, Biergzebras a virun allem Pavianen. Dës kënnen immens opdrénglech ginn an Dir begéint se sécherlech scho beim Autofuere laascht Strooss. Loosst Är Fënsteren an Dieren zou anfiddert se op kee Fall. Virun der Küst gesitt der Delfinen, Robben a Walen. Honnertdausende Leit zitt et op dat südwestlecht Enn vun Afrika an déi berühmte Foto um Cape Point ass een absolute Must.

Fir zeréck op Kapstadt kënnt Dir iwwer Muizenberg fueren, an um Strand vun St. James eng Kaffispaus maachen an déi fuerweg Buedhaisercher bewonneren. Iwwert de Chapman’s Drive geet et dann weider Richtung Kapstadt mat, wann der Loscht hutt, engem leschten Ofstiecher op Constantia Vallez.

An de Wäinbierger léist sech den Dag herrlech auskléngen. Um historesche Waigut Groot Constantia roden ech Iech e liichte Sauvignon Blanc ze probéieren an d'Rou ze genéissen.  

 

Wann dir Är Rees op 2 Woche begrenzt hutt da gi 4 Nuechten zu Kapstadt duer. Wouhin eis Rees eis no Kapstadt hiféiert verroden ech Iech am nächsten Deel.

About the author

Viviane Sloniewicz
Viviane Sloniewicz

Schonn als jonkt Meedche sinn ech gäre gereest, konnt mir dee Kandheetsdram awer eréischt spéider verwierklechen. Ech hat an hunn op menge Reese vill schéi Momenter a weisen déi zënter 3 Joer op mengem Facebook “Viviane’s Logbooklet”. 2007 sinn ech an d'Triathlonszeen komm a sinn zanter 3 Joer weltwäit bei de grousse Coursen dobäi.

Aus engem Jux eraus fotograféieren ech zanter 2 Joer Triathleten, Fotoen déi ech och op mäin Blog setzen. Meng Iddi war fir de Leit ze weise wéi et an der Welt ass a wat alles duerch d'Reesen entstoe kann. Ech hat eng grouss a sympathesch Resonanz, déi mir vill Freed gemaach huet, sou dass ech héchstwahrscheinlech domat nach eng Zäit weiderfueren. Ech sinn heimat dann och ëmmer mat jonke Läit vun allen Natiounen zesummen a léiere vill bei. An menger Pensioun ass dat absolut richteg an och eng Erausfuerderung, déi ech genéissen. Et hält mech jonk ëmmer a Beweegung ze sinn an Neies kennen ze léieren.

Mäin Dram ass et, 2020 zu Tokyo op der Olympiad dierfe Fotoen ze maachen.