Fuesent

Zäit vun de Boken

Wéi esou dacks, huet och nees eis Fuesent villes mat der Kierch, awer och mat heednesche Bräich ze dinn. Wéi passt dat alles ënnert en Hutt oder, hei besser gesot, ënnert en Bok.

 

Et ass net einfach alles zesummen ze faassen, wat iwwert Joerhonnerten einfach zesumme gemëscht gouf. Eppes direkt viraus gesot: vill vun de Bräich ronderëm Fuesent si verluer gaangen a leider ass och net méi alles novollzéibar. D'Fuesent ass haut e komplette Mix vun alen Traditiounen a gouf ëmmer nees néi erfonnt. Dowéinst ass och villes haut am Donkelen.

 

Fuesent, vu wou kennt dat Wuert hier?

Do ass schonn déi éischt Krom an der Heck. D'Wuert Fuesent, genau wéi am däitsche Fastnacht, besteet aus zwee Deeler. Den éischten Deel Fues, huet emol als éischt eppes mat fues, fueselen oder ob däitsch “faseln” ze dinn; Also Brach schwätzen! Den zweeten Deel “-ent”, kennt vun Hënt also der Nuecht. Am Ufank war d'Fuesent just deen een Dag virun der Faaschtenzäit; Fuesent wéi och Fastnacht schwätzen haut vun der Zäit virun der Faaschtenzäit.

 

Iwwerall ob der Welt fänkt d'Fuesent ëmmer zu aneren Zäiten un. Bei eis gëtt d'Fuesent mat Liichtmëssdag agelaut an dauert bis zum Ufank vun der Faaschtenzäit... sou sollt et emol sinn. Awer wéi mir wësse geet et mëttlerweil och scho bis an d'Faaschtenzäit eran.

 

Dann direkt emol eng weider Bemierkung um Rand. Eis Nopere schwätze vum Carneval. Carne-val, den Abschid vum Fleesch.

 

Bei de Réimer, wéi och bei den Heede goufen et Fester ëm des Zäit. Et waren alles Fester déi mam Fréijoer an der Fruchtbarkeet ze dinn haten. Iergendwann ëm 12. Joerhonnert koum d'Kierch ob d'Iddi déi Fester an d'Virbereedung vun der Faaschtenzäit opzehuelen. Esou huet een déi néi Gleewesch net virun de Kapp gestouss. Si konnten hier Fester weider féieren an et gouf elo e gudde Grond dofir, wëll gläich géif ee Faaschten. A wat ass da besser wéi sech nach emol gutt ze ameséieren an sech de Bauch gutt voll ze schloen.

 

 

Awer an där Zäit gouf net nëmme vill Blödsinn gemaach, mee et war och déi Haaptsäit am Joer fir sech ze bestueden. Traditionell ass sech an der Fuesent bestuet ginn. Da konnten d'Meedercher de Bouwen eppes Séisses schenken, fir dann ob de Bal gelueden ze ginn. A wat hunn se verschenkt? Ma Fueskichelcher, Verwurrelter a sou weider. An där Form gëtt et dës Traditioun net méi. Awer iergendwéi erënnert dat heiten un d'Bretzelen an un de Bretzelssonndeg.

 

Iergendwann ass da Fuesent eriwwer. Bei eis geet et mam Äschermëttwoch mat der Fuesent ob en Enn an d'Faaschtenzäit geet un. Faaschten heescht awer net ob alles Verzichten; awer ob mannst ob Fleesch (an alle Formen). De Fësch bleift awer um Menüsplang. A dowéinst ass dann och de Fësch an dëser Zäit am Horoskop ze fannen.

 

Fir Äschermëttwoch sollt et fäerdeg si geet awer bis Halleffaaschten, also e puer Deeg méi laang.

 

De Bok, ass immens wichteg an der Fuesent. Awer wou kennt dat Wuert dann hier. Fir dem Wuert säin Ursprong ze verstoen, musse mir bis iwwert den Äermelkanal bei d'Englänner goen. Do kennt en an der Ëmgangssprooch d'Wuert “to boke”, dat esouvill bedeit wéi sech iwwerginn; also näischt Schéines. De Bok, oder et Bokemaul ass en ellent Gesicht; dat en haalt mat enger Bok kritt. Gutt dat se haut awer ob mannst oft schéi sinn.

Firwat de Bok benotzt gëtt; Haut ob alle Fall fir sech “just” ze verkleeden. Fréier goufen en et e puer Grënn fir déi een de Bok gebraucht huet; a Meeschtens hat et eppes mam Fleeschgenoss ze dinn...

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.