Eng Strooss, déi lieft!

& Sichen a fannen ! Fir kleng Entdecker

Op Entdeckungsrees duerch d'Kannerbicherlandschaft hunn ech Iech d’Buch Eng Strooss, déi lieft! an d'Serie Sichen a fannen! Fir kleng Entdecker matbruecht. 

Eng Strooss, déi lieft ass ee wonnerschéint illustréiert Kannerbuch, a Form vun engem Haus, fir Kanner am Alter tëscht 3 a 7 Joer.


Duergestallt an herrlechen Faarwen, kënnen d'Kanner Säit vir Säit entdecke wat et alles an enger Strooss ze gesi gëtt! Sief et dem Pier seng Patisserie oder de Café Belair. An wat sech wuel alles hannert de Fënstere verstoppt? Do mëscht dem Pat säi Party-Buttek mat deem flotte Clownsgesicht mech zum Beispill am meeschte virwëlzeg. Natierlech duerf och ee Restaurant oder en Dokter net feelen an op der Récksäit gesäit een d'Kanner op der Spillplaz an vill Autoen op der Strooss. Mee dëst d'Buch huet nach esou vill méi ze bidden - ech well Iech net alles verroden. 

D'Buch baséiert op enger Publikatioun vun Nosy Crowd Ltd déi 2018  ënnert dem Originaltitel Busy Busy Street erauskomm ass. 2018 ass et dunn och vum Luc Marteling a vu Kremart aus dem Engleschen op Lëtzebuergesch iwwersat ginn. 

"Dëst spektakuläert Buch mat ville Klappen ass wéi eng flott Geschicht: Et ass eng faarweg Akafsstrooss fir auszeklappen an eng richteg Stad-Landschaft, fir däin Zëmmer ze dekoréieren!"  Dëse klenge Resumé kann ech just ënnerschreiwen. En wonnerschéint Buch, wat de Kanner op alle Fall vill Freed mëscht. 


Eng weider Iwwersetzung vu Kremart, déi am leschte Joer eraus komm ass, ass Sichen a fannen ! Fir kleng Entdecker. Dës 4 Bicher am klenge Format, fir Kanner ab 2 Joer, presentéiert an enger uspriechender Box, bidde grousse Spaass, mat kuerzen Texter a flotten Zeechnungen. A 4 Themeberäicher agedeelt, ass vir jiddereen eppes dobäi: Bei den Déieren, Um Bauerenhaff, Um Schantjen an Meng Bësel-Biller. Hei gouf déi däitsch Originalversioun 2016 ënnert dem Titel  Sachen suchen für kleine Entdecker vum Verlag Ravensburger Buchverlag Otto Maier GmbH erausbruecht.

Vir d'Kanner e bëssen unzesporne vir nei Wierder ze léieren, sinn hei zum Beispill Déieren, Planzen oder Géigestänn eenzel ofgebilt a benannt. Bei all Bild steet och eng kleng Beschreiwung dobäi vir et dem Erzieler méi liicht ze maachen, d’Bild ze erklären. Bléckfang sinn awer och hei erëm déi wonnerschéin Zeechnunge mat den herrlech ofgestëmmte Faarwen.

Vun der Haptik hir sinn déi zwou Publikatioune ganz kannerfrëndlech gemaach: den decke Kartong léisst sech mat de klenge Kannerhänn gutt gräifen an ass robust genuch vir munch kleng Abenteuer ze duerchliewen. Déi liicht Plastifizéirung verhënnert desweideren dat alles direkt mat Fangerofdréck voll ass.

Fir mech sinn di 2 Publikatioune vu Kremart iwwert déi ech Iech haut geschwat hunn, eng flott Entdeckungsrees fir Grouss a Kleng mat deenen d’Elteren an d’Grousselteren de Kanner sécherlech eng Freed maachen.   


Natierlech schléissen ech mäin Artikel och haut net of ouni ee klengt Gewënnspill: Wann Dir eng vun dëse Publikatioune gewanne wëllt, da klickt Iech op meng Facebook Säit eran a post 'Kannerbuch' ënnert déi passend Publikatioun. D’Gewënnspill leeft bis en Donneschden den 2. Mee 2019.
 

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende