E gudde Rutsch

a Prost Neit Joer!

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Geschwënn ass 2018 eriwwer. Den 31. Dezember feiere mir Silvester! Mir versammelen eis mat Famill, Frënn a Kolleegen, iessen eng gutt Raclette oder Fondue, a waarden op Mëtternuecht! 10 Sekonne virun 12 ziele mir dann de Countdown, käppen eng Fläsch Schampes a prosten um Punkt 12 mateneen. Jidderee wënscht deem aneren „E schéint Neit Joer“ oder „Vill Gléck am Neie Joer!“.

Dat Wuert „Prost“ kënnt aus dem Laténgeschen a bedeit sou vill wéi „Et soll geléngen“.

Deene Leit, mat deenen een net feiert, wéi zum Beispill Aarbechtskolleegen oder Clienten, wënscht ee virdrun „E gudde Rutsch“. De „gudde Rutsch“ kënnt net vu „rutschen“. D‘Riedensaart kënnt vum hebräesche Wuert "Rosch" an heescht „Ufank“. Wënscht een enger Pesoun also en „Gudde Rutsch an d‘Neit Joer“, seet een net, datt si bei äisegen Temperaturen mëll lande soll, falls si ausrutscht. Mee et wënscht een e besonnesch gudden Ufank vum Neie Joer.

Firwat heescht et „Silvester“?

De Poopst Silvester I. huet deem Dag den Numm ginn. Hie gouf am Joer 314 no Christus zum Poopst ernannt. Hien ass den 31. Dezember 335 zu Roum gestuerwen a vum Joer 813 un ass säin Doudesdag fir d’éischt fir Silvester am Kalenner ernimmt ginn.

„Silvester“ ass also och e männleche Virnumm. Silvester kënnt genau wéi de weibleche Virnumm „Silvia“ vum laténgesche Wuert „silva“, wat Bësch heescht.

Wou kënnt Silvester hir?

Silvester ass en heednesche Brauch. Heednesch war fir d’Chrëschten iwwer vill Jorzéngten alles wat net chrëschtlech war. D‘Germanen an d‘Kelten hunn d‘Feier vum Joreswiessel scho kannt. Si hunn awer fir d’Wantersonnewend gefeiert, haut bei eis den 21. Dezember.

D‘Germanen hu gegleeft, datt hire gefaarte Krichsgott Wotan mat senger wëller Gespensterarméi ënnerwee wier an d’Grenz tëscht de Liewegen an den Doudege verschwanne géif.  Si hunn net nëmme gefaart déi Doudeg kéimen erëm, mee och dämonesch Wiesen aus der Ënnerwelt an hunn dofir Kaméidi gemaach fir d’Geeschter ze verdreiwen.

D‘Traditioun, an der Silvesternuecht e Freedefeier ze maachen, geet och op e Brauch vun de Germanen zréck. Well d‘Germanen d‘Silvesternuecht gefaart hunn, hu si en "Hällespektakel" gemaach. Jiddereen huet esou vill Kaméidi gemaach, wéi en nëmme konnt.

Nieft dem Freedefeier huet Silvester och d‘Bläigéissen als Traditioun. Déi gegosse Figure sollen eis Hiweiser op Ereegnesser am neie Joer ginn. Alternativ kann een och Kaarte leeën oder Kaffissaz liesen, fir „an d‘Zukunft ze kucken“.

Symboler gehéieren natierlech och zu Silvester dobäi. Dacks gesäit een e véierbliederegt Kléiblat, ee Schwéngchen, e Schaaschtechbotzer oder e Méckeprabbeli - si all sollen am neie Joer Gléck bréngen.

Da ginn et och nach d’Metten, eng Mëtternuechtsmass. Am Fernseh lafe vill Sketch-Sendungen – an natierlech de Kult-Klassiker "Dinner for One".

Bild via phindi.com

Och de Groussherzog hält um Fernseh seng Neijoersusprooch un d’Lëtzebuerger.

Vocabulary:

versammelen = to meet     

Mëtternuecht (f) = midnight

käppen = to whack                               

prosten = to toast

jiddereen = everyone                               

Gléck (n) = luck

wënschen = to wish                                  

Laténgeschen = Latin

geléngen = to succeed                             

rutschen = to slip, to slide

Riedensaart (f) = saying                                   

hebräesch (adj) = hebrew

Ufank (m) = the beginning                        

mëll (adj/adv) = soft

landen = to land                                              

falls = if, in case

ausrutscht = Verb: ausrutschen  = to slip           

Poopst = the pope        

ernimmt = verb: ernimmen = to mention           

Bësch (m) =  forest

kënnt … hir = verb: virkommen = to occur, to happen                  

heednesch = pagan

Brauch (m) = custom, rite                           

gefaart (p.p.) = verb: fäerten = to fear, to be afraid of

wëll = wild                                                  

Gespensterarméi (f) = ghost army

Liewegen (m) = a living person                       

Doudegen (m) = a dead person

Wiesen (n) = being, creature                             

Ënnerwelt (f) = nether world

Kaméidi (m) = noise                                          

Freedefeier (n) = fireworks

Häll (f) = hell                                                    

Bläigéissen (n) = lead casting

gegoss (p.p.)= verb: géissen = cast                 

Hiweis (m) = tip, hint

Ereegnes (n) = event                                         

Kaarte leeën = tell the fortune

Kaffissaz liesen = to read tea leaves                  

véierbliederegt Kléiblat = four-leaf clover

Schwéngchen (n) = little pig                    

Schaaschtechbotzer (m) = chimney sweep

Méckeprabbeli (m) = fly agaric                   

Usprooch (f) = speech

About the author

Tania Hoffmann
Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.