Discgolf

Eng Mëschung zwëschen Minigolf a Frisbee

Déi éischte Kéier wou ech dat héieren hunn: Discgolf. Ech hunn et net direkt kapéiert. Wat dann elo? Disco a Golf? Hu mir elo eng Disco an där e Golf spille kann?

NEE!

Discgolf ass e flotte Sport an et ass eng wierklech gelonge Mëschung zwëschen: Minigolf a Frisbee. Dat héiert sech am éischte Moment zimlech verréckt un. Wou gëtt et esou eppes? Zenter kuerzem ass en Discgolf zu Diddeleng opgaangen. Natierlech hu mir eis direkt ob de Wee gemaach wou mir dat gelies hunn; Eng néi Sportaart zu Diddeleng.

Am klenge Parc direkt virum Lycée NicBiever kann een elo also Discgolf spillen.

Wéi geet dat?

U sech kennt jidderee schonn all Reegelen. Et ass genee wéi beim Minigolf ebe et gëtt net mat engem Schléier an engem Ball gespillt mee mat engem Frisbee. Wien als déi mannste Versich gebraucht huet säi Frisbee an de Kuerf ze geheie huet gewonnen. Wéi beim Minigolf ginn et Grenzen, dee Frisbee deen ausserhalb vum Spillfeld léie bleift kritt Stroofpunkte.

Et kann een am Ufank mat all normalem Frisbee spillen. Et ginn awer speziell Discgolf-Frisbeeë. E bësschen wéi beim Golf, fir all Situatioun, Spillzuch, en eegene. Et ginn der déi méi wäit fléien, dofir awer net esou präzis, Anere fléie méi präzis awer net esou wäit... Spezialisten hunn bis zu 30 där Scheiwen dobäi. Keng Angscht, fir Spaass ze hunn geet een duer.

Also kroomt är al Frisbeeën eraus a kommt ob Diddeleng!

Vill Spaass!

Aner flott Aktivitéiten zu Lëtzebuerg: 

Fannt eraus wat een nach Enn Oktober zu Lëtzebuerg kann ënnerhuelen, en Artikel vum Tanja (op Englesch) 

Wéi wär et mat enger Visite am Mëllerdall? Liest wéi d'Lis den Trail erlieft huet (op Däitsch)

Och Mountainbike gëtt am Hierscht extra spannend duerch déi erofgefalen Blieder! En Artikel vum Christian (op Lëtzebuergesch)

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.