Den Edouard op der Gare

Eng BD vum Marc Angel

An den Alter komm, erzielt den Edouard dem Lieser seng Liewensgeschicht, déi et nawell an sech huet! Onverhofft, op der Gare als "Sans Abri" gelant, muss hien sech duerch d'Liewe schloen. Heibäi knäppt hie Frëndschaft mam Heinz, engem Iwwerliewenskënschtler par excellence. An dem Heinz seng Geschicht kënnt deem een oder anere Lieser wuel méi wéi bekannt vir. 

Et sinn net eleng d'Liewensgeschichte vun de Protagonisten, déi faszinéieren, et sinn och déi flott Illustratiounen déi dëst Wierk ervirhiewen. Faarwespill wäisst op den düsteren an eeschten Hannergrond. Protagoniste si flott duergestallt an d'Mimik ass gelongen. Alles passt!

Komplexitéit vun der Geschicht gëtt och ervirgehuewen duerch de Fait dat se no dësem Band net ophält. Fortsetzung follegt a mir si méi wei gespaant.

Mat sengem mëttlerweil 12ten Wierk bei der de Marc Angel souwuel verantwortlech vir d'Illustratioun wéi och den Text ass, huet den Auteur den éischten Deel vun enger interessanter Liewensgeschicht publizéiert.

Photo via de Marc Angel 

Ech perséinlech hunn den Här Angel wéi och seng BDen nach net kannt an hunn mir erlaabt, him e puer Froen ze stellen :

Wouraus ass d’Geschicht entstanen? Wat huet Iech inspiréiert? 
Ausléiser war dat ominéist Joer 1968. Well deemools awer zu Lëtzebuerg net vill gelaf ass, hunn ech eng fiktiv Geschicht zesummegesponnen, an där ech Kandheetserënnerungen an déi berühmte Paräisser Studenterevolte matenee verbonnen hunn.
De Personnage vum Heinz ass inspiréiert vun engem, deen et wierklech gouf. Ech hat zwar perséinlech näischt mat ëm ze dinn, weess awer, dass hien tatsächlech sou eng Aart Philosoph ënnert de Stater Strummerte war. Et heescht, hie wär als ungareschen Ingenieur heihi komm, fir beim Bau vun der Staumauer a vun der Rouder Bréck ze hëllefen.

Souwuel Zeechnunge wéi den Text sinn aus Ärer Hand? Wouhier kënnt dës Kreativitéit? 
Ech hu mech als Kënschtler nach ëmmer fir d’Kombinatioun vun Text a Bild interesséiert. Mat Biller Geschichten erzielen ass eng Passioun, déi sech a menge BDen, an och an aneren Aarbechten ausdréckt.

Ass dëst Ären éischte Projet? 
Dëst ass mäin 11. BDs-Album. Meng lescht Wierker sinn: 

  • De Jas 1 an 2
  • De Schëmmelreider vun Useldeng
  • Schichtwiessel, eng Déifferdanger Aarbechtergeschicht (all bei Editions INSITU)
  • Meng 3bänneg Serie « Deemols – Episoden aus der Lëtzebuerger Geschicht » (Binsfeld 1999-2003).


Gëtt et e Message deen Där mat dëser BD déi jo nach weider Follegen huet (wéi vill?) vermëttele wëllt? 
Et sollen op d’mannst 3 Bänn ginn, déi sech an ënnerschiddleche Géigenden am Land zoudroen. Wat Messagen ugeet, wëll ech net de Moralapostel spillen. Et sinn awer eng ganz Partie clins-d’oeilen dran. Meng Personnage si jo all « Underdogs », déi sech zu Lëtzebuerg mussen duerchschloen. Dat bitt d’Méiglechkeet, verschidden Aspekter vun eiser Gesellschaft méi oder manner kritesch ze beliichten. Och den Zäitsprong vun 1968 bis haut erméiglecht Vergläicher an Uspillungen. Dovun ofgesinn, hunn ech virun allem probéiert, eng spannend Geschicht z’erzielen, déi de Lieser soll bei der Staang halen.

Wat sinn déi Bicher déi Iech am Meeschte gepräägt hunn? 
Ech liese vill an hu kee wierklecht Liiblingsbuch. Eent, wat ech an der Lescht mat Begeeschterung verschlongen hunn, ass dem Paul Auster säin « 4321 »
BDs-méisseg sinn ech Fan vu Klassiker wéi Tintin oder Corto Maltese, awer och vu manner bekannte Wierker, déi ech ëmmer erëm aus dem Regal kropen.

 


 

Wann Där elo virwëtzeg sidd, wat et mat dem Edouard senger Geschicht op sech huet da mellt Iech bis den 30sten August bei mir op der Facebook Säit, well do gëtt et e Band ze gewannen :). 

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende