Déi bescht «Gutt Noriichten» vum Newsdraach vum Abrëll

Den Newsdraach dreemt dovun, datt seng gutt a positiv Noriichten op Lëtzebuergesch de Leit dobausse gefalen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht zauberen oder e waarmt Gefill vu Freed vermëttelen. An dësem Artikel erzielt hien Iech déi bescht « Gutt Noriichten » vum éischte Mount am Joer 2019.

Wéi sech Altersheemer op Seniore mat Migratiounshannergrond astellen

Münchenstift setzt an dräi Haiser op eng international Kulturoffer, Fernseh an anere Sproochen oder Iessen aus anere Länner. Dat gefält och de Mataarbechter.

Wëllkommen Ofwiesslung fir déi eng, e Stéckelchen Heemecht fir déi aner: Méi wéi siwwenzeg Prozent vun de Mataarbechter am Haus hu Migratiounshannergrond. Viru fënnef Joer waren do eréischt knapp fënnef Prozent vun de Bewunner Migranten, haut sinn et 16 Prozent. A si fille sech wuel, well hinne Verbindungen zu hirer aler Heemecht bleiwen. D'Bewunner aus Italien, dem Land, aus deem deemools d'"Gaaschtaarbechter" koumen, déi elo zu München al ginn, freeë sech, datt si italienesch TV-Sender empfänke kënnen an op déi italienesch Dageszeitung net verzichte muss. An datt si tëschenduerch och emol mat engem Mataarbechter an hirer Mammesprooch schwätze kënnen.

Quell: Süddeutsche

Dëse blanne Mann ass den New York City Hallef Marathon mat dräi Blannenhënn gelaf

Beim Hallef Marathon vun New York City ass e blanne Mann mam Numm Thomas Panek déi ganz Course mat der Ënnerstëtzung vu Blannenhënn gelaf. Leefer, déi net gutt gesinn, si scho Marathone mat mënschleche Guidë gelaf, awer dëst war déi éischte Kéier, datt e blanne Mann sech eleng vun de Muppe féiere gelooss huet fir iwwer d'Zillinn ze kommen.

Dem Panek säi Grond fir e Blannenhond ze benotzen ass méi wéi verständlech; wärend mënschlech Fräiwëlleger ganz hellefräich an ënnerstëtzend sinn, huet him awer d'Gefill vun der Onofhängegkeet gefeelt.

Quell & Foto via: Optimistdaily

Eng 5. Schouljoerklass grënnt hiren eegene "Guttheets-Club" an der Schoul – a gemobbt Kanner profitéiere schonn dovun

D'Kanner aus der Parker Elementary School hunn de Club d'lescht Joer gestart, a Beobachter soen, en hätt e positiven Impakt op d'Klassesallkultur. D'Ady seet, datt si wëllen, datt all d'Kanner sech an der Schoul sécher fillen. Si wëllen och Mobbing stoppen an d'Selbtsvertraue verbesseren.

Quell: goodnewsnetwork

Keen ass esou al wéi d'Kane Tanaka

Elo ass et offiziell: Déi 116-järeg Japanerin Kane Tanaka däerf sech als eelste liewende Mënsch bezeechnen.

D'Tanaka gouf den 2. Januar 1903 als siwent Kand gebuer, vun am Ganzen aacht Geschwëster. Si huet sech am Alter vun 19 Joer bestuet, krut véier Kanner an huet nach ee weidert adoptéiert. Antëschent wunnt si an engem Altersheem am westjapanesche Fukuoka.

Hautzudaags steet si normalerweis moies um 6 Auer op, nomëttes mécht si Mathe a Kalligraphie. Géint 21 Auer geet si an d'Bett. Si huet an hirem Liewen och wéinst Daarmkriibs missen operéiert ginn.

Quell: DW

„Mat zwou Stonne kanns du Liewe veränneren“: Enkelpättercher gi Senioren neie Mutt

D'Trauregkeet an d'Einsamkeet vun de Mënschen do bedréckt déi jonk Russin. Awer amplaz z'ignoréieren, reagéiert si: „The Joy of Old Age“ gouf gebuer. An hire „Bréiwer vun den Enkel“ schreift si an hir Ënnerstëtzer den Heembewunner. Mëttlerweil sinn et 5.000 Leit, déi Bréiwer schreiwen. Dobäi bleift et net eleng bei Bréiffrëndschaften.

Quell: Focus Deutschland

Dir wëllt all Dag op d’mannst eng Portioun gutt Noriichten, da kuckt beim Newsdraach op Facebook eran :) 

About the author

Tania Hoffmann
Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.