De Schmunzel - eng ko(s)mesch Geschicht

vum Jhemp Hoscheit a Carlo Schneider

"De Lappi spréngt erof an d'Kaul an do gesäit hien eppes Komesches : Wat ass dann dat do?, freet en. Hues du schonn sou e Stee gesinn?"

De Lappi a Malla déi zwee Bëschhuesen entdecken eppes an dem Bësch wat eigentlech esou guer net alles anerem gläicht wat si kennen. Mee och en Uhu deen dohi geflu kennt, kann hinnen net direkt eng Erklärung ginn. An Kaweechelchen, an de Wutz, an d'Schwéngchen...

De Jhemp Hoscheit erzielt op 53 Säiten déi flott Geschicht vum Schmunzel deen... abee elo well ech iech awer net ze vill verroden. Just nach datt natierlech alles anescht kënnt wéi ee mengt. An datt natierlech mir Mënschen och mat an der Geschicht eng Roll spillen.

Dëst léift d'Kannerbuch mat Illustratioune vum Carlo Schneider iwwerzeegt duerch eng flott a fléissend Geschicht, an einfacher Sprooch déi gutt ukënnt bei Grouss a Kleng. Déi wonnerschéin Zeechnungen zeien een an hire Bann an droen hiren Deel dozou bei, d'Spannung bis zur leschter Säit oprecht ze halen. 

Wat mir perséinlech och ganz gutt gefall huet ass dat d'Geschicht e roude Fuedem an och en gewëssen Hannergrond huet wéi een am Interview mam Auteur erausliese kann. Virun allem bestiechen och déi wierklech gelongen Illustratiounen, wou déi zwee Huese meng perséinlech Favorite sinn. D'Iddien déi mat verschafft sinn, wei de Space mining, Emojis an Astrophysik bréngen et mat sech dat d'Eltere beim Erziele vläicht déi eng oder aner Erklärung sollte ginn, an d'Kanner awer schonns Informatioune gutt ophuele kënnen.

Natierlech hunn ech mir et net huele geloossen den Auteur e puer perséinlech Froen ze stellen. Virun allem war ech virwëtzeg wéi d'Geschicht em de Schmunzel zu staane koum:

Wat huet Iech op de Wee bruecht fir de Schmunzel ze schreiwen?

Ech war, wéi ëmmer sonndes, op de Gaalgebierg, joggen. Do hunn ech e Bam gesinn, deen de Stuerm aus dem Buedem gerappt hat. Niewent dem décke Wuerzelstack war alles opgewullt ronderëm. An do duecht ech, wéi wär et, wann dorënner e Stee verstoppt wär, kee Minettssteen, mee e Meteorit. A schonn hat ech meng Iddi. Ech schreiwen ëmmer gäre Geschichte fir Kanner mat Déieren, déi eppes Aussergewéinleches fannen, wat net an hir normal Déierewelt passt, e Petzi, e Spillroboter, asw…

Et ass Äert zwieleft Kannerbuch?  Wéii kommt Dier op d'Iddie fir dës Kannerbicher?

Ech wëll mer ëmmer gäre selwer Geschichten erzielen, well ech als Kand vill gelies hunn a mengen eegene Kanner och ëmmer Geschichte virgelies hunn. Dann dauchen op eemol Iddien op, meng Imaginatioun kënnt dann op Héichtouren an ech entwéckelen dann eng Geschicht, lues a lues, Schrëtt fir Schrëtt. Ech si selwer zimlech virwëtzeg an ech versichen, ëmmer eppes Onbekanntes z'entdecken, mat der Sprooch an der Fantasi. Ech muss dann eppes opdecke fir eppes z'entdecken (dé-couvrir), wéi wann alles an eiser Imaginatioun verstoppt wär, et brauch ee just drënner ze kucken, wéi wann een e Schatz sicht, oder e mysteriéisen Tirang opmécht, oder eng geheimnisvoll Dier. Wat verstoppt sech derhannert, hannendrun, drënner: sou entsti Geschichten. 

Wat ass de philosophesche Gedanken hannert dem Schmunzel senger Geschicht?

Am 'Schmunzel' stécht net direkt e philosophesche Gedanken. Et geet mer haaptsächlech ëm d'Geschicht, ëm d'Narratioun, ëm e spannend Abenteuer. Datt een awer tëscht den Zeilen e puer Wourechten oder en aktuellen Zäitbezuch erausfanne kann, liicht mer an, dat iwwerloossen ech awer dem Lieser. Jidderee mécht seng eegen Entdeckung. Dës Geschicht ass elo méi komplex a villsäiteg wéi anerer vu mer. Hei kéint ee Verschiddenes erausliesen, wéi zum Beispill: d'Opgeschlossenheet fir dat Onbekannt, dat Neit, dat Anescht, dat Friemt. D'Déieren am Bësch si jo iwwerrascht, wéi si eppes fir si Onbekanntes fannen, an dat mécht jo grad hiert Liewe spannend. Si wëllen erausfannen, wat et ass. Doduerch léiere se keng Angscht vun deem Aneren, deem Aneschten ze hunn. Et ass och hir Akzeptanz fir dat Anescht-Sinn. D'Déieren heeschen de Meteorit wëllkomm a bidden him an hirem Bësch en neit Doheem, well sie beschütze wëllen. Wichteg ass awer dat sproochlecht Erliefnis. Eppes, wat onwahrscheinlech ass, gëtt duerch d'Sprooch wahrscheinlech. Duerch d'Vermënschlechung vun de Saachen an den Déieren, déi hir Emotioune weisen, wiisst d'Geschicht. Zousätzlech kënnt och nach déi Saach mam Space mining dobäi. Dat war mer awer am Ufank net bewosst, wéi ech d'Geschicht ugefaangen hunn, déi ganz Saach mat der Exploitatioun vun de Weltraumressourcë vum Minister Etienne Schneider. Dofir komme jo och a menger Geschicht d'Astrophysiker fuerschen, déi de Meteorit fir hir eegen (kommerziell) Zwecker benotze wëllen. Dat loossen d'Déieren awer net zou.

Wei ass Zesummenaarbecht mat dem Här Schneider zustane komm?

Wéi ech meng Geschicht fäerdeg geschriwwen hat, hunn ech mengem Editeur, dem Marc Binsfeld se geschéckt. Well mer en Illustrateur gebraucht hunn, hunn ech un de Carlo Schneider geduecht, well seng Manéier, Déieren a Mënschen ze zeechnen, géif gutt bei d'Geschicht passen. Hie war gläich begeeschtert vun der Geschicht an huet mer gläich e puer Zeechnungen a Skizze geschéckt. Mier hunn eis vill (an nëmmen) iwwer Meilen ausgetosch, well de Carlo lieft an der Schwäiz, a vu Woch zu Woch huet de Carlo nei Illustratioune geschéckt an d'Graphikerin bei den Editions Binsfeld huet lues a lues ugefaangen, de Layout ze maachen, dat heescht déi eenzel Illustratiounen an den Text anzebauen, mat ëmmer dertëscht e puer flott graphesch Iddien, déi d'Liese méi flott maache well se visuell ervirstieche – et ass jo zimlech vill Text, an deen huet missen opgelackert ginn…

Wat war dann dat Kannerbuch wat Iech am meeschten impressionnéiert huet?

Als Kand hunn ech nëmmen Enid-Blyton-Bicher gelies. Mirhaten doheem keng Televisioun, wou ech kleng war (tëscht 1958 an 1963), ech hunn also an enger spannender Wiederwelt gelieft mat de 'Fünf Freunden', der 'SchwarzenSieben', den Abenteuer, asw… Doduerch schreiwen ech vläicht haut, well ech an der Wiederwelt hänke bliwwe sinn. Ech (er)schafe mir an deenen aneren, déi mech liese wëllen, mat der Sprooch Geschichten.

Wat war dat Buch wat Iech zum Schreiwe bruecht huet?

Dat war de 'Etranger' vum Albert Camus. Dat Buch iwwert d'Absurditéit vum Liewen, dat ech als jonke Student, mat 16 Joer (1967) am Lycée gelies hunn, huet mech fir mäi Liewe beaflosst. A mengem neie Roman – WOOTLECHE KRICH –,  deen am Oktober bei den Editions Guy Binsfeld publizéiert gëtt, beschäftegen ech mech (indirekt) mam absurde Liewen, dem Sisyphus. Awer et geet och ëm d'Roll, déi d'Geschichten a mengem Liewe gespillt hunn, an haaptsächlech iwwert d'Wichtegkeet vum Geschichten-Erzielen.

Iwwert den Auteur Jhemp Hoscheit: 

Den Här Hoscheit ass 1951 gebuer a Papp vun zwee Kanner. Vun fënnefanzwanzeg Bicher déi hie bis elo publizéiert huet ware 4  dovu Romaner  wéi "Perl oder Pica", dee mat dem Servais- Präis ausgezeechent a verfilmt gouf. An dann och eng zweelef Kannerbicher ennert anerem " Wann d'Déiren Detektiv spillen","Zodi am Schatofor", "Waat wibbelt do am Schaf", "d´Monsteren am Gaart", "Den Eppes".

Carlo Schneider:

De Carlo Schneider Joergang 1956 ass zu Lëtzebuerg gebuer anwunnt haut an der Schwäiz. Als Karikaturist, Illustrator a Cartoonzeechner huet hien sech e Numm gemaach a ganz Europa. Zenter schonns bal zwanzeg Joer verëffentlecht hien am "Karikatour" seng bescht Zeechnunge vum Joer. Mee och an aner Bicher kann een dës fannen. Den Edition-salus säin eegene Verlag publizéiert Kannerbicher wéi och a Lëtzebuerger Sprooch "De Kasimir an d'Wisenten".

(Quell vu béid Biographien: Binsfeld)

Natierlech kann een en Exemplar vun dësem flotte Kannerbuch gewanne wann ee bis de 27. September 2018 bei mir op der Facebook Säit eraluusst an de Schmunzel Post mat engem Emoji kommentéiert. 

Vill Gléck. 

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende