Einfacht Lëtzebuergescht: De Kleeschen

-

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

De 6. Dezember ass et erëm souwäit. D’Kanner an der Grondschoul hunn a ganz Lëtzebuerg keng Schoul. De Kleesche kënnt. Et ass Kleeserchersdag.

D’Kanner schreiwen dem Kleesche scho Woche virdrun e Bréif mat enger Lëscht Spillsaachen, déi si sech wënschen.

Eng Woch virun Niklosdag stellen d’Kanner e Schong virun d'Dier. Fréier hu se och emol e Glas Mëllech an e Kichelche fir de Kleeschen dobäigeluecht, an e bëssen Hee fir dem Kleeschen säin Iesel. Moies ass dann d’Freed grouss, wann si Séissegkeet oder en Uebst oder Nëss am Schong fannen. Waren d’Kanner net brav, kann och mol eng Rutt vum Houseker am Schong sinn.

An der Nuecht op de 6. Dezember kënnt dann de Kleeschen an den Houseker an de Kleesche bréngt deene brave Kanner hir Kaddoen an eng Tiitche mat Schneekereien, an den Houseker deenen net sou brave Kanner eng Rutt.

D’Kanner sangen och verschidde Lidder fir de Kleeschen.

Wien ass de Kleeschen?

De Kleeschen ass de Lëtzebuerger Numm vum Hellegen Niklos (Nikolaus/Saint Nicolas/Sint Niklaas; dofir och: "Zinniklos"), deen an der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember de Kanner Kaddoe bréngt.

An der Geschicht war de Kleeschen e Bëschof zu Myra (haut an der Tierkei) am 4. Joerhonnert. Hie gëllt als Patréiner vun de Kanner, Séileit an Händler.

D’Traditioun vum Kleeschen

D'Traditioun vum Kleeschen als deen, deen de Kanner Kaddoe bréngt, gëtt et an Nordfrankräich (St. Nicolas), de Benelux-Länner (an Holland an a Flaanderen heescht e Sinterklaas) an de kathoulesche Géigende vun Däitschland, der Schwäiz an Éisträich, bis eriwwer a Polen (Święty Mikołaj). Fir d'lëtzebuergesch Kanner kënnt en "aus dem Himmel"; fir déi kleng Hollänner mat engem Schëff aus Spuenien (vu wou en och Orangë matbréngt).

De Kleesche gesäit normalerweis aus wéi en ale Mann mat engem laange wäisse Baart a Bëschofs-Gezei.

Dacks gëtt de Kleesche begleet vum Houseker, deen op Franséisch: Père Fouettard, op Hollännesch Zwarte Piet ("Schwaarze Péiter") an op Däitsch Knecht Ruprecht, Schmutzli (an der Schwäiz) oder Krampus (an Éisträich an a Bayern) genannt gëtt. D'traditionell Verdeelung vun de Rollen ass kloer: de Kleesche belount déi Kanner, déi brav waren, an den Houseker gëtt deenen, déi net brav waren, eng Rutt.

Waart Dir brav?

______________________________________________________________________________________

Vocabulary:

Et ass souwäit = the time has come

de(n) Kleeschen (m)   = Saint Nicholas

Kleeserchersdag (m)  =  the day of Saint Nicholas

virdrun  = before                 

e(n) Bréif (m)    = a letter

eng Lëscht (f)    = a list                                      

Spillsaachen (pl)   = toys

wënschen  = Verb: to wish                          

Niklosdag (m)  = same as Kleeserchersdag

e(n) Schong (m) = a shoe                                    

d’Dier (f) = a door

fréier = in the past, formerly               

Mëllech = milk  

e(n) Kichelchen = a cookie                                 

Hee (n) = hay

en Iesel (m) = a donkey                                      

d’Freed (f) = joy

eng Séissegkeet = sweets, candy            

Uebst = fruit

Nëss (pl) = nuts (eng Noss)                      

brav = well-behaved

eng Rutt (f) = switch, rod 

Houseker = Bogeyman, Saint Nicholas’ helper

eng Tiitchen (f) = small bag                               

Schneekereien (pl) = treat, sweet

Lidder (pl) = songs                                     

en Hellegen (m)  = a saint

e(n) Bëschof (m)  = a bishop                     

e(n) Joerhonnert (n) = a century

e(n) Patréiner    = a patron                                 

Séileit (pl) = sailors

en Händler (m) = a merchant, salesperson          

Flaanderen = Flanders

den Himmel (m) = the sky                                 

e(n) Schëff (n) = a ship

gesäit … aus = Verb: ausgesinn = to look like       

e(n) Baart (m) = a beard

d’Gezei (n) = clothes                                         

d’Verdeelung (f) = assignment

Rollen (pl) = roles                                      

belount = Verb: belounen = to reward

Waart Dir brav? = Did you behave well?

 

 

*Bild Homepage via Wikipedia

About the author

Tania Hoffmann
Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.