De Groe Star

vum Marc Wilwert

Vir hire 5. Gebuertsdag huet KREMART sech eppes Flottes afale gelooss. Eng nei Serie mat Bicher a klengem Format - TIMBA - an dëst mat nees ganz flotte Geschichten. Haut stellen ech iech déi éischt dovunner vir mat engem klengen Interview mat Auteur a mat dem Editeur.

"De Moien hunn ech eng Foto vu mir selwer gemaach: en Autoportrait also. Oder en Selfie wei déi aner Leit haut géife soen."

Mat dësen zwee Sätz fänkt d'Geschicht un, déi an der Ich-Form erzielt. De Protagonist ass e grousse Frënd vum Bild, a philosophéiert iwwert d'Fro wei siichtbar wei onsiichtbar ee       vir säin Ëmfeld ass. En aktuelle Sujet an enger Welt wou d'Anonymat sech esou weit gebilt huet, dat a Groussstied Leit an hirer Wunneng stierwen a kee mierkt et well keen si vermësst. Fiktiv Frënn op de Social Media Kanäl a virun allem "Mehr Schein als Sein" eng fest Platz hunn.

Ass de Mënsch nach haut am Mëttelpunkt oder huet seng Onsichtbarkeet hie selwer iwwerholl, freet een sech haut wuel méi a méi.

Wat mech ganz perséinlech faszinéiert ass, dat eng Geschicht, déi an engem klenge Format Buch op 36 Säiten erzielt gëtt, esou vill Inhalt, esou vill Déift kann hunn. Dem Auteur ass et op eng wonnerbar Aart a Weis gelonge mat wéineg Wierder ganz vill ze soen. An de Lieser, wann deen sech drop aléisst, méi wei nodenklech ze stëmmen.

 

Ech wollt méi wëssen iwwert d'Geschicht an hiren Hannergrond an hunn mech mam Auteur ausgetosch:

Wéi ass den Titel ze verstoen?

 Den Titel „ groe Star“ mécht eng Allusioun op

  1. de visuellen Defizit
  2. de Protagonist „ eng gro Maus“, een deen eben net opfält- invisible ass- „ Star“ am Sënn vun„ Held“ , Superstar.

Marc gesinn ech richteg dat an sech den Haaptprotagonist deen ass , deems du d'lescht Joer e ganzt Fotobuch gewidmet has mat dem Titel "I, Vincent.. A Star is born"? Aus wei engem Grond hues du hien als Haaptpersonnage vir des Geschicht geholl? Oder steet hie stellvertriedend vir all déi, déi an onser Gesellschaft net méi gesi gi well sieben net op de Social Media präsent sinn? Well si jo dann anescht si wei all déi aner?

Den Haaptpersonnage ass ee Symbol, eng Allegorie vir Leit déi onopfälleg duerch d’Liewe ginn: Leit déi z.B. net an de Sozialen Netzwierker aktiv sinn, Leit déi och soss kee „Bild“, kee „ Image“, keng „ Mark" vir sech wëlle propagéieren. Leider si mir awer an enger Gesellschaft wou et ëmmer méi just eben op dat „Iwwerflächecht“ ukënnt- de „Image“, oder d’“Mark“ mat där een sech verkeeft.

Du bass jo eigentlech bekannt als Fotograf, fléisst dat an denger Geschicht mat an ? Wei's du e Mënsch, eng Saach duerch d'Lëns betruechts?

D’Bild, d’Fotografie an seng Bedeitung op de Betruechter ass zentral anmengem Text, an dofir sinn och vill kleng Detailer déi Allusiounen op aner Saache maachen. ( z.B déi Seene wou de Maulëff gekäppt gëtt- dat soll eng Parallelle sinn zu deene schrecklechen terroristeschen Akte vum IS, wou mir dann och erëm mat schreckleche Biller direkt konfrontéiert ginn- Biller déi der Propaganda vum IS notze sollen).

Wat ass déi philosophesch Fro hannert denger Geschicht? De "mehr Schein als Sein"?  Déi Wichtegkeet déi sech vill Leit ginn, mee eigentlech net hunn? Oder déi kruzial Fro wéini ass ee siichtbar?

Et geet un sech em d’Muecht vum Bild, d’Muecht vum „Schein“. An duerch de „Schein“ geet et och em d’Sich no eiser eegener Identitéit an eiser Gesellschaft.

Virwaat geet de Protagonist bei d'Police ? Stellt hien säin DASEIN selwer esou weit a Fro dat hienmuss verhaft gi vir ze verstoen dat hien do ass?

De Protagonist geet ganz einfach bei d’Police zeréck, well et keen Auswee aus senger mësslecher Lag, aus dëser Gesellschaft esou gëtt. Hien ass einfach an deem ganzen Engrenage, am Riederwierk gefaangen. D’Police ass hei ee Symbol vun der Gesellschaft, dem System, an och vun der Autoritéit. Desweidere stellt hien och, wei s Du sees, säin Dasein zum Deel a Fro, mee virun allem erkennt hien dass säin Dasein an dëser Gesellschaft sënnlos ass.

…an nach ganz kuerz , ee puer zousätzlech Gedanken...

Wichteg ass mir d’Bedeitung vum Mord, mee an deem Sënn dass di Fro op eise Protagonist de Mäerder ass oder net sech op kee Fall dierf stellen!Dofir och heiwéinst keng weider Detailer! Et ass net wichteg op hien de Mäerder ass oder net- mee wichteg ass op hien an dëser Gesellschaft kéint vir de Mord responsabel gemaach ginn oder net!

 

Ween d'Bicher vu Kremart bëssi kennt, kennt natierlech och d'Serie vum Smart Kremart. Vum Christiane Kremer wollt ech wëssen wat et mat der neier Serie bei Kremart op sech huet.

Madamm Kremer firwat elo Timba ankee Smart méi a wouhier kéint deen neien Numm ?

Mir hate bei de Smart-Bicher nom Prinzip geschafft: dës Bicher a Geschichte kann een einfach iwwerall mathuelen, et soll Spaass maachen se ze liesen a jidderee kann dofir Zäit fannen. Lëtzebuergesch Bicher mussen och net deier sinn. An et ass net esou schwéier Lëtzebuergesch ze liesen. Dat schéngt richteg ukomm ze sinn. Mir hunn decidéiert nach eng zweet Serie an deem Stil ze maachen: e bëssi méi grouss, e bëssi méi déck, e bëssi méi deier … mä d'Geschicht mat den Auteuren an de Faarwen an der Lëtzebuerger Sprooch hu mer bäibehalen.

Dohier : Aus Smart gëtt elo Timba, dat kléngt wéi Timber.

An esou soll et sinn: kleng, awer zackeg, eng Grëtz nostalgesche Charme, dee Bicher an Timberen hunn. An dann awer och temperamentvoll an hëtzeg wéi de kubanesche Museksstil "Timba" oder hipp an hoppeg wéi den Timbaland-Rapper.

Wei sidd där op des Iddi komm? 

  1. Mir haten nach e puer Texter.
  2. Et schéngt eng Demande ze gi fir dee Format Bicher. Ëmmerhi goufen25.000 Smart-Bichelcher verkaaft.
  3. Et huet eis selwer vill Spaass gemaach, déi Serie ze realiséieren
  4. Mir wollten och den Auteuren aus der Smart-Serie nach emol d'Méiglechkeet ginn, wase Loscht hunn, eng Geschicht ze schreiwen.

Wouhier kommen déi nei Geschichten ?

Zwou Geschichten hate mer nach, nodeems mer d'Smart-Serie ofgeschloss haten. Si goufen op dat neit Konzept ugepasst, wat gutt geklappt huet. An et goufen och scho Kontakter mat den Auteure vun den aneren zwee Bicher. Well mer d'Serie op dem 5. Gebuertsdag vum Verlag virgestallt hunn, wollte mer och 5 Geschichte presentéieren. D'Timba-Buch 5 koum dunn als lescht nach derbäi. Et gëtt nees eng Serie! Wéi vill Bicher et um Enn sinn, verrode mer nach net.

Madamm Kremer ech soen Iech Merci vir des Detailer a mir si virwëtzeg wat nach alles an dësem flotte Format kéint.

Wann dier déi 5 flott Bicher entdecke wëllt, da kuckt emol op meng Facebook Säit eran. Do gëtt et se elo bis den 11. Oktober 2018 ze gewannen. 

Vill Gléck a léif Gréiss.

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende