De Fäert-Uasch

E Buch vum Cathy Clement

Ze léif fir dës Welt?
"Maude ka villes net méi leiden. Dat huet vläicht mam Alter ze dinn. Hatt ass 12 Joer al. Ee schwieregen Alter anscheinend."

Vir dat Maude sëch besser an der Welt erëm fënnt, huet hatt de Jempy, alias Fäert-Uasch. Well 12 Joer ass wierklech keen einfachen Alter. Mee wat ass schonns en einfachen Alter! 

Weder dem Maude seng Eltere schéngen ëmmer ze mierke wéi et déif am Maude bannendran ausgesäit, nach säin Ëmfeld. An wiem kann d'Maude sech wuel am beschten uvertrauen, wann net sengem klenge stännege Begleeder. Hien kennt am beschten dem Maude seng intiimste Gedanken, seng Wënsch a Virstellungen. An kann hatt a sengen Ängschten ënnerstëtzen, vir dës lasszeloossen an de Schratt no vir ze goen. 

Cathy Clement huet mat dësem Jugendbuch en sensibelt Thema ugeschwat. Wat awer eigentlech vir all Alter gëllt. Wéi kann een sech sengen Ängschte stellen, se iwwerwannen. Wat sinn iwwerhaapt déi alldeeglech Ängschte vu jonke Leit? D'Iddi vum Buch ass net, sech philosophesch mat der Thematik ze befaassen, mee einfach riicht eraus Alldagssituatiounen ze beliichten, déi der Protagonistin am Kapp schwirren.

De Grondstee vir d'Buch wuer e Schlësselmoment am Cathy sengem Liewen. An hei hir Geschicht wéi dëst flott Buch zustane komm ass:

"Ech war am Oktober 2017 mat mengem Mann op engem grousse Literaturfestival an Dänemark zu Aarhus. Et war ee Festival fir Kanner- a Jugendliteratur an ech duerft Lëtzebuerg vertrieden. Dat war eng ganz grouss Chance fir mech. Um Festival hunn ech ganz wonnerbar Schrëftstellerinne kennegeléiert zum Beispill d'Michaela Holziner, d'Elisabeth Steinkellner a ganz faszinéiert war ech vun der Frida Nilsson, enger Schwedin. Di huet immens Bicher fir Kanner geschriwwen, ech hunn se all verschlongen an dacks haart misse laachen.
Dat huet mech motivéiert och emol fir Kanner ze schreiwen. Ech wollt fir Kanner ab 10 Joer eppes maachen, ee Buch, an deem awer méi Text wéi Biller sinn.
Am Fliger vun Aarhus op Kopenhagen hate mir esou krass Turbulenzen an ech hu mir den "UASCH" quasi aus der Box gefaart. De Vol, deen eigentlech just 35 Minutten daueren sollt huet sech op 2 Stonnen higezu well zu Kopenhagen (wéinst engem grousse Stuerm, deen aus dem Norde koum) just eng Pist op war, dës fir Start a Landung. Mir si lauter Schläife geflunn an de Fliger huet gewackelt!
Mäi Mann, ganz cool, huet gelies, mee ech konnt dat net. Mir war et schlecht. Do sot hien, ech soll mir einfach selwer eppes ausdenken, ech hätt jo Fantasie. An sou koum et zur Grondiddi fir de Fäert-Uasch ze schreiwen. An deem Moment war ech selwer jo och een.

Knapps doheem ukomm, konnt ech net anescht wéi de Laptop ze huelen an ze schreiwen. Et war eng wonnerbar Zäit.
Schlëmm, dass een net dee ganzen Dag schreiwe konnt, mee och nach aner Verflichtungen hat. Ech sinn alt moies um 4 Auer wakereg ginn, de Kapp voller Iddien an hu mir eng Taass Kaffi gemaach, ee Kichelchen derbäi an dann zeréck an d'Bett, mam Laptop! D'Geschicht huet sech quasi vum selwen erzielt. Et sinn eigentlech kaum Elementer vu menge Kanner dra mee awer verschidden Erënnerungen u meng eege Kandheet. Ech hat zum Beispill eng Tatta Justine, déi wierklech zu Bréissel gewunnt huet a bei hier hu mir ëmmer Paus gemaach, wa mir op La Panne ënnerwee waren. Ech hat eng Frëndin, wat op engem Bauerenhaff gelieft huet an ech hunn et sou genoss fir bei hatt op Besuch ze goen. Vu mengem Jong ass een Element dran...hien hat mech eng Zäit vollgesouert fir Seechomessen ze kréien....e krut awer keng 

De Fäert-Uasch ass publizéiert vun Editions Schortgen.
Präis : 13,50 Euro
ISBN : 978-999959-36-58-7

Cathy Clement, ass den 2. August 1979 gebuer. No enger Ausbildung als Infirmière schafft sizënter 2001 an dësem Beruff. Als Mamm vun 2 Kanner sinn et virun allem Jugendromanen a lëtzebuergescher  an däitscher Sprooch, déi si publizéiert huet. Doranner beschreift sie virun allem Ängschte an den Alldag vu Kanner iwwert Jugendlech zum Erwuessenen. Hir Wierker: Aleng, Bleiwenwat mir ginn, Sinus Cosinus, Lafen bis ech net mi kann, Alles an den Zoo.

 

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende