D'Fuesent

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and also for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Fuesent oder fënneft Joreszäit heescht déi Zäit, déi virun der Faaschtenzäit gefeiert gëtt.

D'Fuesent gëtt ganz verschidde gefeiert, mat Fuesëmzich, Masken, Musek a Verkleeden.

D'Fuesent fänkt zu Lëtzebuerg op Liichtmëssdag un an se huet hiren éischten Héichpunkt op Fetten Donneschdeg oder Alweiber. Da ginn et bis Fuesméindeg Ëmzich a Baler.

Bis haut gëtt et de Brauch, datt d'Fraen op Fetten Donneschdeg d'Herrschaft an der soss haaptsächlech männlecher Gesellschaft iwwerhuelen a si notzen d'Geleeënheet, fir den anungslose Männer, dat ofzeschneide wat se als Vertrieder vum - wéi et schéngt - staarke Geschlecht mécht: hir Krawatten.

Op Fetten Donneschdeg gi gär fetteg Fueskichelcher (z. B. Berliner oder Verwuerelter) giess. Den Donneschdeg war awer och dee leschten Dag virun der Faachtenzäit, op deem geschluecht gouf an dowéinst vill a fettegt Fleesch giess konnt ginn.

Äschermëttwoch ass alles eriwwer an d'Faaschtenzäit fänkt un. An der Nuecht op Äschermëttwoch um Punkt Mëtternuecht ass d'Fuesent fäerdeg, an et gëtt op ville Plazen (z.B. zu Réimech) eng Stréipopp verbrannt. Op muenche Plaze treffe sech d'Fuesboken och op Äschermëttwoch nach eng Kéier fir zesummen Hierken z’iessen.

Firwat verkleede mir eis fir d‘Fuesent?

D'Kanner an och déi Grouss verkleede sech gär. Déi al Germanen hu sech verkleet, fir d'Wantergeeschter ze verdreiwen an d'Fréijoersgeeschter z'erwächen. Mat grujelege Masken a Gewänner sinn d'Leit mat vill Kaméidi duerch d’Stroosse gaang.

D'kathoulesch Kierch huet dësen heednesche Brauch guer net gutt fonnt, an huet probéiert d‘Fest einfach ze verbidden. Dat hunn d'Leit sech awer net gefale gelooss. D'Kierch huet sech eppes anescht iwwerluecht. Amplaz datt béis Geeschter verdriwwe ginn, gëtt den Däiwel verdriwwen.  

Och déi al Réimer hu sech gär verkleet. D'Réimer hunn d’Saturnaliefest gefeiert. Do hu sech déi Räich als Sklave verkleet a si hunn hir Sklaven zerwéiere missen.

Hautdesdaags sinn dës Urspréng net méi esou wichteg. Villméi freeë sech Grouss a Kleng fir eng kuerz Zäit dem Alldag z'entfléien an an eng aner Roll ze schlüpfen.

Vocabulary

Fuesent (f) = carnival                                        

Faaschtenzäit (f) = fasting period

Fuesëmzich (pl) = carnival parade                     

sech verkleeden = to disguise

Héichpunkt (m) = summit, highlight                   

Brauch (m) = tradition, custom

Herrschaft (f) = reign, authority                         

Gesellschaft (f) = society

Geleeënheet (f) = opportunity                           

anungslos (adj.) = naive, clueless

ofschneiden = to crop, to cut off                        

Vertrieder (m) = representative

staarke Geschlecht (n) = the stronger sex           

Krawatten (pl) = tie

Fueskichelcher (pl) = carnival doughnuts, carnival biscuits                      

geschluecht (Verb: schluechten) = slaughtered   

Äschermëttwoch = Ash Wednesday

Stréipopp (f) = straw doll                                  

Hierken (pl) = herring

Wantergeeschter (pl) = winter spirits                 

verdreiwen (verb) =to exorcise

erwächen (verb) = to wake up                           

grujeleg (adj) = scary, creepy

Gewänner (pl) = robes, garments                      

heednesche Brauch = pagan tradition

verbidden (verb) = to forbid                              

béis (adj) = bad, evil

Däiwel (m) = devil                                            

Réimer (pl) = Romans                           

Sklaven (pl) = slaves                                        

entfléien (verb) = to escape, to get away

schlüpfen (verb) = to slip

About the author

Tania Hoffmann
Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.