CODECLUB

Programméiere fir Kanner

Viru knapp méi wéi 5 Joer, am Abrëll 2013, gouf de Code Club Lëtzebuerg gegrënnt an et gouf en grandiose Succès. Deemools, wou nach alles an de Kannerschong stoung, konnt kee sech richteg virstelle wou de Code Club haut steet. Awer alles der Réi no.

Wat ass e Code Club?

Ganz einfach: E Code Club ass eng Plaz wou Fräiwëlleger Kanner hëllefe programméieren ze léieren. Méi ass et net.

Dat ass zwar relativ einfach erkläert awer oft muss e besonnesch am Ufank mat enger Réi Problemer kämpfen, a genau hei hëlleft dann de Code Club Lëtzebuerg mat vill Engagement, Rot a Dot. Duerch déi jorelaang Erfarung kënnen esou vill Hürden zesummen iwwerwonne ginn.

D'Iddi vu Code Club gouf 2012 vun zwou Fraen a Groussbritannien an d'Liewe geruff a war direkt e risege Succès. A schonns e Knapp Joer drop war den éischt Club am Grand-Duché ukomm.

Wou fannen ech CodeClub?

Et ginn der elo scho fënnef Stéck, duerch d'Land verdeelt. E puer direkt sinn an der Stad dann een zu Schëffleng an den neisten ass viru kuerzem zu Diddeleng opgaangen.

Awer jidderee kann a eegene Code Club opmaachen. Du brauchs just e puer Fräiwëlleger, eng Plaz an e puer Kanner déi programméiere wëllen a virun allem kreativ sinn. Zéck net a mëll dech beim Code Club fir datt sider bei den éischte Schrëtt hëllefen.

Fräiwëlleger?

... de Code Club baut ob d'Hëllef vu Fräiwëllegen. Ouni si geet et net! Awer dat musse keng Nerds (duerch geknallten Informatik-Freaks) sinn. Nee jidderee kann hei hëllefen. Alles wat e soss brauch kann e spilleresch a schnell léieren. An e Groussdeel vun de Cours am CodeCLub ginn et schonns. Déi musse just ausgedréckt an duerchgeschafft ginn... an natierlech kreativ ëmgebaut ginn.

Programméieren?

Programméieren ass net ëmmer ganz schwéier, dat ka jidderee. An am Code Club gëtt vill mat Scratch geschafft. Dat ass eng flott, schnell ze leiere Programméier-Sproch, déi am “Life Long Kindergarden” um MIT, extra fir Kanner entwéckelt gouf. Dat wichtegst beim programméieren ass et kreativ ze sinn. Et ass nämlech en kreative Prozess.

Scratch ass eng visuell Programméier-Sproch déi et an all méigleche Sprooche genotzt ka ginn an dobäi och absolut gratis ass. Wëll se visuell ass an d'Programmer ähnlech wéi e Baukasten zesummegesat gi kann een sech och net verschreiwen.

Awer et gëtt net nëmme “stur” ob engem Computer programméiert. Heiansdo gi spannend Experimenter mat Robotere gemaach oder et gëtt e Kand “programméiert” dat nennt sech a programméieren unplugged. An dobäi entstinn immens flott Konschtwierker.

Coder Dojo

Mee de Code Club huet och en Coder Dojo. Ma wat ass dat dann?

An engem “normale” Code Club treffen sech d'Leit, wéi an engem “normale” Club reegelméisseg, meeschtens emol d'Woch fir zesummen ze trainéieren, programméieren. Am Dojo ass dat (nach) méi labber. Do schafft e da schonns un eegene Projeten an et kennt e wéi et engem am beschte passt.

Also e bësschen d’Fortsetzung vum Code Club.

Nieft dem Code Club an de Coder Dojo fënns du de Code Club all Joer ob enger Réi vu flotten Events ronderëm programméieren erëm. Sou organiséieren siemol am Joer en Coding Goûter, wou et nieft dem programméieren a Roboter och, wéi den Numm et seet, e Maufel ze iesse gëtt.

 

Virwëtzeg ginn?

Mell dech beim Code Club a gëff en Deel dovunner.

Scho méi wéi 1000 Kanner hunn hei programméiert an iwwer 170 Fräiwëlleger hunn hinnen dobäi, an de leschte 5 Joer, ënnert d'Äerm gegraff, siënnerstëtzt.

Nach méi Informatioune fënns du um Internetsite: https://codeclub.lu

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.