D'Chrëschtzäit mat Agoraphobie

E puer Tipps

"Alles schläft, einsam wacht"...dëst gëllt am Dezember awer net  fir d'Agoraphobiker. Wann een awer schonn iwwert ee Mount am viraus weess dat een Deeg oder Stonnen aus dem Haus muss, wierke weder Entspanungstechniken nach di berühmte moof Pëlle Wonner.  Geschenker akafen, sech op en Iesse mat vill Leit virbereeden, sozialiséieren, no baussen hin normal erschéngen, onangenehm Froe beäntweren...an dann de Klassiker "du muss dach net fäerten, hei deet keen der eppes". Wéi wann ech Angscht hätt dat meng Mamm mam Fleeschmesser iwwert de mat Léift gedeckten Dësch sprengt...

 

Wann dir net wësst wat Agoraphobie ass, da liest Iech gären, ier Dir dësen Artikel weiderliest, dësen Artikel duerch. 

Et ass wichteg ze verstoen: Dir maacht mir keng Angscht, meng Angscht mëscht mer Angscht. Leider mëscht dat konstant drun erënnert ginn et net méi einfach. Wat hëlleft Angschthuesen an esou Momenter? Am Platz vu Froen oder gutt gemengte Rotschléi géing en klengt frëndlecht d'Laachen eis weisen dat eis Beméiungen um Dësch ze setzen, an net doheem bliwwen ze sinn, unerkannt ginn.  Fir e normale Mënsch ass dat et keen Thema mat ville Leit um Dësch ze setzen an en Nomëtteg oder Owend ze verbréngen, fir den Angschthues ass et allerdéngs mat engem Rennen um Ring ze vergläichen, an engem brennenden Auto, gesteiert vun engem Chauffeur ouni Führerschäin. En weidere wichtegen Tipp: Loosst eis net am Eck sëtzen, Oflenkung deet eis gutt. Är Gesellschaft an äre Small Talk ass esou wichteg wéi eis Präsenz. Wann mer eis deen Owend dann endlech an d'Bett leen ass de Stolz dee mir fille fir dass mir et gepackt hunn deen allerschéinste Kaddo. Ee Kaddo deen een net ëmtausche kann oder wëll: een Erfolleg gëtt een net mi hier.

Hei sinn nach e puer Rotschléi déi ech Iech ka mat op de Wee ginn, fir dës Zäit e bësse manner stresseg ze maachen:

  • Kaaft am viraus an, oder bestellt. Mir reegen eis zwar ëmmer op wann d'Päck ze spéit kommen, mee fir en Agoraphobiker ass d'Siicht vum Lieferjungeeng gëttlech Erscheinung. De Mann huet eis en onerwënschte Gang an de Buttek erspuert, Merci dem Liwwerservice.
  • Wann der kennt, luet Leit an Äert Doheem an. D'Aarbecht bleift engem esou zwar net erspuert, mee et muss een net eraus. Sollt et dann awer sou sinn dat een anzwousch invitéiert ass wou een net kann ofsoen: maacht Iech net dräi Stonnen am Viraus prett. Dat léisst Iech vill ze vill Zäit fir ze iwwerleeën, sech verreckt ze maachen a schlussendlech eng Ausried ze fanne fir net dohin ze mussen.
  • Huelt Iech, ier dir Iech prett maacht, ee klenge Moment fir Entspannungübungen. D'Ootmung spillt hei eng grouss Roll: lues a laang an an zemools ausootmen. Angscht an Opreegung sinn eent an dat selwecht wann et em Symptomer geet. Heiansdo hëlleft et och seng Angscht ze verkleeden: Flippt aus, mee maacht iech e Spaass draus. Mir wëssen et all, se kann eis näischt unhunn.
  • An zu gudder Läscht, gënnt Iech eppes. Vläicht e gutt Buch? Eng Belounung muss si wann een sech beméit. Eist Gehir verbënnt di Saache gär an entschiedegt eis mat manner Angscht.


 

Meng Lesetipps :

  • Dare vum Barry McDonagh fir de fortgeschrattenen Angschthues, oder deenmat Courage. Ënnerschätzt Iech net!
  • The subtle art of not giving a F*ck vum Mark Manson suergt fir e Schmunzele!
  • Et gëtt och ee Buch vun 2 Experten an Saachen Angscht. D'Agoraphobiker Marie-Claire an den Charles Pull hunn J'ai peur fir eis geschriwwen. Am Buch sinn net nëmmen Entspannungsübungen ze fannen mee och Erklärungen fir är Famill an Frënn. Wat wëll ee méi?

Dat war et vun mir fir d'Feierdeeg. Ech wënschen Iech een Erfolleg nom aneren an eng angschtfräi Zäit mat Frënn anFamill.

About the author

Marika De Priori
Marika De Priori

Marika, Mamm vun 3 pelzege Mädels, di mech op hiren 12 kuerze Been duerch déck an dënn begleeden.

Et grenzt un e Wonner dat ech net mat enger Füllfieder an engem Buch am Grapp op d’Welt komm sinn, sou grouss ass meng Leidenschaft fir d’geschriwwent Wuert. Ech stieche meng Nues gären an al Bicher an hoffen enges Daags och anform vunGeschichten eng Spuer ze hannerloossen..