Buch Review: TelMo

Auteur: Roland Meyer

Eent vun den Gewënnerbicher dëst Joer bei den Walfer Bicherdeeg ass den TelMo vum Roland Meyer (Editeur: Op der Lay). Dëst an der Kategorie Kannerbuch. 

Ech perséinlech gesinn den TelMo éischter als e Jugend- an Erwuessenenbuch well d'Geschicht huet et an sech:

Den TelMo reagéiert op seng Matmënschen mat vill Roserei. Säi familiäert Ëmfeld gëtt him weder déi Léift nach déi Struktur déi hien esou dringend bréicht. Säin Papp huet sech duerch d´Bascht gemaach, nees zréck an Portugal. An seng Mamm an hire Liewenspartner, iwwerfuerdert mat hirem eegenen Liewen, sinn keen Halt vir den TelMo.

"D´Roserei mécht mech zu engem Held. Wann ech rose sinn, dann hunn ech iwwermënschlech Kraaft, da packen ech jiddereen. D´Roserei ass meng Potion magique."

Den TelMo rutscht ëmmer méi eran an d´Spiral vun der Gewalt, gräift zu drasteschen Mëttelen an baut sech eng Welt op wou hien den Superheld ass, deen deen all déi aner packt. Hien verschléisst sech virun enger Gesellschaft, vun der hien sech am Stach gelooss fillt. An definéiert sech nach just iwwert déi Gewaltakten, déi een méi wéi eemol beim liesen déif erféieren.

Esou een Buch ze schreiwen ass nit einfach, mee awer vir ons Gesellschaft immens wichteg. Mir duerfen nit just mam Fanger weisen, mee mussen ons bewosst ginn, dat et un ons all léit eppes ze änneren vir ons an vir ons Kanner.

Ech hunn dem Roland Meyer zu dem Hannergrond vun der Geschicht vum TelMo e puer Froen gestallt:

E Kannerbuch fir erwuesse Leit. Vir ween ass d´Buch geschriwwen?

D'Buch ass fir Kanner ab dem Zikelalarm 4.1, dann natierlech och fir Jugendlech an iwwerhaapt fir all d'Leit, déi sech fir dës Thematik interesséieren. No "Den décken dommen dommen Dudu" a "Mango Panel" ass dëst elo dat drëtt Kannerbuch fir erwuessen Leit, woumat ech mat erwuessen Leit Persounen mengen, déi déi néideg Empathie an dat néidegt Feingefill hunn, fir sech kënnen a Leit wéi den TelMo eranzeversetzen, an dat huet seelen eppes mam Alter ze dinn.

Wat ass den Hannergrond? Erwuessener vir Problematik vun den Jugendlechen ze sensibiliséieren? Offen verschidden Tabuthemen wei Gewalt an der Famill, Gewalt ënnert Jugendlechen, Immigratiounsproblemer vun den Jugendlechen...uschwätzen.

Et geet mir beim Schreiwen net drëm, beléierend ze sinn, mam Fanger op eppes ze weisen ... Mir geet et virun allem em d'Personnagen. E Jong wéi den TelMo, a senger ganzer Zerassenheet, Verluerenheet a Onsécherheet ass fir mech virun allem aus literarescher an och psychologescher Siicht interessant, an da wëll ech mech mat him beschäftegen. Wéi d'Lieser dat gesinn, a wéi si sech mam TelMo ausenaner setzen wëll a kann ech net beaflossen. Bicher schreiwen fir eppes ... ass net mäin Usaz.

War et schwéier beim Schreiwen den Erwuessenen am Kapp auszeschalten an den jugendlechen Language an d´Iddien just nach ze iwwerhuelen ? Beim Liesen hunn ech eigentlech oft vergiess dat een Erwuessenen d´Buch geschriwwen huet.

Fir mech ass beim Schreiwen , als Enseignant an domat Mënsch, de Respekt virun deem aneren ganz wichteg. Wann ech eng Persoun respektéieren, da kann ech mir ganz gutt virstellen, wéi d'Liewe fir si ass, wat si aus hirem Liewe mécht a wat d'Liewen aus hir mécht. Et fonctionnéiert nëmmen, wann den Telmo och een Deel vu mir ass.

Och wäert sech all Lieser d´Fro stellen ob dem Telmo seng Geschicht der Realitéit oder Fiktioun entsprécht?

Am beschten et stellt een sech e Baukasten mat lauter verschidde Bausteng vir, déi den Alldag engem liwwert an déi een sammelt, wann een déi néideg Sensibilitéit huet. Op wéi eng Aart a Weis se zesummeschaffe a wat dorausser schlussendlech gëtt ass dann keng Fiktioun.

Wéi kinnt een den Jugendlechen am beschten hëllefen?

Aus menger Siicht geet et just iwwer d'Bezéiung. Mir kënne mat jonke Leit, oder mat Leit am Allgemengen, nëmmen eppes opbauen, wann et eis geléngt, eng positiv Relatioun mat hinnen ze hunn. Dozou muss een fäeg sinn, soss huet een an deene soziale Beruffer näischt verluer. An dann ass et egal, ob ee Léierin, Erzéier, Polizist, Pedagog, Papp oder Mamm ass... Et ass haut nu eben esou, datt et de Leit dacks schwéier gemaach gëtt, esou Relatiounen opzebauen, wëll oft d'Zäit feelt, den Takt ass an d'Luucht gaangen.

Et liest een virun allem och eraus, dat mir als Erwuessen net méi ëmmer de richtegen Wee fannen mat onsen Kanner ze schwätzen. Mir fannen net déi richteg Wierder vir si ze erreechen. Missten mir net och un onser Kommunikatioun mat onsere Kanner munches änneren?

Dat spigelt dem Telmo seng Geschicht vir mech erëm. Seng Mamm kritt jo mol nit mat, wat wierklech an sengem Kapp virgeet, mee huet och vläicht nit de Moyens deem entgéint ze wierken.

Dat gesinn ech och esou. Mee och seng Mamm kann net dofir, si ass vun der Situatioun iwwerfuerdert an huet keng Moyenen, wëll se se och ni geléiert huet. Een typescht Beispill fir Immigratioun. Elteren sinn Virbiller vir Kanner an wann hir Liewensgeschicht schonns schwiereg ass dann fannen Kanner oft nit de Wee aus dem Cercle vicieux eraus. Gottseidank gëllt dat nit vir sie all mee awer vir en groussen Undeel. Gesitt Dier dat och esou?

Kanner kënnen immens staark sinn, allerdéngs geet dës Stäerkt nëmmen bis op ee gewësse Punkt, an dann dréit se sech negativ ze entwéckelen.

E ganz staarken Message war d´Beschreiwung wéi den Telmo sech fillt ier hien seng Gewaltausbroch huet. Dëst huet op alle Fall mir gehollef besser ze verstoen, wouhier bei munch Jugendlechen déi Wut am Bauch kéint.

Och mir war dës Beschreiwung wichteg, wëll ee soss d'Tendenz huet, dëse Kanner d'ganz Schold ze ginn. D'Ausernanersetzung, och oder grad déi literaresch, bréngt vill Versteesdemech.

E groussen Merci dem Roland Meyer vir den Interview an vir d'Geschicht vum TelMo.

picture via radio 100.7

Zur Persoun vum Roland Meyer:
Gebuer 1963 zu Lëtzebuerg, bestuet, Papp vun zwee Kanner a vu Beruff Schoulmeeschter. Hie schreift a villen Domainer, ob fir Kanner oder Erwuessener. Hie leet d'Theaterschoul vum Educatiounsministère, ass aktive Museker, Kabarettist an och Regisseur bei Cabaret- an Theaterproduktionen. 2015 krut hien de Prix Servais fir säi Roman "Roughmix".

An enger Gesellschaft déi duerch Zäit an Erfolleg diktéiert ass, ass et wichteg net aus den Aen ze verléieren wat déi wierklech wichteg Sujets sinn. De Respekt een virum aner ze hunn an och d´Aen nit zou ze maachen an ze hëllefen.

Sollt iech elo dem TelMo seng Geschicht virwëtzeg gemaach hunn, mellt iech bei mir op der Facebookseit Martine´s Leseecke, mat dem Kommentar TelMo an huelt soumat Deel un der Verlousung vun engem Exemplar an dëst nach bis zum 5.12.2017.

Ech soen iech Merci an wënschen iech all eng flott Woch.

 

Iech huet dësen Artikel vum Martine gefall? Hai fannt dier direkt nach e puer weider Artikelen vun him iwert 3 verschidden Bicher: 

Prinzessin Charlotte, en Buch vum Joseph Kayser 

Pirat - oder Seeräuber sterben nie, en Buch vum Bernd Marcel Gonner

Lizard Queen, en Buch vum Tullio Forgiarini  

 

 

 

 

About the author

Martine
Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue. 

Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende