Beien an der Stad

Natur matten am Stad-Zentrum

Wat maache Beien an der Stad?

 

Do ginn et keng Beien! Dat menge vill Leit. Ma, nee! An der Stad, der Stad Lëtzebuerg, gi mir ob engem flotten Trëppeltour eppes anescht geléiert. Ob deene knapp 2,3 km gëtt e nach bis de 17. September eng Jett iwwert déi fläisseg Insekte gewuer.

 

Op insgesamt enger Dose Statioune kritt e villes am historesche Kader vun der Alstad erkläert. De kuerzen Trëppeltour gëtt dann och zu kengem Ament langweileg. Ob Schrëtt an Trëtt ass eppes ze erliewen. Esou kann een op d’Sich no de Beiekëschte goen. Och an der Stad sinn där ze fannen. Am Gronn kann een dann d’Stad vun enger wahrscheinlech nach onbekannte Säit erliewen, wou de Wee, ënnert anerem, duerch de Klouschtergaart féiert.

 

 

A wann ee klengen Däbbessen dobäi huet kann och eng Paus ob enger vun der sëllege Spillplaze laanscht de Wee gemaach ginn.

 

Déi lescht Etapp ass dann am Naturhistoresche Musée am Gronn wou een déi fläisseg Déiere genee (wuertwiertlech) ënnert d’Lupp huele kann. (Just Méindes ass de Musée zou an déi lëscht immens interessant Statioun kann dann net gemaach ginn).

 

Vill Spaass beim Erfuersche vun de Beien an hirem urbane Liewensraum.

 

Wat een soss nach iwwert den Summer zu Lëtzebuerg maachen kann:

About the author

Nico Brettner

Ech, Nico, kommen aus der Mëtt vun de 70er a liewe mat menger léiwer Fra an eisen 2 Kanner am Süden (just am Süde vu Lëtzebuerg).

Mat enger ganz grousser Portioun Optimismus (ech mengen do sinn ech als Kand an e Zauberdëppe voll Optimismus, getrollt) an ëmmer gudder Laun probéieren ech mäin Alldag als Hallefzäit Hausmann an Informatiker ze meeschteren.

Zënter ëmmer kämpfen ech mat Fieder a Bläistëft fir eng nach besser Welt a säit 2008 schreiwen an illustréieren ech Bicher an Artikelen.