Be chic, stop plastic

by Valorlux

Wousst dir dass eng Plastikstuut an enger Sekonn produzéiert ass? Dass déi Tut awer an der Moyenne just 30 Minutten gebraucht gëtt an se dono Joerhonnerte d’Ekosystemer verschmotzt?

Dogéint muss eppes gemaach ginn! Dat weess och Lëtzebuerg an den Projet de Loi vum 21sten Mäerz vun dësem Joer beseet dass de Gebrauch vun einfachen Plastikstuuten laangfristeg muss erof goen. Dofir goufen ganz kloer Objektiver an Form vun Zuelen festgehale:

Ab dem 31ten Dezember 2018 wäert et zu Lëtzebuerg dann och verbuede sinn gratis Plastikstuten ze verdeelen, fir esou de negativen Impakt vum Plastik op d'Ëmwelt ze reduzéieren.Denkt also drun dass et eng ganz Partie Alternativen ginn, wei z.B. stoffen Akaafstuuten, Netzer fir Uebst a Geméis.... Et ass eng reng Gewunnechtssaach!

Ganz an deem Sënn huet Valorlux elo eng nei Campagne lancéiert déi d’Leit dozou oprifft stoffen Akaafstuuten ze benotzen déi een einfach kann wäschen an ëmmer erëm kann benotzen. Fir de Projet ënnert d’Leit ze bréngen kann een, wann een sech aschreift, 1 vun 1000 limitéierten Ankaafstuuten mam Slogan vun der Campagne (Be chic, stop plastic) heem geschéckt kréien. Wann een dann dono eng Foto mat dëser stoffener Akaafstuut op sozial Medien setzt an domat den Message weider verbreet kann een eng Rees vun 3 Deeg fir eng Destinatioun an Europa gewannen. Dëst Gewënnspill leeft vum 20te November bis den 17ten Dezember. Hai kënnt dir iech anschreiwen fir eng vun den stoffenen Täschen ze kréien: www.bechicstopplastic.lu

Denkt em, bléift stylesch, an denkt un Zukunft vun eisem Planéit – be chic, stop plastic!

Eng Campagne vu Valorlux asbl zesumme mat der Ëmweltverwaltung an der Confédération luxembourgeoise du commerce.

www.bechicstopplastic.lu